Firwat muss ëmmer alles passend sinn?

Firwat muss ëmmer alles passend sinn?

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Dem Claudine Muno säin neie Roman ass eng kuerz an touchant Famillje-Saga an dräi Deeler, an deenen Theme wéi Depressioun, Sexualitéit an d’Verbleeche vun de Liewensdreem an der Lëtzebuerger Provënz behandelt ginn. Déi donkel Milieu-Analyse gëtt ëmmer nees duerch eng detailverléift Sproch an eng empathesch Figurenzeechnung transzendéiert.

Info

„Sou wéi et net war“ vum Claudine Muno, Op der Lay 2019, 198 Säiten, ISBN 978-2-87967-238-0

Den Ofschloss vun eiser Luxemburgensia-Serie maachen d’nächst Woch de Jean-Marc Lantz an de Jean Portante.

Den Titel, „Sou wéi et net war“, kléngt fir d’éischt emol wéi eng méiglech Definitioun vun der Uchronie, deem Sous-Genre vun der Science-Fiction, dee sech virstellt, wéi d’Welt wier, wann alles anescht gelaf wier – wa beispillsweis d’Nazien zu Stalingrad keng Defaite encaisséiert hätten oder d’Klone vu Mënschen am spéiden 20. Joerhonnert erfonnt gi wier.

Mat dem Genre vun der Science-Fiction huet „Sou wéi et net war” awer net ganz vill um Hutt – ofgesinn dovunner, dass d’Ausgangssituatioun vum Buch där vum David Foster Wallace sengem „Infinite Jest” änelt – ee Roman, dee selwer eng dystopesch Zukunftsvisioun, wéi een se aus Sci-Fi-Romaner kennt, zeechent.

Wéi bei „Infinite Jest“ hu mer hei dräi Bridder, deenen hiert Schicksal méi oder manner vu kauzegen Eltere beaflosst gëtt – de Papp ass e Museker, dee seele bis ni doheem ass („et gëtt Männer, vun deenen héiert ee besser, wéi hinnen tatsächlech ze begéinen“), an d’Mamm geet mat Hëllef vun als Liewensphilosophie getarnte One-Lineren („bis de bestuet gëss, ass et ewech”) duerch d’Liewen. D’Olga gehéiert zu deene Leit, déi op alles eng Äntwert wëssen, well se ëmmer ee Sproch bereet hunn, deen et hinnen erlaabt, hir Liewensastellung esou ze diebelen, dass se sech un déi momentan Situatioun upasst.
Den Eelsten, de Simon, änelt mat sengen Ängschten, senger Ongewëssheet an dem Erwaardungsdrock, deen hie mierf mécht, zimlech vill dem Foster Wallace senger Haaptfigur, dem Hal Incandenza. Als Kand „hat hien d’Gefill vun engem frësch gewäschene Lëndech widder sengem Bak oder enger Decken op engem kalen Dag ëmmer léiwer wéi dat vun enger Hand“.

Liewensmidd

De Simon ass net frou, wa säi Papp zréckkënnt, well e kuerz drop nees verschwënnt a seng Bridder, ëm déi hie sech eigentlech am meeschte bekëmmert, nach méi beschiedegt zeréckléisst. Well de Papp homophob ass, kann de Simon him – och um Stierwesbett – net uvertrauen, wat e vu senge Bridder um Ufank vum Roman matkritt: Wéi aus dem Simon senger Kummer, wou hien de manner staarke Schüler Nohëllef gëtt, Musek erkléngt, fënnt de Louis relativ séier eraus, dass tëschent dem Robert Krass – deen esou rau ass wéi säin Numm – a sengem Brudder eppes leeft.

Nieft dem Simon, deen als den Hoffnungsdréier vun der Famill gekennzeechent gëtt, an dem Louis, deem seng Liewensdreem relativ séier en Enn kréien, well en net gutt an der Schoul ass a gemengt gëtt, hie soll léiwer der Mamm op der Schaff hëllefen, gëtt et nach de Panda, deen e bëssen autistesch duerch de Roman zitt – de Panda „kennt just säin eegene Wëllen” – „a souguer vun deem huet hie wahrscheinlech keng Anung, wéi en entsteet, an och kee Bedierfnes, e besser ze verstoen.“ Et ass dann och de Panda, deen d’Handlung acceleréiert – enges Dages dreift hien et ze wäit, bei engem Spill mat Knupperte verléiert hien eng Hand an de Spillkolleg en A, wouno da relativ séier eng Assistante sociale opdaucht, déi der Meenung ass, d’Kanner bräichten ee Papp, dee fir si do wier.

