EechternoachHéichwaasser: Sauer opgestouss

Eechternoach / Héichwaasser: Sauer opgestouss
Op ville Plaze stungen déi brong Supp an de Schmorri bis un de Comptoir Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

„Heut bin ich über Rungholt gefahren, die Stadt ging unter vor sechshundert Jahren, noch schlagen da die Wellen hoch und wild“ … Dës Versen aus dem ergräifende Gedicht „Trutz, Blanke Hans“  vum Norddäitschen Detlev Freiherr von Liliencron (1844-1909), an deem hien un d‘Flutkatastroph vun 1362 erënnert, bei där eng ganz Stad am Wattemier ënnergaangen ass, si mir no der aktueller Héichwaasserkatastroph erëm spontan agefall, wéi ech Biller vum Desaster vun hei an aus dem noen Ausland op der Tële gesinn hunn, an och dat sinistréiert Eechternoach, vun uewe gefilmt, zu Gesiicht gefouert kritt hunn!

Wuel gouf meng zweet Heemechtsstad, net wéi deemols Rungholt, vun de Waassermasse verschléckt, ma dach war et wéi eng Aart Weltënnergangsstëmmung, déi sech am halwe Juli an der eelster Uertschaft vum Land deen Owend breetgemaach huet!

Net nëmmen d‘Sauer, ma och d’Kabeelerbaach a souguer d’Eenebeechelchen hunn et no all deem Reen an hire Better net méi ausgehal a sech am Nu verdräifacht.

Et war alles „schunn“ do, soten déi puer al Eechternoacher, déi et nach gëtt, ma nach ni an deem Mooss an an där „Hicht“. Ënnenaus an deem Deel an Hal, deen net fir näischt am Volleksmond, grad ewéi iwwregens de Restaurant do och, am „Pudel“ genannt gëtt, ass d’Sauerwaasser bis op bal 2 m geklommen an an Haiser agedrongen. Bei Zehrens ass et bis bei de Bakuewe virgedrong, a mat de „Kéichelcher“ an dene gudde Bottercroissanten schéngt et do elo definitiv Schluss ze sinn.

Och beim „Rosi“, wou den éischte Bierger vun Eechternoach och nawell „gäier“ agekéiert ass, stungen déi brong Supp an de Schmorri bis un de Comptoir. Am flotte Lucia senger Soutiensboutique haten déi héich Trapen d’Strapsen an d’Stringe virum Schlëmmste bewahrt, an déi gutt a Cellophan agepaakt ënnescht Béchselcher goufen emol net fiicht. Bis bei de „Philosoff“ huet d’Waasser et net gepackt, an och hien ass net … verdross.

Op der Promenad laanscht d’Sauer huet d’Stréimung gewalteg geroost a gosse Lantere mat metallenen Dreckskëschten dru wéi Stréihällem „vollgebéit“, fir dann an de Park anzedréngen, Beem do ofzeholzen an den Tenniscourt ze laminéieren.

A Sak an a Kack, e Véierel zur aler Bréck zou, dat säit „iwig“ fir Héichwaasser bekannt ass, stung alles ënner Waasser, Déifgaragë mat etlechen Autoen dra ware vollgelaf, e puer SUV elektronesch ersoff an am Policebüro, dat wuel Allerschlëmmst bei der Saach, kruten déi Hären hir Féiss e bësjen naass a kal an et huet staark no Mazout geroch …

Pudel, Kack a Bréil

Niewt dem „Pudel“, „Kack“, der Sauergaass, dem „Bréil“ an de Löschen – ganz fréier ass d’Sauer nämlech hannenerëm laanscht d’Thullerknupp gefloss – déi all hiren „Noam“ net gestuel hunn, gëtt et nach d’„Schlécksgeeschen“, rue Schlick … eng weider „gletschech“ – „vaseux“ op Franséisesch – lokal „Bezaachnung“, déi drop hiweist, datt et näischt neits gëtt ënner dem bedeckten Himmel „voan iser“, ënnen am Dall geleeëner eelster Stad!

