Sa., 3. Juni 2023



  1. Einheimeschen /

    Liberaliséirung ass sëcher am Sënn vum Client, mee leider hu mir et hei zu Lëtzebuerg fäerdeg bruët all méiglech auslänneg Geschäftsketten unzelacklen déi wahrscheinlech kee Problem matt Liberaliséirung hun well se finanziell Reserven hun. Op der Streck bleiwe kleng Geschäfter déi sech de Sonndes – an Nuëtssupplément fiir hiirt Personal net könne leeschten. Mais bon, t’Politik huet sech jo dofiir entscheed fiir di kleng Geschäfter futti ze maachen andeems se quasi all Genehmejung fiir eng „grande surface“ duerchwénkt – da musse mir eben domatt liëwen dass an Zukunft keen Einheimesche méi wäert e Geschäft hun oder nach wëllen jemools eent opmaachen.

  2. Gromper /

    schon erem huet den Herr Schneider nëmmen no sengem Ego gekuckt, huet sech net beim Volléck erkundegt, bzw. bei de Geschäftsleit wéi sie et gesinn.
    Dén Herr mëcht mech einfach nëmmen rosen, sech ëmmer nëmmen an den Vierdergrond ze stellen an net den Interesse vun dénen wou ën theoretesch ze vertrueden huet. Ë Verhaalen waat einfach nëmmen bëlleg ass an totale non-sense opféieren….einfach nëmmen traureg

  3. Gromper /

    waat hun ech a mengem Beitrag geschriwwen waat verletzlëch kéint sin?

  4. germain medlar /

    aus deem Club vun fils à papa brauche jo och duerno keen an enger Kees oder Rayon ze stoen

  5. J.C. KEMP /

    Ech fannen dat flott, op Plaazen ze si, wou eenzel Geschäfter 24/7 opsin. Dat anert weist, wéiweit de Klerus (Am 7. Tag sollst du ruhen.) nach ëmmer an de Gesetzer eremspukt. Ech ka mëch un Zäiten erënneren, do krut e mol Sonndes keng Zeitung an der Gare.

    • johnny 44 /

      Neen,dee 7venten Dag huet et geheesch:Fréimass,Houmass,Vesper an Andacht.Daat Wichteechst woar awer den Affer fiir dëm Pashtouer séng Ausgagaben oder säin Hobby .Kee wees wou daat Geld higong.Domatt huet awer déi CSV vun haut näischt méi zë dinn.Haut passt DP op,dass hiir Memberen matt egal welleche Mëttelen enorm Geld verdingen opt Käschten vun den Arbechter an Ugestallten.Daat nennt een haut modern Ausbeutung-

  6. Grober Jean-Paul /

    Huet sech hei iwerhaapt een gemeld den betraff ass, d.h. den esou schaffe muss? Ech géif gären wëssen wat déi doriwer denken! Den Här Lamberty huet bestëmmt nach nie Nuetsschicht geschafft. Hun Leit an der Famill déi dat gemach hun, ob op der Schmelz oder am Spidol, mat Begeeschterung, esou wéi ech ët mattkritt hun, war ët nët,och wann zum Schluss d’Paie bësselchen verbessert goufen.

  7. jcl /

    Wenn schon Liberalisierung der Oeffnungszeiten dann aber auch im oeffentlichen Dienst sprich Gemeinden usw

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos