Ob den Eechternoacher Häng, an der Krunn, op Troo, do wu de Koop mat séiner Frau, der Resistenzlerin Madeleine Weis gewoant hoat, an richt eriwer op Thoull, bei Petit’s Jang hënken déi al Beem och dess Jaour iwer séine Schoof, voll mat schinnen Äppel voan allen alen Sorten, déi nemmen drop wuarden dat een se plecken oder op manst mat er Tasch rafen a glanne kennt. Dat mest séin Äppelbeem, ma och en etlich Nelchesbieren a klee rud Holzäppel langst Strooss, déi dem Quidegelee wann een se zesoame koacht, ericht déi schin orang Farw verléien. Quetschbeem fellen Reihen an dene ale Uebstbeemwisen – dat klengt dach net grad esu barbarisch germanisch wéi deene Gréinen hir sugenannte „Sreuobstwiesen“ … déi et allemol ze rette gelt.
Quidden séin eléi am nohen Osten e mi raren Artikel, obschuns séi, anschéinend voan do sollen kommen …Quiddegebeess koachen ass en Konst déi mir no e paar opwendige Versoucher mat em ischter mëttelméissige Resultat doropshin géier de Spezialist(innen) iwerloossen … Uebst brennen an en goud Drëpp draus machen, konnten och e paar Lett zu Eechternoach ganz goud, esu z.B. de Welschbillig’s Ferd, de Weiwertz an de Binsfeld alias „Stéierchen“. Den Daring’s Ferd hoat dann Sonndes séin Drëppercher an der Buvette am Bréil während der Halefzeit ogebueden während deen iwertalentéierten „Golo“ zu deem Moment an de Kabinen noach nëmmen Tea gedronk, an duerno mëst noach en „Doublé“ drop gesat hoat … Nësserten hoa mer dofir e poar mi, och wa mer beileiwen net mat de Véiner Geken op dem Gebit mathalen kënnen. Iwrigens hoa mer et zu Eechternoach voan der lokaler Topographie her et grisstendeels vill méi oft mat Uebstberger wéi mat herkömlech flachen Uebstwisen ze din, déi een ischter a beid Richtungen langst Sauer virfënd. An der Krunn wu de Georges Calteux, de freieren Direkter vu „sites et monuments“, owen aus woant gett et esugar en „rue des vergers“ mat ewer eklig eeckig-drootigen Gabillonen zur Séit déi dem Georges zu recht guar net wëllen gefalen.
Dobéi fällt is spontan deen herrlichen Bongert am Ausgang voa Steenhem op, genee do wu Velospist iwer Strooss op Ruspert féiert, deen am Fréijahr wann en voll an der Bléih steet, oan en typisch Landschaftsbild aus der Normandie erënnert.
A Richtung Déikrich, bis op … Eppelduerf erop „la bien nommée“, fënd een deer al gewoosener Biobongerten op beid Séit voan der Strooss noach mi.Esu z.b. zu Déiljen oam Camping, wu iwrigens deen dréifachen belschen Weltmeester am Cyclo-Cross an néierdëngs och Top- Stroossefuerer, Wout(er) van Aert noach bis viru kuerzem all Jaouer séin Vakanz verbroacht an ronderëm am idyllische Moellerdall trainéiert hoat. Op hien dann och en Memberskart am Wies‘n Emil séinem „Birliclub“ geholl huet, wëssen mer allerdëngs net. Deen ilustren Velosschlappentourist ass do ganz sëcher dréiduebel mol mi sier de „Beforter“eropgedosch wéi de Wilhelm’s Fränk wann en nees Tour de France spillt an de Victor Hugo verséicht anzefënken, oder och isereen wéi mir noach ee ganz kleenen Coureur waren …
Quetschen och a moien Misch …
Hir Zeit ass eriwer, ma noach ëmmer léien se zu honnerten, ausgebreed wéi e quetscheblo-gréinen Teppich, ënnert hire gakische Beem. Meenst daou et hätt ewell een se opgehuewen …?, „Quetschen och“, do hätt en séich io misse bëcken, an dann deen Dreek, „hakerdjibl“!, do micht een oach noach séin Schoun an den intérieur voan seinem protzig neien SUV knostig derbéi. Ganz ähnlich verhält et sich mat den Äppel, och do lafen Lët léiwer an dee stacheligen Supermarché a gréifen no dene gedriwenen a gewachsten Friechten am Regal. Do hoan éich dach, wat méich persinlich oabelangt, dach vill léiwer en zweebeenig „pink lady“, wéi esu rosig-genormten Moudeäppel ënner Cellophan am Cajot voan der Stang. Do haten mir is natirlich, a munchmol e besjen konterbossig, méi kromm wéi ronn gewossen Äppel, aus isem Bereg an der Krunn, dach vill léiwer. Schod nëmmen datt mein Elteren e besjen mi spitt dem Geessefritz séinem Jong, dem Zeendokter Heelminger desen Uebsthang fir drei deer ale Milliounen, verkaaft hoan! Séi hoan dofär zwar en Stang Geld kréit,-méi wie en Apel an e Stëck Brud … – ma éich fir méin Deel hoan méich vill méi arm geféilt, well ech hat dunn voan hëtt op muer keen Äppel faer den Duscht an iwerhapt keen Freed mi. Is Äppel waren wéi Mënschen och, all ënnerschidlich gewooss, déi een perfekt ronn a glatt, mat schine rude Bäkelcher – mest déi voa ganz owen an der Spëtz, oan déi ee net goud dro koom ass – an aner méi ënnen am Baam, vill manner „schinn“, onregelmässig bis krabatzelig, mat Schinheetsflëcken a Pautschen munchmol, a net wedder voan der Sonn verwinnt, ma dofir net manner gesond a sëftig.
