ZäitgeschichtE Schaffdag vum Luigi Soragna an der Minn Kazebierg zu Esch

Zäitgeschicht / E Schaffdag vum Luigi Soragna an der Minn Kazebierg zu Esch
Net de Luigi, mee e Mineur an enger Förderstreck Privatkollektioun Henri Clemens

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

De Luigi, de 27. August 1876 zu Monterosso an Italien gebuer, ass am Joer 1898 op Esch komm, fir als Mineur bei de Bridder Charel & Jules Collart an der Minn um Kazebierg ze schaffen. Hie wunnt mat senger Famill zu Esch an der Burestrooss op Nummer 17.

Dënschdemoien, 6. Dezember 1904, um 4 Auer

De Luigi steet op, fir op seng Schaff ze goen. Hie geet erof an d’Kichen an deet säi Schaffgezai un, wat nieft der Kichen an enger Zort Spënnchen hänkt. E Rescht Hëtzt ass nach an der Kachmaschinn, um Enn vun der Plack steet de Kaffisbiz mat nach engem Schotz Kaffi vu gëschter Owend. Hien hëlt eng Bol aus dem Schaf a schëtt sech de Kaffi eraus. Dobai dréint hie sech eng Zigarett. Duerno schmiert hie sech eng Schmalzschmier, geheit zwee Stécker Holz an d’Kachmaschinn a fëllt de Waasserbiz, fir de Kaffi ze maachen, deen hie mat zwou Schmalzkuuschte schaffen hëlt. Éier hie säi Kuuschtesak op de Bockel hëlt, dréint hie sech nach eng Zigarett, geheit eng Brikett an d’Kachmaschinn a geet aus dem Haus. Éier hien d’Hausdier hannert sech zouzitt, hëlt hie seng Karbidslut vum Krop hannert der Dier a mécht sech op de Wee an d’Hiel.

No enger gudder hallwer Stonn kënnt de Luigi um Kazebierg un, wou schonn eng Rei Kolleege vun him sech afonnt hunn. Säin éischte Wee ass an d’Schmëtt, wou hien e puer Buerstaangen ewechhëlt, déi de Schmatt an d’Rei gesat huet (eng frësch geschäerfte Buerstaang erlaabt him, beim Buere vun de Schéisslächer méi séier virunzekommen). Ausserdeem brauch de Luigi och nach ee klenge Peckel an ee Briecheisen. Eng See an eng Aaxt sinn ënnen am Schantjen an der groer Couche.

Um 6 Auer erof

Um Wee fir an d’Minn
Um Wee fir an d’Minn Privatkollektioun Henri Clemens

Duerno geet hien an de Karbidsraum, fir seng Lut mat frëschem Karbid ze fëllen. Waasser fir d’Lut brauch hie net direkt. An der Minn ass es genuch, hien huet also Zäit, seng Lut eréischt an der Galerie mat Waasser ze fëllen.

Nodeem de Luigi sech fäerdeggemeet huet fir d’Galerie, geet hie bei den Trapeschacht vun der Minn bei seng Kolleegen. Dëse Schacht ass den Zougang zu allen ënneschte Couchen, déi um Kazebierg ofgebaut ginn: di gro, brong a schwoarz Couche Minett. De Luigi hänkt säi Schtong mat perséinlecher Nummer op de Panneau säitlech vum Trapeschacht, op deem scho Schtonge vun den anere Kolleegen hänken.

Punkt 6 Auer ginn de Luigi a seng Kolleegen trapof an hir Schantercher. Si alleguer wëssen, datt si elo zwielef Stonnen an der Galerie gefaange sinn, datt et den Owend, wann se erëm erauskommen, schonn nees däischter ass, si quasi keen Dagesliicht gesinn.

De Luigi a seng zwee Schlepper, de Mario an den Emilio Volpolino, verloossen de Schacht no 9,70 Meter Déift, fir an hire Schantjen, deen an der groer Couche ass, ze goen. Um Wee fir an de Schantje mussen si oppassen, datt si mat de laange Buerstaangen, déi si bei sech droen, net un di elektresch Oberleitung kommen, si wëssen, datt e Stroumschlag duerch Beréieren déidlech ka sinn.

Am Schantjen ukomm, maachen de Luigi a seng zwee Schlepper sech direkt un d’Oarbecht. Fir eppes ze gesinn, hänken si hir Karbidsluten an hire Kuuschtesak un de Parement. Et geet drëm, fir de Minett, deen den Dag virdru lassgesprengt gouf, a Buggien ze fëllen. De Mario an den Emilio zéien een eidle Buggi vun der Haaptstreck an de Schantjen a fänken u mat lueden. Iwwerdeems geheit de Luigi mat senger Barre à mine dat Gestengs, wat labber do hänkt, op de Buedem. Duerno hëlt hie säin Tourniki a fiert weider mam Buere vun neie Schéisslächer, fir di nächst Sprengung ze preparéieren.

9 Auer: Eng kleng Paus

Géint 9 Auer ass et Zäit, eng kleng Paus ze maachen an ee Maufel z’iessen. Éier déi dräi Biergleit duerno erëm ufänke mat Schaffen, klappen si mat hirer Barre à mine den Daach of, fir ze kucken, ob de Bierg an der Tëschenzäit net geschafft huet an sech eventuell doduerch Gestengs gelackert huet. Si geheien di labber Steng mat der Barre à mine oder mam Peckel erof. Et ass besser, d’Steng landen um Buedem wéi de Biergleit um Kapp.

