Eng nostalgesch Gebietsmillen: „Magnetosaurus Nostalgodon“ vum Jean-Marc Lantz

Eng nostalgesch Gebietsmillen: „Magnetosaurus Nostalgodon“ vum Jean-Marc Lantz

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

De Jean-Marc Lantz zeechent mat sengem éischte Roman de Portrait vun enger ondugener Generatioun, déi mat wëller Musek, Auslandsstudium a Rebellioun der Erdréckung vum spiissegen, stëllen Nokrichslëtzebuerg entkomme wëll. Interessant am Usaz a mat deelweis iwwerzeegende Passagen, fält de Roman leider ze verwurrelt, iwwerlueden an inkonsequent a senger Struktur a Figurenzeechnung aus. Manner wier hei méi gewiescht.

Um Ufank steet d’Begéinung tëschent engem Heeschemann op der Fouer an engem klenge Jong, dee sech net entscheede kann, well d’spiisseg Elteren en ewechzéien, dem aarme Strummert e Su ze ginn. „De Jong spiert, dass hie riskéiert, säi Liewe laang aus Angscht a guddem Wëlle falsch Decisiounen ze huelen.“

Ee Perspektivewiessel an en Zäitsprong méi spéit ass de Jong selwer zum ale Strummert verkomm, zu enger Aart „Gueule cassée“, déi op der Fouer dem Liewe vun de fréiere Bekannten nokuckt: „No an no kënnt all Mënsch laanscht, sou wéi d’Biller vum Liewen engem, deen ersäift, d’Stierwen erliichteren.“

A fir eng leschte Kéier kuerbelt hien d’Fantasie „wéi eng Dréileier un“, wéi fir ee leschten Tour op engem Spill, nodeems d’Leit schonn „hin an hier gejummt“ goufen a se scho ganz bleech sinn, daucht hien nach eemol an d’Vergangenheet, fir seng Liewensgeschicht wéi een onvollstännege, blatzege Fotosalbum duerchzebliederen.

Et ass eng vergaangen Epoch vu Rebellioun, déi de Jean-Marc Lantz a sengem „Magnetosaurus Nostalgodon“ erwäche léisst. Den éischten Ausbroch aus dem Péitenger Kaff, d’Meedercher aus dem Norden, deenen de Joé a seng Kollegen ouni Erfolleg nolafen, d’Hënn a Fierschteren, vun deene se fortlafen, den Ausfluch op d’Belsch Côte, déi éischt Sortien ouni Goss, d’Studiejoer – ee Joer um Lampertsbierg, duerno geet et a Wales – an, virun allem, eng ganz Sammlung un Enttäuschungen a gebrachen Häerzer, eng sëlleche Frëndschaften, déi zu Gronn ginn oder einfach verbleechen.

„Ondugen an näischnotzeg“

A Kapitelen, déi wéi Fragmenter tëscht den Erënnerungslächer opblëtzen, beschreift de Jean-Marc Lantz d’Loscht, wëll Rockmusek no den angelsächsege Virbiller ze spillen, an deenen een dës Enttäuschungen, d’Strapaze vum Alldag an d’Spiichten transzendéiere kann – fir dass net alles ëmsoss war. Den Drang, aus engem Doheem auszebriechen, dat nach vum leschte Krich gepräägt ass a wou eng Stëmmung tëschent Schimmt an Houfert herrscht, fort vun den Elteren ze kommen, déi „keen anere Mënsch [konnte] respektéieren, deen net selwer e Krich iwwerstanen oder véierzeg Joer e Geschäft gefouert hat.“

Géint der Enn léist sech den Erzielfuedem, deen tëschent den Erënnerungsfragmenter ëmmer nees opgeholl gouf an deen haaptsächlech aus de sëlleche Fraefigure besteet, déi dem Joé seng Existenz markéiert hunn (d’Moni, d’Beth, d’Mala an d’Jemina), bal ganz op.

No der Kandheet, der Jugend an den Unisjore schéngt d’Erwuesseneliewen dem nostalgesche Béischt, als dat de Lantz säin Alter Ego de Joé bezeechent, wéineg ofzegewannen. Géint der Enn verbréngt hie seng Deeg um Mont-Saint-Michel a kontrastéiert d’Monotonie vu senger Einsamkeet mat engem méigleche Liewen, dat hie vläicht mam Mala hätt kënne féieren, wann en net ëmmer nees där ganz lëtzebuergescher Mëschung tëschent „Angscht a guddem Wëllen“ verfall wier.

