This Hard Minett LandMary Queen of Arkansas

This Hard Minett Land / Mary Queen of Arkansas
 Illustration: Dan Altmann

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

„Born in the U.S.A.“ war en Hit ginn, an all d’Popper hunn och elo Springsteen gelauschtert, wat dem Joé guer net goung. Op der Danzpist, bei „Dancing in the Dark“ huet hien an engem Mier vu Benetton a Lacoste nom Meedche gesicht, dat moies nei an d’Schoul komm war. Hien hat direkt de roude Badge op senger lénker Broscht erbléckst, op deem „I’m on Fire“ stoung, awer hatt war kee Pseudofan. Hatt huet gedanzt, wéi wann et eleng op der Welt wier, an de Joé huet den Hippie an him erkannt. Beim Slow wollt hie säin Numm wëssen, mee hatt sot just: „Gëff mir einfach een!“ Fir de Joé war et kloer: Virun him stoung d’Mary, d’Queen of Arkansas.

Hie wollt dem Mary d’Paradäis um Prënzebierg weisen, eng Géigend wéi keng aner am Minett. Et ass wéi e prähistoreschen Urwald, e Feeëbësch mat Trollhiwwelen an Elfen am Gestrëpp. Fir de Joé war d’Paradäis d’Inspiratioun fir d’Mumin-Bicher aus senger Kandheet, mat den iwwerwuessene Steekéip an de Fiichten, déi vun Haarz nëmmen esou drëpsen. Op den Äscht an de verkrëppelte Stämm wuchere Flechten an alle Faarwen, ënnert all Moukepräbbeli wibbelt et, an all Lach ass vun onheemleche Wiese bewunnt, déi nach wëssen, wéi dës Landschaft virum Tagebau ausgesinn huet, ier se erëm mat Tonne Gestengs zougetippt gouf, an de Bësch sech se erëmgeholl huet. D’Mary huet där ureger Kraaft missen ausgesat ginn, fir ze kucken, ob hatt dat Richtegt wier. Et gouf nëmmen ee Ritual, fir hatt hei ze bannen, an dat war „Mary Queen of Arkansas“.

De Buedem huet gedämpt, wéi si duerch de Schnéi op de Prënzebierg geklomme sinn. Et war Wanter ginn, bis hatt hien zu Péiteng besicht huet. De Joé huet d’Gittar d’Fielsen eropgeschleeft an dem Mary iwwert déi grouss Steng gehollef. Seng Hänn ware kal a steif an de raschtbrongen Händschen ouni Fangeren, déi hatt him gestréckt hat, an e war net sécher, ob en domadder Barréë kéint gräifen. D’Keelt huet d’Säite bestëmmt verstëmmt a seng Stëmmgafel louch doheem. Hie wollt dem Mary e Sënn fir de Minett ginn an huet him vum Arkansas erzielt, dass et do och roude Buedem gëtt, awer éischter Hematit, de „Bluttsteen“. Oder dass den Arkansas, wéi Péiteng, sou zimmlech am Süde vum Land läit. „Dann ass Rëmeleng de Louisiana“, huet d’Mary gemengt. De Joé huet sech den Text ëmmer erëm opgesot, well hien d’Lidd net wollt ofliesen, obwuel et gepasst hätt, d’Partitur mat engem Donnerkäil ze beschwéieren. Hien huet ugestrengt no enger Plaz gesicht, wou si sech kéinte sëtzen an e gudde Bléck an d’Kordall, den Hierschtbierg erop bis an d’Belsch hätten. Och hat de Joé op e Sonnenënnergang gehofft, an deem dem Mary seng wëll Buuschte wéi d’rout Äerd gegloust hätten. Leider war Péiteng am fiichte Lach knapps ze erkennen.

Si hu sech an der mineralescher Nätzt ënnert d’Beem installéiert, déi an den niwwelegen Damp erofgedrëpst hunn. De Geroch vun Haarz a Pilz war esou staark wéi dem Mary säi Patchouli. De Joé hätt sech gewënscht, de Schnéi wier kal a fest, mee et louch un him, den Zauber selwer ze schafen. D’Mary huet gespaant nogekuckt, wéi hien d’Gittar gestëmmt huet an dat äisegt Gestell mat der Harmonika op säi Schal geklemmt huet. Eng ganz Stroph war bäigesat gi fir en Harmonika-Solo, deen hien extra komponéiert hat. Déi éischt Akkorde sinn duerch de Bësch erklongen:

„Mary Queen of Arkansas, it’s not too early for dreamin’  …

… and a bastard’s love can be redeeming …“

Hie war kee Baaschtert, mee et war ëmmer cool, sech als „underdog“ duerzestellen, dat koum bestëmmt gutt un.

„You’re not man enough for me to hate or woman enough for kissing …“

Dës Zeil war kryptesch, de Springsteen war nach jonk, wéi hien dat geschriwwen huet, dat misst een him verzeien. Et goung bestëmmt ëm d’Angscht bei enger jonker Léift. D’Mary war a sengen Aen eng staark Fra an de Joé e sensibele Jong.

