Mo., 5. Juni 2023



  1. Paul Moutschen /

    Guden Moien,

    een aalt Sprechwuert seet: „Trau kengem Bauer deen sech net beklot.“

    Mee awer ass et emmer rem erstaunlech dass een an der EU un deem riesen Agrarsubventiounspaak festhällt. All Bierger aus der EU subventioneiert d’Landwirtschaft mat em dei 130€/Ha, an der Moyenne beleeft sech esou eng Subventioun op 300€/Ha.

    Et gëtt wuel net allzevill Branchen an deenen dat och den Fall ass wou et offensichtlech all Joer een Problem gëtt. Et mist een mol an Fro stellen ob een hei zu Lëtzebuerg wirklech eng national subventioneiert an zousätzlich EU subventioneiert Landwirtschaft oprecht erhaalen sollt. Irgendswei leit do eng Kromm an der Heck. Sie sinn nie zefridden an bekloen sech.
    Sie sinn awer och dei deiertstem Produzentern weit an breed.

    Sie fueren all Fendt , Massey Fergusson an John Deere. Dei decksten vun den Decksten. Sie kaafen se an sie verkaafen se well et jo Subsiden op neier gëtt.

    Sie kreien 50% Subventioun fir een Aussiedlerhaff. Dat heescht sie kreien 50% subventioneiert fir wei d’Prënzen an der Natur ze setzen woubei dei aner an engem Beierstack sollen glecklech ginn.

    Sie losen sech ant Gemengen wielen an kucken dass sie schnellst meiglech vum Landwirt – oder Agronom – zum Baustellebauer muteieren.

    An dann setzen sie weit Prënzen am Aussiedlerhaff an lachen sech freckt iwert dei Idioten dei dat ermeiglechen.

    An elo kommt net mam Argument vun der Systemrelevanz, vun deer nationaler Autonomie an der Versuergung. Dat ass alles Quatsch. Och ander Pandemie sinn d’Camions gefuer, d’Hinger hunn Eer geluet an d’Kei hunn Mellech ginn an guffen och geschluecht. Och ass den Wees an den Mais onofhängeg dervun gewues.

    Mam Mais ass et just esou dass deen hei produzeiert gëtt fir ant Biogasanlagen geheit ze ginn. Net fir ze iesen. Deen wier och gutt an Afrika wou Hongernouten sinn. Mee nee, domadder ass keen Geld verdingt also kipen mir deen ant Biogasanlag, fir ze faulen.

    Nee nee, et soll keen mir eppes soen. An den elitären Klub vun den Baueren – well Bauer gëtt een net Bauer muss een sinn, dat ass d’selwescht wei beim Lëtzbuerger Geldadel aus der Staat – könnt een haut net mei. Du kriss keng Wissen ze kaafen, keen Haff mei an och wärt een den Diplom net hunn well ant Ackerbauschoul ze goen fir Bauer ze leieren ass een liewenslänglechen Selbstgoal. Et sief den den Papa ass och Bauer.

    Mee och dann leiert een Wirtschaft an Management well et muss een jo speider all dei Wunnengen gereieren dei een mam Promoteur gebaut huet an wou alles just nach ant Locatioun geet an net mei ander Verkaaf. Oder et muss een denHaff mangen. Well och do gëllt. Nemmend ei decksten iwerliewen. Mier liewen an engem bloen Land, d’Maartwirtschaft frest dei kleng an nemmen dei grous kommen weider. Et ass wei bei den Baustellen.

    Also frustreiert net well d’Baueren meckeren. Et geet hinnen gutt!

    Ech wenschen iech een schéinen Dag.

    Mat leiwen Gréiss

    Paul Moutschen

  2. Rivaner /

    @ Paul Moutschen
    Do wär baal alles gesoot,
    mais ëlo kommen och nach d‘ Wënzer mat hiere Problemer,
    all Joër déi selwécht Leiercassette, ëtt kann een daat ganzt
    Gesoerts schon baal nëtt méi héieren.Ett muss jo nëtt all Joër
    eng nei Limousine oder een Appartement dobei eraus sprangen,
    jiddfer engem ass alles gegönnt,mais deen Normalverdinger
    muss och kucken iwert d’Ronnen ze kommen ouni Subventioun.

  3. Elbling /

    @ Rivaner, dat as alles schlemm genug, awer et get schlemmer Gesouers, elo kent d´Madame Turnes an de Här Dieschburg geschwen aus der Vakanz. Dann get et all Dag sennlos Leierkasten Pressekonferenzen esou das ech keng News mei kuken kann an domat d´Meteo verpassen😂

  4. Rivaner /

    @Elbling
    Daat ass den Herr Turmes deen mam Schwänzchen am Hoër,
    an Madame Dieschbourg vun der grénger Millen,
    si musse jo ëppes maachen fir hiert déckt Gehalt, hir gréng
    Show ofzéihen,daat ass och just alles,den Rescht ass dreimol neischt.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos