Mo., 6. Juli 2020

Premium /  


  1. Lucilinburhuc /

    Deutliche Botschaft: die CSV hat keinen wirklichen Plan. Partei der Nörgler. Sollen weiter üben in der Opposition.

  2. Hinault /

    Déi Leit gleewen un e Mann mat Bart iwwert de Wolleken.
    Kee Wonner, dass se och aner Illusiounen hunn.

  3. Josée H. /

    De Plang gesait esou aus : Analyséiren, nach émol analyséieren an dann mol bëssen oofwaarden, duerno mol alles an den Tirang léen, a virun den iwernächste Walen rëm eraushuelen. Di Schwaarz MAACHEN dach naischt, si SCHWÄTZE just driwwer. Daat waar di lescht Joerzéngten ëmmer sou.

  4. roger wohlfart /

    Wann d’CSV dat alles réaliséiere muss, wat se an hierem Wahlprogramm virstellt, an dat an nëmme 5 Joer, da muss se awer nach e sëlleche Käerzen an der Kathedral ufänken. Awer de Pabeier ass bekanntlech gedëlleg an ët gëtt keng Zopp e sou waarm giess wéi se gekacht gëtt. Also ” abwarten und Tee trinken ” !

  5. jang_eli /

    Ja, mach nur einen Plan!
    Sei nur ein großes Licht!
    Und mach dann noch’nen zweiten Plan
    Gehn tun sie beide nicht.
    Bert BRECHT

  6. Camille M. /

    d’CSV huet e Plang. Echt!
    Si hu just kee Norden e wësse selwer nach net wou et higoe soll.
    Dofir hunn se an der Mobilitéit mol alles eragepucht wat engem sou an de Kapp kënnt.
    Es fährt ein Zug nach nirgendwo …

    „Insbesondere sollte jedoch das Luxemburgische im ersten Schulzyklus gefördert werden, da die Sprache eine gute Grundlage für das Deutschlernen darstelle.“ …
    OK, mir wëssen awer och dass et déi selwecht Grundlage ass déi d’Lea Linster an de Jean Asselborn hatten 🙁

  7. J.C. KEMP /

    Am flottste wier eigentlech wann d’csv eng absolut Majoritéit kréich an alles, wierklech alles vun hierem ‘Wahlprogramm’ misst realiséieren. Well se séch dann nët kann hannert engem Koalitounsvertrag an engem béise Juniorpartner ka verstoppen. Wéi esou eppes ka goën, ass de Moment an GB ze opservéiere, wou den David Cameron och héich gepokert hat mat Brexit an dun huet missten dee Referendum oofhalen. Wéi dat weidergangen ass, kann en all Dag an de Nouvelle liesen.

    An et waert schlecht fir d’Land an d’Partei ausgoën.

  8. René Charles /

    Wa mer elo och nach den Tram iwert Lonkecher- an Didenhuewener Strooss féieren, 6-sprurech Autobunnen bauen déi all an engem Fläschenhals ukommen an Riesenstauen verursaachen, dann hu mer vill geschafft !
    Wéi den Rob. Goebels déi Escher wollt 6-spurech maachen an den 70er Joren hun déi Gréng dergéngt gebirelt an him de gëllene Bagger iwerreecht.
    Eegal ob mer déi hei oder eng aner Regierungskonstellatio’un wielen, un der Verkéiersfro erstécken se all.

  9. GuyT /

    CSV wärt et net besser machen wéi ass eis Gambia-Artisten, awer och net méi schlecht!
    Gambia huet zwe Haptproblemer vun Letzebuerg guer net geléist kritt: Wunnengspraiser sind explodéiert an den (on)Mobilitéitsproblem ass nach méi schlemm. Besonnech déi Greng huet enttäuscht well ze bei kengem Emweltdossier konnten punkten: Arcelor überschreitet die Grenzwerte weiterhin, das Pestizides Metazachlor Problem im Grundwasser wird totgeschwiegen, der Tram ist teuer und löst ein Problem welches nie bestand, die Teerfabrik wurde trotzdem gebaut, der Landverbrauch geht rasend weiter(auch weil Minister Schneider ein Wachstumsfanatiker ist),direkte Demokratie ist für Grüne zwischenzeitlich polupistes Teufelszeug, …
    In der Schulpolitik wurde nur Sand gestreut: mit Ipad-Hysterie und Digital Schoolklass wird kein Problem gelöst.