Viru sech selwer fortlafen

„Sou wéi et net war” ass an dräi Partien opgedeelt. No de Lycées-Jore beschreift den zweeten Deel d’Erwuesseneliewen a fokusséiert sech op de Simon, deen no enger éischter enttäuschter Léift och seng Hoffnungen op ee Studium opgëtt, sech mat dem Nina bestuet an an engem Lycée schafft, wou hie jonke Meedercher soll erklären, wat Architektur ass.
An dësen donkele Säite beschreift d’Claudine Muno präzis, niichter a relativ hoffnungslos d’Spiral vun den Onsécherheeten, an deenen ee sech verfänkt, de Kontrast tëscht den Uspréch, déi een u säi Liewe gestallt huet, an der Wierklechkeet, an där een op eemol ee Wee ageschloen huet, deen een net gewielt huet („De Simon gesäit elo nach méi haart an eckeg aus wéi virdrun, a kee léisst hie mëll sinn“), den Androck, viru sech selwer oder deem, wat ee ginn ass, fortzelafen, an awer nëmme wéi en Jogger seng Ronnen am Krees ze dréinen („Hie fëmmt haaptsächlech, fir dem Nina kënnen ze soen, dass hien net fëmmt“).

Wat d’Buch méi déif mam David Foster Wallace sengem Wierk verbënnt, dat sinn e puer vu sengen Haaptthemen – d’Depressioun, d’Hoffnungen an d’Dreem, déi géint d’Mauer vun der (Péitenger) Mëttelméissegkeet knuppe wéi ee mat Waasser gefëllte Loftballon, deen haart zerplatzt. D’Beschreiwung vum Simon sengem Alldag am Lycée – d’Brutalitéit vun der Schwëster, déi d’Schoul leet, d’Aarbechtskollegen, déi eigentlech de Kanner Wëssen a Liewensmutt solle spenden, mä déi oft selwer net méi genuch Energie hunn, fir dat hinzekréien – ass erdréckend.

Wéi de Simon enges Dages enger Schülerin vun de Spillregele vum Liewen erzielt a sech dofir selwer net ausstoe kann, gesäit hien d’Enttäuschung am Gesiicht vum klenge Meedchen a stellt sech vir, „wéi seng Enttäuschung an zwanzeg Joer ausgesäit, wann se sech a Couchen eng iwwert déi aner geluecht huet an déck an onduerchdrénglech ass wéi Houf“. A sou Momenter geléngt der Auteurin duerch d’Präzisioun vun de Biller eng Poesie vum Verzweiweltsinn, déi d’Schéinheet vun engem alen, agefalenen Haus huet.

Provënz-Promi

Sproochlech geschéckt a maîtriséiert dréckt d’Claudine Muno mat relativ wéineg Wierder vill aus – sief et d’sozial Hierarchien, déi d’Famill Hoffmann vun Ufank un defavoriséieren, dem Simon säi groen Alldag an der Privatschoul („De Simon bleift ee Moment am Schoulhaff stoen, grouss a riicht wéi e Bam, wärend d’Schüler onsiichtbar Netzer ronderëm hie spannen“) oder och d’Loscht, déi sech entfaalt, d’Faszinatioun vun dem éischte frieme Kierper, deen ee fir sech entdeckt.

Den Titel – „Sou wéi et net war” – verweist engersäits op d’multiperspektivesch Opfächere vun der Erzielung, déi der Engt vum Péitenger Alldag villschichteg Wierklechkeetscouchen entgéintsetzt (all Bouf geheit een anere Bléck op d’Familljeliewen), mä och op d’Opgi vun de Chancen, d’Reduktioun vun de Méiglechkeeten, déi eis erwuessen Existenz ausmécht.
An der Sprooch vum Muno wibbelt déi onduge Rebellioun vum Zäitalter, wou nach alles dra war, wärend déi beschriwwe Wierklechkeet ëmmer méi engem groe Prisong änelt.
Schued just, dass de leschten Deel der Erzielung net méi vill Neies bréngt, ofgesi vun enger Radiossendung, an där de Panda säi Privatliewe benotzt, fir zu engem Provënz-Promi ze ginn (een e bësse beméiten Handlungsstrang) – dem Simon seng Depressioun a Verluerenheet ass elo einfach op de Louis iwwergaangen, esou dass een den Androck huet, eng Depressioun wier wéi ee Schnapp, deen ee lassgëtt oder dee sech iwwerdréit.
Engersäits kritt ee vermëttelt, dass een den trauregen Alldag zu Péiteng net einfach ofrëselt wéi den Hond seng Fléi, anerersäits wierkt awer dem Simon säi spéit Gléck e bësse wéi een ze liichten Deus ex machina.

Och wann de Roman net zu all Zäitpunkt gläich staark ass, ass et ee liesenwäert Buch, wat Momenter vun enger donkeler Schéinheet huet.