Dëse rutschege Bulli gouf et duerno genuch iwwerall, an och ënner der Bréck, mat dem Frënd Charel Kohl senger Bertelsfigur drop. Et läit alles, bal wéi op enger Plage, voller Sand an d’Uwänner vun der erëm berouegter Sauer gläichen op Plazen deene vun der Loire … Déi däitsch Säit war natierlech och betraff, an hätten do Grenzpolizisten wéi virun engem Joer bei der Pandemie mat hire Maschinegewierer an der Hand versicht, d’Sauer op Befehl opzehalen an „Halt, stehen bleiben!“ ze ruffen, da wären se dee Moment op en Neits den Heldendoud gestuerwen. Erënnert sief och drun, datt Héichwaasser a Stréimung un der Sauer de 7. Februar 1945 den GIs beim Iwwersetzen op déi preisesch Säit deemols grouss Probleemer bereet hunn.

Ënnenof am Bréil huet de Leche Pierchen eis de Wues an déi ruinéiert Vestiairë vum FC Daring gewisen a lamentéiert, dat wier et da wuel gewiescht an d’Stad Eechternach op hirem ganze Gebitt souzesoen erledegt … Dee laangjärege benevole Bambinitrainer a fréiere Junior-Internationalen ass erëm opgelieft, wéi ech him sot, ech wier no derbäi, e Match tëschent mengen zwee ale Clibb, der Escher Jeunesse an dem Daring, an d’Wee ze leeden, woubäi déi Escher sech offréieren, de Benefice deem 1921 gegrënnten an elo an engem äusserst ongënstege Moment säin 100. Gebuertsdag feiernden Daring zoufléissen ze loossen!

Ech hunn hien des Weideren un dem Paul Spang säi Buch mat dem Titel „Das totgesagte Echternach“ erënnert, an deem den Autor an Text a Bild den desolaten Zoustand vun deem zerbombten, zu engem Drëttel an e „Kupp“ geschossent Abteistiedchen no der Rundstedtoffensiv 1944/45 dokumentéiert. Wéi mer all wëssen, huet d’Uertschaft sech erëm erkrabbelt, d’Basilika an d’Wunnhaiser nees opgebaut a fachgerecht restauréiert, an dat wäert – „toutes proportions gardées“ – och dës Kéier de Fall sin. Trotz deem ville materielle Schued, gekoppelt un existenziell an esouguer physisch Angscht a Leed, ass zum Gléck am Ongléck keen ëm d’Liewe komm, bis d’Schicksal dann dach nach zouschloe sollt a säin Tribut gefuerdert huet, wéi e puer Deeg no der „Sintflut“ en Aarbechter am selwechte „Pudel“ vun enger Stee gefall ass a leie blouf.

„En Boatzigkät“ sonnergläichen …

Oder am allerbeschte Fall, eng séier onglécklech Ausso …!

Kuerz virun der Héichwaasserkatastroph hat de Buergermeeschter Wengler an engem Interview am Kontext vun der Debatt iwwer déi vum Staat ugeduecht Konservéierung vun den archäologeschen Decouverten hannert der klenger Marquise, déi him perséinlech net an de Krom ze passe schéngt, eng – an nach ganz fein ausgedréckt – onglécklech Ausso gemaach.

Hien huet bei där Geleeënheet affirméiert, datt souwuel déi lëtzebuergesch grad ewéi och déi auslännesch Touristen jo souwéisou nëmmen op „Iechternach“ wéinst de Geschäfter a Restaurante kéimen … Implizit wollt e wuel domat ausdrécken, datt de Besucher méi un enger Stellplaz am scho geplangte Parkhaus geleeë wier wéi un deem do kierzlech ausgegruewene Gemaier aus Willibrorduszäiten … Dat Ganzt souzesoen nom Motto a fräi nom Brecht: „Erst kommt das Fressen und dann die Kultur.“

Ugeholl, et wier deelweis esou ausgeaart, da sollt ee vum Burgermeeschter vun enger bis wäit iwwert eis enk Grenzen unerkannter Kulturhéichbuerg wéi Eechternach erwaarde kënnen, datt e mat all senge „Scheefen“ a Conseilleren a Consultanten géif ufänken, sech verflicht ze fillen a sech eescht Gedanken ze machen, wéi een dat mëttelfristeg lues a lues erëm „ännere“ kéint! Oder ass dat ze vill verlaangt an illusoresch!? Den Ongeescht nom Ofrëss, an dem „nach wie vor“ bedauernswerte Verloscht vum „Löschenhaus“ an de siwenzeger Jore wärend der Ära Schaffner, huet also Fortbestand, dës Kéier awer ënnert der Regie vun enger anerer Partei – „näist bäigeléiert“ kann een do nëmme soen!

