Di., 19. Oktober 2021



  1. SpaceCowboy /

    Wuesstem, Wuesstem, Wuesstem, an dat an engem Secteur wou de Staat Groussactionnaire ass (Luxair, a via Luxair och Cargolux ; Luxairport) an de grénge Minister Bausch d’Soen huet !!

    • Patrick Wilhelmy /

      TRANSPORT & LOGISTIK
      Virun allem NUETS,
      Do ass nach GELD ze man… si sinn um Wee dohinn.
      All Dag „Nuit blanche“ bis 05:59 hrs
      An dann dee neien Schwëngsstall, ka nach ausgebaut ginn…
      JUMBO Parkplaatzen, LKW Parkplaatzen, BUS Quai’en etc

    • Pompier Sam /

      Majo, wouvun sollen aer Sozialleschtungen dann soss bezuelt ginn?

      • de Patrick W. /

        Et ass essou dat bei der geringster KRITIK zu de Nuetsflig z.B. , seit ëmmer argumentéiert gëtt: „Mir kennen den Flughafen jo awer net zou machen….“ Ween soll dann eis da Pensiounen bezuelen… De FINDEL war fir d‘ Eischt do etc. Dofir kann am Fong „egal waat“ gemach ginn, op et Nuets ass, op et Dagsiwer ass… Et gett direkt de Leit Angscht gemach, mat den Arbechtsplaatzen. Da fuert esou weider !!! Dir kennt NUETS och 12 Fliger kommen a starten loosen…. weinst en Arbechtsplaatzen. ( America First Politik heecht hei zu Lëtzebuerg: L’aéroport d’abord ).

        • KTG /

          Wat den „de Patrick W.“ mat sengem Message um Internet wëll soen ass e bësse schleierhaft. As hien elo dofir, dogéint… Juste pour info: de Fluchhafen (sou gëtt dat geschriwwen, jo) ass scho laang do, jo. Allerdéngs gëtt et duerchaus Leit, déi scho méi laang do si wéi de Fluchhafen a senger aktueller Form. Mir wunnen an der Approche zum Findel, schonn zënter dem Enn vum Krich. De Findel war also ganz a guer net fir d’éischt do, op d’mannst fir e puer Leit an och wann et där aus biologesche Grënn ëmmer manner gëtt… Mir hunn eis de Findel net gesicht a kee konnt deemols wësse wéi dat géif weidergoen. (Iwweregens sinn ech net géint Nuetsvolen, wa se da musse sinn, allerdéngs sinn et der duerchaus zevill)

          • de Patrick W. /

            Sinn géint NUETSFLIG ausser: et ass fir d‘ Air Rescue, eng wichteg militärescher Missioun oder e Minister deen dringend um 03:00 hrs zerëck muss kommmen. Al dei komerziell Flig, CARGO an Touristen Business, dei no 23 kommen a bis 05:59 kennen ennerwee sinn … Dat ginn der emmmer mei ! Et kann et net sinn, dat pro Mount am Summer, mer op eng Zuel vun 600 Nuetsflig ( dei jo eigentlech verbueden solle sinn), eventuel fir 2018 dann op 700 kommen ! D‘ Fro dei ech mer stellen wei dei „dérogatiounen“ fir d’urgence an der Nuecht (mat wei engem Argument ) genehmegt ginn ? Mat enger Palette Medikamenter oder 30 Schwein dei duerno nach 2 Deeg um Findel warden, fir weider verfracht ze ginn ? Kann et net esou sinn dat dei angeblech frësch dringend Liewensmettel, Medikamenter an lieweg Deieren eng Alibi Funktioun hunn, wou de Wärt ganz géreng ass awer e gutt Argument fir emmer Nuets ennerwee ze sinn ?

  2. Serenissima en Escher Jong /

    Solutioun ass net optimal mat dem Findel: ekonomesch misst hien 24 Stonnen am Dag 365 Deeg am Joer fonctionnéieren ..awer net op der aktueller Platz ..also e neien Fluchhafen bauen den och net so geféierlech no un den er Stad an den Usiidlungen leit…Platz gëtt et jo am Norden vum Land..an den aktuellen Findel zou maachen a Logementer do bauen fir Wunnengsnout ze behiewen am Land..dat hätt een scho laang maachen sollen statt eng deier nei Aerogare dohin ze bauen déi gläich sowieso ze kleng ass an eng Piste déi och misst nei gemaacht ginn, also dat ass dee eenzeg Solutioun och point de vue Logistik…soss gëtt et neicht fir dee Wirtschaftszweig do richteg ze entwéckelen……  SolutioUn ass eben net einfach:

  3. de Patrick W. /

    D’ Solutioun ass ganz einfach. Drastesch manner Nuetsflig färdeg. D‘Gesetz geif geännert ginn, ganz normal wei sou vill aner Gesetzer och. Färdeg. Duerno wär Nuets mei Rouh, muench Leit breichte net mei geriedert als Nervebündel, moies op d‘Schaff an hätte mol gutt geschlof.

Kommentieren Sie den Artikel

category = "Wirtschaft";