ForumIntelligent wielen!

Forum / Intelligent wielen!
 Foto: Editpress/Hervé Montaigu

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Bei där jéngerer Generatioun éischter onbekannt, sinn ech bei där eelerer Generatioun weiderhi positiv als militanten Alt-Sozialist a Gewerkschaftler an Erënnerung.

War et dach net de Josy Konz, deen äerdege Buergermeeschter vu Mamer, deen den 31. Juli 1992 aus Protest géint d’Violatioun vun der Gemengenautonomie duerch eis Groussherzoglech Regierung, fir op „Haebicht“ um Holzemer Bann eng national Industriemülldeponie ze bauen, demissionéiert hat? Seng Begrënnung war, dass d’Exekutiv (Regierung) an engem demokratesche Staat ewéi Lëtzebuerg esou eng Decisioun net däerf huelen!

An eiser Verfaassung wär d’Gemengenautonomie fest verankert. Deemno misst alles, wat um Territoire vun der Gemeng Mamer ze geschéien huet, exklusiv vum Mamer Gemengerot decidéiert ginn. Deemno misst d’Regierung ouni Feel d’Gewaltentrennung respektéieren an hir Decisioun zréckzéien!

Fir meng Positioun ze stäerken, hunn och déi zwee Schëffen an déi véier Gemengeréit aus der LSAP/CSV-Koalitioun ënner Protest hir Mandater niddergeluecht.

Eis deemoleg Regierung, ënnert dem Premier Jacques Santer, hat mäi Protest richteg verstanen an huet kuerzfristeg de Legislateur, eis Chamber als souverän Volleksvertriedung, mat engem Gesetzesprojet befaasst, an deem all relevant Elementer zu dëser Industriemülldeponie „vun nationaler Wichtegkeet“ festgeschriwwe waren. Schlussendlech misst eis Chamber iwwert de Mamer Gemengerot ewech den „nationalen Intressi“ vum Projet duerch een demokratesche Vote deklaréieren!

Iwwregens gouf déi Deponie ni gebaut!

Keng Alternativ

Mat dësem Rappel wëll ech mech net bretzen, mä menge jonke Lieser virféieren, wéi wäertvoll eng funktionéierend demokratesch Gesellschaftsform fir hir Bierger a Biergerinnen ass. Stellt Iech emol vir, ech hätt dee politesche Protest an engem autokratesche Staat ewéi an der Türkei, Russland, China oder … gewot!

Virun e puer Deeg eréischt goufen zu Hongkong 14 Demokratie-Aktivisten zu héije Prisongsstrofe verurteelt, well sie mat hirer friddlecher Demo fir méi Demokratie „die Macht und Autorität der Regierung und des Chefs der Exekutive untergraben und eine Verfassungskrise ausgelöst“ hätten! Abee merci …

An esou faschistesch Staatsforme ginn an Europa ëmmer méi vun de Rietsextreemer an de Rietspopulisten als Alternativ zu eisem demokrateschem Rechtsstaat gefuerdert. Dobäi ginn déi Leit vun dausenden sougenannten „Politikverdrossenen“ ënnerstëtzt. Am Endeffekt ginn déi Leschtgenannten och nach esou Leit wielen, woubäi si eis demokratescht Walrecht schänterlechst ausnotzen.

Zur Erënnerung, datt och den Hitler, Mussolini, Erdogan a Putin an aner Diktatoren iwwert demokratesch Walen un d’Muecht koumen, well dat einfacht Vollek et verschlof hat, „den Anfängen zu wehren“!

Bei enger schwiereger Problematik gëtt et naturgeméiss keng einfach Froen a schonns guer keng einfach Äntwerten! Duerfir lauschtert deene „Rattenfänger“ net no, déi iech de Contraire wëlle gleewen dinn. Verléiert keng Stëmm un eng Partei vum rietse Bord!

Esou ewéi d‘Geschicht iwwert déi europäesch Vergaangenheet eis geléiert huet, si genau déi Parteien d’Doudegriewer vun der Demokratie. Domadden sinn sie ipso facto géint ee friddlecht Zesummeliewe vun de Mënschen a Fräiheet, Bridderlechkeet a Gläichheet: d’Idealer vun der Franséischer Revolutioun, déi och an der „Europäescher Charta fir Mënscherechter“ festgeschriwwe sinn!

Maacht Gebrauch vum Walrecht

Léif Wielerinnen a léif Wieler!

Dir sidd 18 Joer al, stitt matzen am Liewen, sidd nach Student oder sidd schonns pensionéiert an hutt déi eemoleg Chance, a voller Fräiheet äert Walrecht auszeübe, fir sechs Lëtzebuerger Deputéierten an dat Europäescht Parlament ze wielen. Sidd houfreg dorop a maacht alleguerte Gebrauch vun ärem Walrecht, ewell et geet ëm d’Zukunft vun Europa an doriwwer eraus ëm d’Zukunft vun eiser Jugend, der Ëmwelt, dem Klimaschutz, der sozialer Inklusioun, der bannester a baussenster Sécherheet a villes méi!

Dat Europäescht Parlament vertrëtt 470 Millione Männer, Fraen a Kanner, déi an der Europäescher Unioun (EU) a 27 verschiddene Länner liewen.

Dat Europäescht Parlament verfüügt um Niveau vun der EU iwwert déi legislativ Gewalt, déi vum Vollek ausgeet. Dat stëmmt och nach, wann dat Europäescht Parlament (am Géigesaz zu eiser Chamber) keen Initiativ-Recht huet a seng majoritär ugehollten Decisioune mam Europäesche Ministerrot ofstëmme muss..

Hei spillt de „Ministerrot“, deen Deel vun der Exekutiv ass, d‘Roll vun engem Senat oder engem Länderrat oder enger 2. Chamber (esou ewéi de Marc Angel eis dat esou flott virun e puer Deeg op enger Walversammlung vun de Wooltzer Sozialisten erkläert hat).

D’Initiativ-Recht fir een Europäescht Gesetz (sief et a Form vun engem Reglement, enger Direktiv oder enger Decisioun) bleift nach ëmmer  exklusiv bei der Europäescher Kommissioun, déi och d’Verantwortung iwwert d’Ausféierung vun der Europäescher Gesetzgebung dréit.

Dobäi ginn d’Prerogative vum „Pouvoir judiciaire“ (där 3. Gewalt an engem demokratesche Staatswiesen) kengeswees lädéiert. Urteeler ginn exklusiv vum Europäesche Geriichtshaff (hei zu Lëtzebuerg) an zwou Instanze gesprach!

Eng laangjäreg Fuerderung

Zur Erënnerung: An der leschter Kommissioun (déi gläich no dese Walen komplett erneiert muss ginn) huet speziell ee Kommissär dat Initiativrecht besonnesch am Sozialberäich an am Aarbechtsrecht op d’Spëtzt gedriwwen. Dat war keen aneren ewéi eise fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister, dem Sozialist Nicolas Schmit. Opgrond vu sengem erfollegräichen Asaz ass de Nicolas Schmit vun alle sozialisteschen a sozialdemokratesche Parteien a ganz Europa zu hirem Spëtzekandidat gewielt ginn! Bravo!

Déi Wieler, déi d’Lëscht 3 vun de Lëtzebuerger Sozialiste stëmmen, droen duerzou bäi, ob op en Neits ee Lëtzebuerger Spëtzepolitiker kënnt un d’Spëtz vun der Europäescher Kommissioun genannt ginn. Den Nicolas Schmitt wär de Garant, datt och dat soziaalt Europa weidergedriwwen an endlech als eent vun den Zieler vun der EU an den „Traité“ ageschriwwe géif. Dat ass eng laangjäreg Fuerderung vun de Sozialisten, Sozialdemokraten an de fréie Gewerkschaften an Europa!

Léif Wielerinnen a Wieler! Et ass also primär wichteg, geschlossen a massiv d’Lëscht 3 vun de Lëtzebuerger Sozialisten ze wielen. Am beschten schwäerzt een de Rondel iwwert der Lëscht vun de sozialistesche Kandidaten. Panaschéieren op verschiddene Lëschten ass Gëft am Proporzwalsystem, well et kee proppert Resultat erméiglecht an domadden eng kloer politesch Wëllensbildung verwässert.

An eiser krichsschwangerer an inflationären Zäite kënne mir eis an Europa kee Wischiwaschi a kee Rechtsdrall méi leeschten! E staark a gëeenten Europa misst hautzedaags bei allen Europabierger an Europabiergerinnen deen héchste Stellewäert fir eis gemeinsam Zukunft a Fridden a Fräiheet anhuelen!

Mir brauchen ee staarkt Europa mat engem groussen Häerz!

De Josy Konz ass eemolege Buergermeeschter vu Mamer, eemolege President vum FNCTTFEL-Landesverband an eemolegen „administrateur délégué“ vum Tageblatt
De Josy Konz ass eemolege Buergermeeschter vu Mamer, eemolege President vum FNCTTFEL-Landesverband an eemolegen „administrateur délégué“ vum Tageblatt Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante
fraulein smilla
8. Juni 2024 - 8.09

Emmer dei Maer dat den Hitler gewielt ginn ass . Den Hitler ass zum Reichskanzler ernannt ginn ,zu engem Moment wou hien politisch um absteigendem Ast wuer . 4 % Stemmeverloschter ennerhalb 4 Meint an eng wirtschaftlesch Erhuelung an Deitschland .Tuerkei waer nie eng Demokratie . 3 Militaerputschen virum Erdogan ,ass dat Demokratie ?