Dat war Biouebst „avant la lettre“ an en geliche Freed fir et ze plëcken. Dat hate mer bei der Boma Anna geléiert, déi is virdroan gewisen hat wéi een déi mëll Gehaansäppel am August voan de Spaléierbeem am Gaouerd erofdriet an net einfach éier se zeddig séin, nach halef gréin, brutal erofrapt!
„Mangez des pommes“, eest Äppel soot de Chirac, dee fransischen Präsident gebierteg aus der Corrèze.
An der Äppellies …
Eich séin do owen mat em Kuerw an déi knorrig Beem geklootert, an hoan deen mat em Kroop oan en Ast gehang an dann konnt et losgoen. Mat deenen dëcken Ramboen, och noach Usteräppel genannt, wëll se sëch, an em verwöllewte Keller goud gelagert, bis dohën haalen, war de Striekuerw all Kier schnell voll. Ausgehiligt an am Schëffchen gebroden, an duerno mat Calvados flambéiert schmachen se, nirwe béi bemierkt, am kalen Wanter besonnisch goud, hiren Doft fëllt ganz Haus an ass e Gedicht! Ise Pap stong wider em anere Baam op enger hëlzener Laderchen, déi en sech zu Schieren beim Schréiner Nickels bestallt hat an hoat „Goldparmaïnen“ geplëckt. No er knaper Stonn waren zwu grouss Wëschmandele voll déi éich dann op den Weenchen geloden an virsichtig den ischte Krunnerwée erof an is Haus getéisselt hoan. Duerno koumen déi wertvoll Groäppel un Reih mat deenen Mamm herrlichToarten am Owen voan der „Küppersbusch“ Koachmaschinn gebaak hoat. Ouni Leeder hoa mer mat der „Plëck“ no de Booskopen an de Reinetten geangelt, ma dat war net esu einfach an hoat e schun e besjen missen geschëcklich séin soss gung dat dernieft … Dat ass e richtege Sport, a wann een oagefangen hoat méid ze géin voam reechen, Arem schwier gi séin, an Konzentratiunn nogelost hoat dann war et eriwer.
Fir ischt hoan een déi goldig Äppel an der Spëtzt voan ennen aus oagelacht, an dann wann een se net ze paken kréit hoat, hat een den Androck, se géifen een vun owen erof auslachen an de Geek mat eem machen … Äppel séin dann net am Säckelchen geland ma langst de Bam erofgefall, an dann haten och déi härdst mat de mëlle Baken mëst en Baus a sein doheem no an no gefault. Ganz schlëmm a verdresslich war et wann Plëck sech owen tëscht den Ast verfang hoat, an en dann ze fest un der langer Bunnestang gezogen hoat fär se erëm loszekréien. Plëck hoat sich voan der Stang geliest an ass, wann e Pech hat, ganz owenaus hänke bliwen an da war Bëtschel fett! „Oh Gott a méin Héier, is‘t Këtt an is‘t Cléier“. Ma dat hoat derzu gehiert a mir hoan ganz schin Momenter eléi owen an der Krunn verbroacht. Wa mir su am Bongert beschäftigt waren hoa mer Samnsdesmëttes alles ronderëm, an esu guren déi lëtzt Datz aus dem Escher LGE, an der Mathé vergiess … Nëmmen de Gloockeklang voan der Basilika ennen aus, deen zu is erop geklongen ass, hoat is dann voan Zeit zur Zeit drun erënnert wéi spit et eigentlich schu war …
De Maart
Ahhhh. Mol en Artikel deen näischt mat Doud,Pandemie,Skandal,Ënnergang,Dommheet,Discofeier,etc ze doun hott. Eich meenen et gëtt nach Eepel(net Äppel) da se mier lang nëtt mi do.