Lëtzebuergesch léierenNimm als Wierder. Wousst Dir schonns, datt …

Lëtzebuergesch léieren / Nimm als Wierder. Wousst Dir schonns, datt …
D’Mausoleum vun Humayun zu Delhi Foto: Editpress-Archiv

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wousst Dir schonns, datt d’Wuert Silhouette e liewegt Virbild hat oder de Baxter aus der Klinik eigentlech eppes mat Amerika ze dinn huet? An dëser Serie, déi de Magazin am Tageblatt mam Dr. Sam Mersch, Sproochhistoriker am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, erausbréngt, stelle mir Iech all Woch e puer nei Wierder an hiren Hannergrond vir. Dës Woch léiere mir, wat d’Begrëffer „Mausoleum“, „Chauvinismus“, „Sadismus“, „kyrillescht Alphabet“ an „Braille“ bedeiten.

Mausoleum

… d’Wuert Mausoleum nom griichesche Satrap (e Statthalter am Perserräich) vu Karien (haut Süd-West-Tierkei) Mausolos benannt ass? No sengem Doud am véierte Joerhonnert viru Christus huet seng Fra him ee pompööst Grafmal opriichte gelooss, dat souguer ee vun de siwen antike Weltwonner ginn ass, d’Mausoleum vun Halikarnassos.

De Sproochhistoriker Dr. Sam Mersch (ZLS)
De Sproochhistoriker Dr. Sam Mersch (ZLS) Foto: ZLS

Chauvinismus

… de Begrëff Chauvinismus nom Nicolas Chauvin, engem legendären Zaldot ënnert dem Napoleon, benannt ass? Hie war d’Bild vum genügsamen Zaldot, deen alles fir seng Natioun ginn huet, a war säit dem Koméidistéck „La cocarde tricolore“ aus dem Joer 1831, an deem e portraitéiert gëtt, d’Personifikatioun vum franséischen Nationalismus an der Léift fir seng Heemecht.

Sadismus

… de Sadismus nom franséische Schrëftsteller Donatien Alphonse François, Marquis de Sade benannt ass? Hien huet vu 1740 bis 1814 gelieft an ass virun allem wéinst senge literaresche Wierker bekannt, an deenen hien d’Loscht fir grausam Akter souwuel vu physescher wéi och vu moralescher Natur an de Genoss dervu beschreift.

Kyrillescht Alphabet

… d’kyrillescht Alphabet nom Hellege Kyrill benannt ass? Hien a säi Brudder Method ware griichesch Geeschtlecher a Geléierter an hunn am 9. Joerhonnert d’slavesch Vëlker missionéiert. Wien d’kyrillescht Alphabet erfonnt huet, ass net kloer, mee et ass sécher, datt säi Virreider, d’glagolitesch Schrëft, vun de Bridder Kyrill a Method entwéckelt ginn ass.

Braille

… d’Braille, also d’Schrëft fir Leit mat Seebehënnerung, nom Fransous Louis Braille benannt ass? Hien huet dës Schrëft 1825 erfonnt, mat där ee mat enger Kombinatioun vu sechs Punkte maximal 64 verschidden Zeeche kann duerstellen. Dës Punkte gi meeschtens vun hannen an de Pabeier gedréckt, fir datt ee se mam Fanger fille kann.