„En Gemänhät“

Dat ass riicht eraus, op Eechternoacher gesot, „en Gemänhät“ an e „Camouflet“ fir déi eelst Stad am Land mat hirem eemoleg héich wäertvollen historeschen a kulturelle Passé respektiv fir all déi lokal a „bäigeproaft“ in- an auslännesch Frënn, Fachleit, Moler, Literaten an Ästheten, denen Eechternach un d’Häerz gewuess ass an déi sech säit Jarzéngte fir d’Unerkennung, d’Restauréierung an d’Preservatioun vum lokale souwuel kierchleche wéi pofanen architektonesche Patrimonium a Wuert an Dot voll asetzen!

Datt z.B. d‘Sprangpressessioun, no laanger Prozedur an Asaz, endlech vun der Unesco zum immaterielle „Patrimoine mondial de l’humanité“ erkläert gouf, verdankt d’Stad Eechternach sëcherlech net deenen zu Recht esougenannte „Kulturbanausen“, déi leider oft „par erreur“ d’Soe kruten. Bezeechnend fir eis Konsumgesellschaft schéngt eis, datt elo quasi nëmmen – bei allem Verständnis fir deene Leit hir Suergen – vun de Schied an der Businessbranche geschwat gouf an d’Degâten un der historescher Bausubstanz net emol ernimmt gi sinn!

Ma mir ware perséinlech och besuergt, wéi hoffentlech nach eng ganz Rei aner Bierger vu wäit a breet, ëm dat historescht architektonescht „Erbe“, dat Eechternach iwwert Joerhonnerte gepräägt huet an nach haut, nieft allem merkantilen „Gebutiks“, iwwerhaapt legitiméiert an ausmécht! Op der Plaz selwer konnt ee sech e Bild maache vun deem beachtleche Schued an deem klengen Abteimusée, der Krypta, der Bibliothéik vum „Kolleesch“, am klengen „Jardin à la française“ vun der Orangerie, a ronderëm d’„Muttergotteskabeel“ no un der Lëtzebuerger Strooss, „et j’en passe“!

Kaum hat den Éischte Bierger dës penibel, voll am Zäitongeescht leiend Ausso, déi munchem dach „sauer opgestuss“ dierft sinn, vu sech ginn – si tacuisses …! – dunn huet den Himmel d’Schleisen opgegemaach a kuerz drop ass d’Wëllwasser duerch d’Gaassen am „Rusendal“ gestréimt. E groussen Deel vun deene vun him ugeschwate Lokaler hunn dichtgemaach, oder hunn dat op d’mannst versicht …

Wouhin da well mat all de „Schlappentouristen“ an de motoriséierten „Dezibelloen“ virum Denzelt, deenen, wéi ugedeit, näischt un alem Gemaier, Genre Réimervilla, Abtei, Skriptoriumreplica, Trifolion a Co. géing leien …!? Iwwregens bloufen d’Vestigen um e bësse méi héich situéierte „Moart“ verschount, an dobäi hätte bestëmmt verschidde fortschrëttsgleeweg Promoteuren a „Versigler“ léiwer gehat, d’Wasser hätt do hannert der „Marquisette“ déiselwecht an eng Aart „Îles Marquises“ verwandelt, irreparabel verwüüst an ewechgespullt, dem „park and buy“ hätt näischt méi am Wee gestan!

Jessup
11. August 2021 - 12.27

"Datt z.B. d‘Sprangpressessioun, no laanger Prozedur an Asaz, endlech vun der Unesco zum immaterielle „Patrimoine mondial de l’humanité“ erkläert gouf, verdankt d’Stad Eechternach sëcherlech net deenen zu Recht esougenannte „Kulturbanausen“, déi leider oft „par erreur“ d’Soe kruten." Da ass keng Kultur, dat ass eng Zoumuddung, 99,5% vun de Leit ginn net an d'Kierch.