„But I was not born to live to die, and you were not born for queenin …“

D’Mary war seng Queen, mee ze bescheiden, fir sech esou ze behuelen. Kéint hatt sech virstellen, wäit ewech vum gëllene Käfeg mat him ze liewen, eng nei Existenz unzefänken? Hien huet sech beim Solo e wéineg verschléckt, awer de magesche Fuedem ass ni gerass.

„But on your bed, Mary, I can see the shadow of a noose …“

Eng däischter Nout. Et hänkt en donkele Schiet iwwer all Léift, och emol eng Schléng. D’Mary war e mysteriéise Mënsch, mee dës Performance géif hatt ganz op seng Säit zéien.

„I got contacts deep down in Mexico …“

Bei dëser Zeil huet de Joé un dem Kerouac säin „On the Road“ missen denken, sou dass e bal d’Konzentratioun verluer huet, fir d’Lidd traureg, mee majestéitesch zu Enn ze bréngen. Hien hat wëlles, fir „Me-xi-co“ mam südleche Minett ze ersetzen, awer „Fond-de-Gras“ oder „Ha-gon-dange“ hunn net gepasst. Hien huet de leschten Akkord ausklénge gelooss an nach e puer Sekonne Stëllt ofgewaart, well d’Rou no engem Lidd vum Springsteen ass och vum Springsteen. Dunn huet hien d’Gittar agepaakt, d’Harmonika vum Spaut befreit an dem Mary seng schéin Händschen erëm ugedoen. Hien hat kaum eng Kéier derlaanscht gegraff a wollt dem Meedchen Zäit ginn, sech no dësem Beweis vu senger Léift ze sammelen. Si hu sech géigesäiteg déi rout Sträife vum Boxebuedem gewëscht an sech an der Däischtert op de Wee no ënne gemaach. D’Mary huet dem Joé ugebueden, d’Gittar e Stéck vum Wee ze droen a sot: „War dat e Libeslidd fir mech?“ „Natierlech“, sot de Joé, „huet et dir da gefall?“ No enger laanger Paus koum dem Mary seng Äntwert: „Jo, et huet mech beweegt, ausser der Harmonika. Du hues dir vill Méi ginn an ech appreciéieren dat, mee hues du den Text wierklech gutt gelies?“ De Joé huet dem Mary d’Gittar ofgeholl a krut dat komescht Gefill, dass hatt ëmmer eppes méi wéi hie wosst. Hien huet et ugekuckt an ofgewaart. „Weess de“, sot hatt, „d’Mary ass net dat, wat s du denks. Dat do ass dach kee Libeslidd fir eng Fra. D’Mary ass en Typ!“

Zur Persoun

De Jean-Marc Lantz ass 1964 an der Stad op d’Welt komm. Hien huet anglo-amerikanesch Literatur a Wales studéiert a schafft zu Esch/Uelzecht. Bal säi ganzt Liewen huet hien am Minett verbruecht, oder no genuch, fir séier do ze sinn. Den Ament wunnt hien zu Beetebuerg. Säi Roman „Magnetosaurus Nostalgodon“ ass 2019 bei capybarabooks erauskomm.

Mary Queen of Arkansas

„Mary queen of Arkansas, it’s not too early for dreamin’
The sky is grown with cloud seed sown and a bastard’s love can be redeeming
Mary, my queen, your soft hulk is reviving
No, you’re not too late to desecrate, the servants are just rising

Well I’m just a lonely acrobat, the live wire is my trade
I’ve been a shine boy for your acid brat and a wharf rat of your state
Mary, my queen, your blows for freedom are missing
You’re not man enough for me to hate or woman enough for kissing

(…)”

Bruce Springsteen

(from the album „Greetings from Asbury Park N.J.“, 1973)
© Sony Music Group/Eldridge

Die Serie: This Hard Minett Land

Von März bis Oktober 2022 laden das Tageblatt, das Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) und capybarabooks die LeserInnen jeden Freitag zu einer besonderen Entdeckungsreise durch Luxemburgs Süden ein. Rund 40 SchriftstellerInnen und HistorikerInnen lassen sich von Bruce Springsteens Songs inspirieren und schreiben Texte über das luxemburgisch-lothringische Eisenerzbecken, „de Minett“, sowie über diejenigen, die dort geboren oder dorthin eingewandert sind, dort gelebt, gearbeitet, geliebt, geträumt, gehofft, gekämpft, Erfolg hatten oder gescheitert sind. Begleitet werden die Texte in deutscher, englischer, französischer und luxemburgischer Sprache von Illustrationen des Luxemburger Künstlers Dan Altmann. Im Herbst erscheinen sämtliche Texte und Zeichnungen dann versammelt in Buchform bei capybarabooks. Bis dahin heißt es: „Son, take a good look around/this is your … Minett Land!“