EschE perséinlechen Noruff: RIP Jengi a merci fir alles, Här Turmes!

Esch / E perséinlechen Noruff: RIP Jengi a merci fir alles, Här Turmes!
De Jean Turmes huet de Schüler Lektioune fir d’Liewe mat op de Wee ginn a woar hinne géigeniwwer ëmmer mënschlech a gerecht Foto: LGE-Archiv

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

De 26. November ass am Escher Altersheem – „meng lescht Statioun“, wéi hie sot – eise fréiere Latäinproff, de Jean Turmes aus dem LGE, am stolzen Alter vu 97 Joer gestuerwen. Hie wuar „à la fois“ ee gudde Proff an ee gudde Mënsch, zu dem mär Septimaner an de fréiere 60er-Joeren opgekuckt hunn a vun deem mer, anescht wéi enger ganzer Reih vu peinleche Pauker géigeniwwer, ee grousse Respekt, mee awer keng Angscht haten an och net bréichten ze hunn!

Hien huet Schüler anescht behandelt wéi z.B. de „Max“, deen eis drangsaléiert a geschloen an eis dodurch déi englesch Sprooch fir ëmmer verleed huet, oder wéi z.B. den „Hasch“ am Rechnen, deen eis aner als Stater Fuzzi vun uewen erof behandelt huet, respektiv de „Lunti“, deen eis all mat Fuesbegleedung vum Preau an d‘Paus gedämpt huet. Dat ass gaangen, bis eng Kéier engem Quintaner séin Alen de Lunti dowéinst zur Ried gestallt a mat dem Schlawittche geholl huet, grad esou wéi et mäi Papp mat dem „schiifen Otto“ ee Joer drop sollt machen.

Fir eis wuar hien den Här Turmes an eréischt vill méi spéit hunn och mär eis getraut, hie virsichteg mat Jengi unzerieden, esou hat hien eis markéiert an eis als Pädagog impressionnéiert.

„Pupis, sitis, tussis, turris, febris, vis und auch securis“ mat deene Wierder hu mer hien des Öfteren an Esch, wou hien an der Bolivarstrooss gewunnt huet, begréisst, wa mer eis iwwert de Wee geloaf sinn, an him gesot, dat wär mat dat Eenzegt, ausser nach vläit „classis romana“, die flotte Römerin, wat ech no Jorzengten aus sengem Cours behalen hätt …

Hien huet gelaacht a mech gefrotx, wat et da mat deene Wierder op sech hätt. Dann sot ech him, ech kéint mech nach vaguement drun erënneren, datt déi am Genitiv an der Mehrzahl mat „ium“ respektiv am Ablativ mat „ibis“ wéi den Hotel eben endege géifen … Domat wuar ech dann och mat mengem Latäin um Enn, zemools mer no him de „Bull“ kritt hunn, mee dat wor „shit“, well deen huet näischt méi un eis bruecht. Ma ech hunn iewer ni vergiess, him ze soen ,wéi positiv hien deemools op eis all gewierkt huet a wat hien, wäit iwwert das „kleine Latinum“ eraus, bei mir selwer a menge Schoulkamerode vun deemols – inklusiv dem Nothar’s Rosch sengem spéideren Eedem iwregens – bewierkt a mat op de Liewenswee ginn huet, nom Motto „not scholae, sed vitae discimus“!

De Jean Turmes am Joer 2007
De Jean Turmes am Joer 2007 Foto: LGE-Archiv

De Jengi léisst eis zesumme mam Fernand Karier dem kierzlech verstuerwene Fernand Rasquin alias „Quitsch“, dem Lecuit, dem Meisch, dem Roger Engel, dem Leo, dem Foni Tissen, dem „Globi“, dem „Hënnes“, dem Toussaint, dem Deckesch Robi getréischt an, „last but not least“, dem spéideren Escher LSAP-Kommunalpolitiker Ben Hermes, all déi aner pädagogesch „Nullekakerten“ – fräi no engem Stater Affekot – zum Deel vergiessen, déi eis deemools op all méiglech Aart a Wéis verschreckt an traumatiséiert hunn a sech och nach sécher gutt dobäi virkomm sinn. De Jean Turmes wuar ausser dem Escher Jongelycée an dem Volleyballspille bis an den héichen Alter mat den ale Kollegen, kulturell vill ënnerwee an nach haut kann een hien op der Tëlee an der „Hei Elei, Kuck Elei“-Vintage-Emissioun ganz oft sonndesmëttes iwwer Theater, Bicher a Film „rétroactivement“ ganz prononcéiert schwetzen héieren a gesinn … Hien huet vill Wäert op Dictioun geluecht an déi vum „Hochi“ offe kritiséiert …

Iwwert de Krich huet den Zwangsrekrutéierten Turmes nëmme mat mär geschwuat, well ech bei Kneppesch Aimé – nach een ale Sportsproff – am Komitee vun der „Amicale Albert Ungeheuer“ wuar.

„Also dat wuar deemols esou, Guy, weess de, ech wollt net, datt meng Famill ging drënner leide missen an emgesiedelt géif, oder schlëmmer nach, well ech mech geweigert hätt, déi grässlech preisesch Uniform unzedoen – ech weess nach, wéi ech mat engem ganz schwéieren Häerz no engem Fronturlaub vun eis aus der Avenue erof op d’Escher Guar geschratt sinn, fir erëm zerëck an de Krich, obwuel se mer doheem ugebueden haten, mer eng Stopp ze sichen. E bësse méi spéid ass et mär dann awer gelongen, ze desertéieren, an dat zesumme mat engem jonken däitschen Zaldot, deem ech gesoot hunn: Elo oder ni wär et un der Zäit, fir eis aus dem Stëbs ze maachen. Dat wuar kee schlechte Jong, dee bei mär wuar, ma hie wollt awer och kee schlechte Preis sinn an huet dofir e bësse gezéckt … Dunn hun ech Drock op hie gemaach an em esuguer mat der Flënt gedréit an dat huet gedéngt. Mär sin dunn allen zwee verduft, éier d‘Lompen ugefaangen hunn ze sténken a konnten iwwerliewen …!“ Wéi de Jengi mer dat virun e puer Joer um „Thomaseck“ erzielt hat, sinn him d’Tréine komm an ech hunn net weider nogehakt an insistéiert …

Den Turmes Jengi ass am Krich als jonke Mënsch duerch d’Hell gaangen a sécher huet dat vill dozou bäigedroen, dat hien, 15 Joer méi spéit, mënschlech a gerecht mat eis Bouwen ëmgaangen ass. Hien huet eis ni eng Strof oder eng Retenue wéi déi aner bréichten ze ginn, fir sech Respekt ze verschafen an eis ze beandrocken. Hien huet eis implizit esou Lektioune fir d’Liewe mat op de Wee ginn, déi wäit iwwert den eigentlechen Inhalt vu senger dozéierter Matière erausgaange sinn. De Jean Turmes huet eis gewisen, wéi een et richteg mecht, hien wuar e Liicht an der Däischtert an dofir si mer him och haut nach zu Dank verflicht.

titi
16. Dezember 2020 - 13.19

E fréiere Schüler/ Student, dee sengem ale Prof aus dem Lycée, sou e schéinen Noruff schreiwt, ass rar. Ët éiert souwuel de Schüler wéi och de Professer. Den Här Turmes, och bekannt duerch seng kulturell Beiträg op RTL, war eng Perséinlechkeet: e gudde Mënsch an e virbildleche Pädagog. Och déi ginn haut ëmmer méi selten. D'Wëssen eleng geet nët duer, ët muss een ët och kënne vermëttelen an d'Elève begeeschteren. Schoulhalen ass nët eleng e Beruff ët ass och a virun allem eng Vokatioun. Chapeau fir dëse touchante Noruff!