    • Wucher Wunneng /

      Wunnengspräisser sinn fir vill Lëtzebuerger kee Problem weel d’Elteren oder Famill Terrains oder objets immobiliers besëtzen a veriëwen. Vill Lëtzebuerger profitéieren vun deenen Präisser. Daat ass och en Deel vum Problem logement.

      • GuyT /

        Né ganz wéineg Letzbuerger profitéiren vun dem System, an zwar nemmen déi, déi puer Immobilien hunn, also wesentlech méi wéi ze Kanner hunn.

  10. Samantha Louschetter /

    An enger grousser Dageszeitung konnt een en Zitat vum L. Zeimet liesen : „ Wer Claude Wiseler als Premier will, der muss am 14. Oktober déi CSV wählen“

    Gutt dass de Wieler dat elo weess……. Doropper wär en jo nie vum selwen komm.

  11. Millig /

    Pläng haten se d’Tirange voll.
    Just geschafft hunn se näischt, dofir sinn se jo och ewechgefuer.
    Mir wiele Gambia erëm,.

    • KTG /

      Blo-rout-gréng, rout-blo-gréng oder wat och ëmmer fir eng Reiefolleg. Den Terme “Gambia” ass ganz einfach rassistesch, well e supposéiert, datt déi aktuell Regierung “afrikanesch” wier an un Afrika alles schlecht wier. Wat natierlech grousse Kabes ass, mee awer iergendwéi an der CSV als Terminus flott fonnt gëtt.

      • Lucilinburhuc /

        Sie haben es richtig erkannt! Subversiv und rassistisch! Typesch fir déi Leit, déi direkt eppes Neies, als eppes béises wëllen condamnéieren. In Prinzip: allerunterste Schublade. Ganz ehrlich: Populisten anderswo machen nichts anderes! Wollen wir so etwas in Luxemburg???

  12. Jang /

    Waat sollen déi dooten CSV dann plangen?
    Fir d’eischt gëtt no sech selwer an hirem Entourage gekuckt.
    Besser maachen do ass och neischt dran matt deen dooten
    Kandidaten,mir hunn daat jo als Bierger alles mat gemaach.
    Do brauch keen eis ëppes nach vir zegaukelen.

  13. Béisen /

    Alls verstan, sie analyséieren, dann kucken se d’Analysen, da plangen se, dann analyséiere se hier Pläng akucken erëm déi Analysen an dann ass d’Legislaturperiod eriwwer a sie hu konkret Näischt gemach. Ee Viërdeel, dann hu se och näischt falsch gemach

  14. roger wohlfart /

    Si hunn e Plang fir Lëtzebuerg obwuel se eng gefillten Eiwegkeet d’Soen haten! Hillarité générale!!!!!!!

    • Jacques Zeyen /

      Genau.
      D’Präisser vun den Immobilien huet de Juncker schon net an de Grëff kritt.All gréisser Duerf an Europa huet en Tramnetz ,ass awer vun der CSV an hirem Réckgrat dem lëtzebuerger Geschäftsverband ëmmer bombardéiert ginn,vum knaschtegen Drénkwaasser wosst d’CSV schon virun 30 Joer etc etc. Also,net der aktueller Regierung d’Schold ginn. Dee Plang sollten se geheim halen bis no de Wahlen,dann ass d’Enttäuschung net sou grouss.

Schreiben Sie einen Kommentar zu roger wohlfart Cancel reply

Meistgelesen