Um 12 Auer kommen d’Mineure virun d’Galerie, fir Mëttespaus ze maachen. D’Frae vun de Mineuren oder hir Kanner hunn hinnen an enger Gamell d’Mëttesiesse bruet. Wärend der knapper Stonn Mëttespaus gesinn d’Biergleit e bëssen Dagesliicht.

Zeréck um Schantjen, klappen de Luigi a seng zwee Schlepper den Daach nees of, fir festzestellen, ob keng Huelraim am Daach entstane sinn. Wann de Klang vum Steen hell ass, ass den Daach fest, wann de Klang däischter ass, dann ass een Huelraum do. Dat ass op zwou Plazen de Fall. Si mussen also Stempele setzen, fir sécher weiderschaffen ze kënnen. De Luigi a seng Kolleegen huelen zwee Stempele vum Holzwon, deen ausserhalb vum Schantje steet. Am Schantje ginn di zwee Stempelen op d’Mooss geseet. Op de Kapp vun de Stempele gëtt ee Stéck Holz vun engem gudden hallwe Meter Längt geneelt. Duerno ginn d’Stempelen héichgestallt a mat zwee Holzkäiler um Buedem géint den Daach gedréckt a verpsaant.

D’Schicht geet op en Enn

De ganze Mëtten iwwer lueden d’Mineure weider Buggien. Géint 5 Auer huet de Luigi dat lescht vu véier Sprenglächer gebuert a fänkt un, di eenzel Schéisslächer ze besetzen. De Mario an den Emilio hu scho véier Zündschnéier op déi richteg Längt ofgeschnidden an hu mat der Kapselzaang d’Sprengkapselen un déi eenzel Wicken ubruet. Duerno ginn d’Sprengkapselen an d’Luxitstaangen agefouert, si gi mam Bourroir an d’Sprenglach agefouert a mat e bëssche Buedem verstoppt. De Luigi a seng Kolleege stieche mat hire Karbidsluten déi véier Wicken a Brand a verloossen de Schantjen. Si woarde mindestens 15 Minutten hannerwands, bis d’Schëss lassginn.

E geluedene Buggi
E geluedene Buggi Privatkollektioun Henri Clemens

Nodeems d’Schëss lassgaange sinn, ginn déi dräi nach eng Kéier kuerz an de Schantjen zeréck. Wéinst der Dampentwécklung bleiwen se net laang, huele just di stompeg Buerstaangen, déi musse gefléckt ginn, mat fort. Duerno geet et Richtung Trapeschacht, d’Schicht geet op en Enn.

Virum Schacht woart schonn de Steiger op d’Mineuren. Hien huet am Laf vun der Schicht d’Schtonge vum Panneau niewend dem Trapeschacht erofgeholl a fänkt un, déi eenzel Nummeren opzeruffen. Op säin Opruff hin hunn d’Mineure sech all gemellt an hire Schtong bei him ewechgeholl. Duerch den Appell konnt séchergestallt ginn, datt kee vun de Mineuren an der Galerie bliwwen ass. Am Fall, wou een sech net op dem Steiger säin Appell gemellt hätt, wier hien ënnen am Schantje bliwwen, vläit verschott … An deem Fall sinn d’Mineure nees erof an d’Minn gaangen, fir nom vemësste Kolleeg ze sichen.

Et ass jiddwereen erëm gesond eropkomm. D’Mineure wollte sech uewerflächlech Hänn a Gesit virum Heemgoe wäschen, mee d’Waasser, wat an der Bunn an engem Kessel op si gewoart huet, woar gefruer …
De Luigi a seng Kolleege maache sech op de Wee heem bei d’Famill. Moar ass een aneren Dag …

(D’Nimm vun den dräi Mineure si fräi erfonnt. Änlechkeete mat nach liewende Persoune wieren also rengen Zoufall. Dem Luigi säi Gebuertsuert an Italien a säin Haus an der Burestrooss sinn och fräi erfonnt.)

„Entente Mine Cockerill“: Geburtstagsfeier heute

Henri Clemens, der diesen Text über einen zwar fiktiven, aber durchaus repräsentativen Arbeitstag eines Grubenarbeiters verfasst hat, ist Präsident der „Entente Mine Cockerill“. Diese wurde 1991 als „Initiativ fir d’Erhalen vun de Cockerillsgebaier zu Esch/Uelzecht am Ellergronn“ gegründet, als man von den Plänen der Regierung erfuhr, aus dem Ellegronn ein Naturreservat zu machen. 1995 benannte sich die Vereinigung in „Entente Mine Cockerill“ um. Heute hat sie noch rund 400 Mitglieder. Nachdem die Feier zum 30. Geburtstag 2021 der Pandemie zum Opfer gefallen war, wird sie am heutigen Freitag ab 18.00 Uhr im Ellergronn nachgeholt. Dabei wird auch eine neue Gedenktafel eingeweiht. (P.M.) 

charlesplier1960
24. September 2022 - 9.21

Leila Genau esou ass et. Mais sie kommen erem op de Buedem zereck. Do heescht et net mei:ech hu kee Bock op dee Sche.. ss.

Leila
23. September 2022 - 16.41

Das wär was für die heutige Weichei-Generation - 12 Stunden Schwerstarbeit täglich absolvieren! Heute laufen sie als Muskelpakete durch die Gegend, dabei ist es "nëmme waarme Jelly"... Trotzdem ist es gut, dass diese Zeiten vorbei sind, zumindest hier.