Mo., 5. Juni 2023



  1. Romain K /

    Just een kleng Saach déi nodenklich mecht: Ech wuer een Samsdig metten an enger Garage fier ze kucken, do stungen dunn bei engem Desch 2 Hären beieneen an hun geschwaat an deen een Här soot zu deem aneren: Ah, kennste och den Kontrakt fier dein neien Auto ennerschreiwen. Ech warden just op den Vendeur fier d’Copie vun mengem Kontrakt ze kreien fier mein neien Auto. Den Vendeur waart just op den OK vum Kredit, mee hien soot mir schons daat géif an d’Reih goen. Ech hun den Kredit nähmlech hei an der Garage missen machen wou daat keen Problem ass well MENG BANK HUET MIR DEN KREDIT NET GIN. An den Mann huet daat ganz stolz gesoot well hien jo awer elo een neien Auto kritt. Mecht awer schon nodenklich wann den Kredit an der Garage bewellegt gett (ass jo alles aus der Belsch déi Kreditinstituter) an och wéi ons Garagen schaffen…..Verkaafen auf Teufel komm eraus…De Garage ass et och egal ops du den Kredit kanns zereckbezuelen, sie kruuten jo hier suen vum Belschen Bankinstitut….Ons Banken hei am Land kucken jo awer ops du nach eppes ziessen kanns kaafen matt all dengen Krediter. Mee hei am Luxusbuerg ass et jo mei wärt een decken Auto virun der Diir stoen ze hun an sech domadder ze bretzen, well dobannen an d´Kachdeppen geseit jo keen op do een Steck Fleesch drann leit oder Waasserzopp, mee dann laafen mir awer an Deitschland an den Aldi an Lidl ankaafen…fier do puer Cents ze spueren…an onsen decken SUV ze presenteieren….oder et gett keng Assurance oder Steieren bezuelt fier den Protzauto matt der normaler Paye ze bezuelen. An beemol jeitzen mir an verfluchen dann och ons Regierung datt mir nach net mei oder genuch GRATIS Sozialleeschtungen kreien…. Ass schons komisch………..Et ginn der natiirlech och déi sech sou eng Autoen leeschten kennen an och Folgekäschten bezuelen (Assurance, Steieren, nei Pneuen…asw….) an daat ass och gut sou….

  2. SUV-Verächter /

    (…) Wann bis jiddereen an sou engem sennlosen, dommen, ordinären, emwëltverschmotzenden, dreckegen, geféierlechen, déiren an ellenen SUV setzt, dann hunn mer et awer gepackt. Déi Autoen sinn fier näicht ze gebrauchen, weder fir duerch de Bulli nach fir op de Stroossen. (…)

    • De Mechel /

      Wow, daat ass ower mol e ganz objektiven a wëssenschaftlech ënnermauerte Kommentar 😉

      • Clemi /

        En trefft et awer zimlech gutt … letzebuerg = SUV-land … irgendwei bezeechnend oder? wei belleg ass dee bellegste SUV? wat as den duerchschnettspräis? wat ass de virdeel zu enger „normaler“ limousin oder engem kombi, wei dat freier geheecht huet? all marque huet sou eppes, d.h. dat huet entwecklung kascht an an an … mat deene suen hät evtl och keinte richtung elektro- oder waasserstoff-motor gefuerscht ginn? muss et en porsche-SUV ginn, e SUV vu maserati, jaguar, … an dat fir e stroossenetz wou op villen landstroossen SUVen net mei laanscht eneen kommen, ee souwisou nie mei wie 120 ka fueren a wou och nach parkplaazen ze kleng sinn fir dei autoen, vun deenen der vill eischter wei e „panzer“ wierken wie en „normalen“ auto???

    • De Mechel /

      En SUV ass net onbedengt méi laang a méi breet ewéi eng normal Limusin, mé méi héich. XXL Parkplatzen brauche mir souwisou well all Mëttelklassewon, séif et Limusin, Kombi oder SUV ass mëttlerweil ze grouss fir déi meeschte Parkplaatzen.

  3. Doris /

    Am beschte nach eng Taxe vun engem Euro de Kilo fir d’Joer, dann ass dee Spuk séier eriwwer.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos