Educatioun„E bessert Mateneen zu Lëtzebuerg“: D’Offer vu Lëtzebuergeschcoursë soll ausgebaut ginn

Educatioun / „E bessert Mateneen zu Lëtzebuerg“: D’Offer vu Lëtzebuergeschcoursë soll ausgebaut ginn
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet wärend der Pressekonferenz och d’Integratiounsleeschtung vum Sproocheninstitut ervirgehuewen, dat fir „e bessert Mateneen zu Lëtzebuerg“ suergt Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Ëmmer méi Leit wëlle Lëtzebuergesch léieren. Fir der Demande entgéint ze kommen, huet den Educatiounsministère an Zesummenaarbecht mat dem INL an dem SFA eng Rei vu Mesurë getraff, déi den Donneschdeg bei enger Pressekonferenz virgestallt goufen.

Den Interêt un der Lëtzebuerger Sprooch wiisst konstant. Sou huet sech bannent zéng Joer d’Zuel vun den Aschreiwungen an d’Lëtzebuergeschcoursen, déi vum „Institut national des langues“ (INL) ugebuede ginn, méi wéi verduebelt: Hunn am Schouljoer 2011/2012 insgesamt 2.614 Mënschen un de Coursen deelgeholl, sinn et der momentan 5.681. Doriwwer eraus géif et an der Grenzregioun wéi och weltwäit eng Demande fir Ugebueder vu Lëtzebuergeschcoursë ginn, sot den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) wärend enger Pressekonferenz den Donneschdeg. Allgemeng wéilten ëmmer méi Lei, déi op Lëtzebuerg kéimen, och Lëtzebuergesch léieren. Dësen Trend géing sech duerch déi aktuell Flüchtlingskris an der Ukrain an Zukunft wuel nach verstäerken.

D’Regierung huet a Kooperatioun mam INL an och mam „Service de la formation des adultes“ (SFA) op  d’Entwécklunge vun de leschte Jore reagéiert an den Donneschdeg den Ensembel vu Mesurë virgestallt, duerch déi den Enseignement vum Lëtzebuergesche soll gefërdert ginn. Déi legal Basis vum INL, deen zënter senger Grënnung eng „Virreiderroll“ an dësem Beräich iwwerholl huet, soll iwwerschafft ginn, fir datt seng Aufgabe kloer definéiert a gesetzlech verankert ginn. D’Ännerunge betreffen d’Beräicher vum Ausschaffe vun didakteschem Léiermaterial an dem sougenannten „Test LaF“, mat deem Apprenanten hire sproochlechen Niveau zertifiéiert kréien, wéi och d’Formatioun vun de Lëtzebuergeschenseignanten. Sou soll den „Zertifikat fir Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ (ZLSK) reforméiert an en neien Zertifikat „Certificat pour l’Enseignement à visée professionnelle“ geschaf ginn. Fir d’Maisy Gorza, Directrice vum INL, wieren déi nei Missioune vum Institut Erausfuerderungen, mee „och Chancë fir eis weiderzëentwéckelen“. Den entspriechende Gesetzesprojet soll am Laf vun den nächste Woche vum Regierungsrot gepréift ginn.

Weltwäiten Zougrëff op Gratis-Coursen

Momentan bitt den INL Lëtzebuergeschcoursen op dräi Plazen un, nämlech an der Stad um Glacis, zu Esch um Belval an zu Miersch. Mat der geplangter Annexe zu Ettelbréck soll dann och an Zukunft eng entspriechend Offer am Norde vum Land geschaf ginn. Och erweidert den INL seng Online-Offer. Mat der Weiderentwécklung vun dem ZLSK, deen 120 Stonnen dauert, goufe scho Blended-Learning-Coursen agefouert an de Sproochentest gouf digitaliséiert. D’Léierbicher „Schwätzt Dir Lëtzebuergesch“ sollen doriwwer eraus duerch neit didaktescht Online-Material fir den Niveau B2 vervollstännegt ginn. En neien Astufungstest am Lëtzebuergesche fir déi nächst Rentrée wäert dann och weltwäit accessibel sinn an eng nei Léierplattform „Lëtzebuergesch léieren online“ lancéiert ginn.

Um Ufank solle bei dëser Plattform d’Niveauen A1 an A2 op autonom Aart a Weis kënne geléiert ginn, déi aner Niveaue sollen nokommen. De Site wäert op Däitsch, Franséisch, Englesch, Portugisesch a Lëtzebuergesch disponibel sinn. Grammatik wéi och kulturell Sujete sollen thematiséiert ginn, ausserdeem soll e soziale Reseau geschaf ginn, iwwer dee sech Apprenanten austausche kënnen. Fir Mënschen a ville Länner a Kontinenter ze erreechen, soll an Zukunft och d’Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Ambassadë verstäerkt ginn, fir Lëtzebuergeschcoursen am Ausland unzebidden. Wéi den Educatiounsminister ënnerstrach huet, hätt schonn d’Ambassade an den USA Interessi doru gewisen, och wier schonn en Intensivcours vun enger Woch zu Paräis an der Ambassade ofgehale ginn.

Zuel vun den Enseignantë bal verduebelt

D’Leit aus der Groussregioun, déi zu Lëtzebuerg schaffen oder heihi schaffe komme wëllen, sollen d’Méiglechkeet kréien, Lëtzebuergeschcoursen ze beleeën, déi hinnen d’Schaffen am Spidolssecteur, am Commerce an an anere Beräicher erliichtert. Dofir huet den Educatiounsministère eng Konventioun ënnerschriwwen, duerch déi d’Studente vu Beruffsschoule vun der Académie Nancy-Metz un enger Aféierung an d’Lëtzebuerger Sprooch deelhuele kënnen. Iwwer en Ofkommes tëschent dem SFA an de Bundeslänner Saarland a Rheinland-Pfalz kënne lokal Héichschoule Lëtzebuergeschcoursen ubidden – d’Käschte gi vum SFA iwwerholl.

Dass nach weider Lëtzebuergeschenseignantë gesicht ginn, betount d’Maisy Gorza. An deene leschte fënnef Joer waren iwwer 68.000 Aschreiwungen a Lëtzebuergeschcoursë vum INL, d’Unzuel vun den Enseignanten am INL wier an de leschte siwe Joer vun 33 op 60 Persoune geklommen. An deem Sënn wieren Interessente wëllkomm.

Filet de Boeuf
15. April 2022 - 12.53

Fir e bessert Mateneen wär et bestemmt gudd, wann mol eppes am Portemonnaie ukent.