„Penis penibilis“

De Roman ass leider iwwerluede mat Referenzen a wierkt dofir mat Momenter e bësse beléierend. Zudeem sinn déi sëlleche kulturell Referenzen (ënnert anerem op d’englesch Literatur an de Lëtzebuerger Alldag) net grad subtil an d’Erzielung agebonnen, esou dass mat Momenter plakativ Bedeitung generéiert gëtt. Mat Momenter wierkt d’Buch dowéinst pedantesch, heiansdo radotéieren d’Personnagen och, besonnesch wann de Lantz sech un Joyce’sche Monologe probéiert, wärend deenen d’Personnage sech an obskure Familljerelatioune verléieren.

Stilistesch weess de Lantz oft net, wéi eng Richtung en aschloe wëll. Eng Rei Passagë beandrocken duerchaus a ginn d’nostalgesch Atmosphär vun de Figure gutt erëm – d’stéckeg Campusbibliothéik um Lampertsbierg („de grénge Filz huet engem lues a lues d’Longe mat onsiichtbarem Stëbs zougetippt“), de Péitenger Alldag („et huet gestonk (…) no geschmoltener Langweil, no verkuelter Dommheet a verglouster Wéischtheet“), d’owendlech Zuchrees an de Süden oder den depriméierende Retour no enger duerchzechter Nuecht zu Blankenberg („Op der Gare du Midi fëllt sech de Waggon an déi aner Leit iwwerhuelen d’Gespréicher, déi sech op de Rhythmus vun de Schinne leeën an hinnen d’Responsabilitéit ofhuelen“).

D’Konscht vum Dialog

Iergendwann stellt de Joé selwer fest, wéi schwéier d’Konscht vum Dialog ass – een Excusatio propter infirmitatem, deen net iwwert de mësslongenen Opbau vu meeschtens onnatierlechen, gekënschtelten Dialogen ewech tréischt, déi am Austausch mam Beth a mam Mala melodramatesch a penibel ausfalen („Ich bin die Drachenfrau. Ich verlange die Schlange“) oder ze vill vu Wuerspiller a Riedewendungen wéi „Penis penibilis“ oder „O Dio Knuppo“, déi verstëbst wierken, gepräägt sinn.

Dem Lantz säin Humor wierkt munchmol wéi ee Comptoirsnoper, deen en ale Witz déi honnertste Kéier zum Beschte gëtt an engem da mat engem Ielebou an der Säit wëll matdeelen, dass een elo awer laache misst.

Weisheeten op Franséisch an op Däitsch wierken, wéi wann den Auteur wéilt d’Lëtzebuerger Méisproochegkeet parodéieren („dir sidd jo anscheinend eisen zukünftegen Avenir am Futur“, de „Schéikesse Pier“), wouwéinst dann d’Passagen op Englesch nees e bësse pedantesch, wann och duerch de Studiegang vum Joé a sengen englesch-amerikanesche Bekanntschafte justifiéiert, wierken.

Perspektivwiesselen

Déi laang Episode iwwert dem Joé seng Bezéiung vum Mala soll enger fréierer Schülerin hirem Creative-Writing-Exercice déngen, wouwéinst de Joé just Fakten opziele soll – d’Studentin soll duerno Literatur draus schafen. Den englesche Passage hätt kéinten zum emotionale Kär vum Buch ginn – géif de Joé net géint d’Uweisunge goen a seng Passagë mat paternalistesche Kommentaren („don’t turn it into a scence from a bad movie“) begleeden oder deelweis dem Pathos verfalen.

Genee sou onentscheet wierken zum Deel déi verschidde Perspektivwiesselen: D’Iddi, ee multiperspektivesch opgefächerte Collage vun enger Epoch erëmzeginn, ass zwar vum Usaz hir intressant, well awer de gréissten Deel vum Roman aus der Vue vum Joé erzielt gëtt a mir eréicht géint der Enn een Abléck an d’Banneliewe vun Niewefigure wéi dem Trinny, dem Muck oder souguer der seniler Tattanna kréien, wierkt den erzielereschen Opbau net ganz konsequent an onbehollef.

Esou bleift den Interessi fir d’Niewefiguren och eng spéit Trace vu Maturitéit vun enger Figur, déi als nostalgesche Béischt esouguer an der Selbstkritik ze selbstbezu bleift. An dobäi bleiwen net just di aner Figuren, mä och de Lieser, oft op der Streck.