Satire / Die Rede, die Bettel eigentlich halten wollte, wurde dem Tageblatt zugespielt

Premierminister Xavier Bettel lächelt gezwungen – wie man nun mal lächelt, wenn jemand einem zehn Minuten vor dem öffentlichen Auftritt ein neues Redemanuskript zuschiebt (Foto: SIP / Sophie Margue)
Die diesjährige Zeremonie zum Nationalfeiertag fiel völlig aus dem üblichen Rahmen – aber nicht nur die Zeremonie. Auch die Rede, die Premierminister Xavier Bettel dieses Jahr eigentlich halten wollte, hätte die luxemburgische Schönwettertradition auf den Kopf gestellt. Offensichtlich schritt der Pressedienst aber rechtzeitig ein, um ein Debakel zu verhindern. Das Manuskript wurde dem Tageblatt exklusiv zugespielt – und wir wollen es unseren Lesern nicht vorenthalten. Eine Rede, wie sie hätte sein können.
Altesse Royale,
Här Chamberspresident,
Exzellenzen,
Dir Dammen an Dir Hären,
léif Matbierger,
Et ass haut en aussergewéinlechen Dag an enger ganz aussergewéinlecher Zäit.
Groussherzogs-Gebuertsdag. Dat ass net just wéinst der Covid-Kris en aussergewéinlechen Dag, mee och well et un e klengt Wonner grenzt, dass mir nom Rapport vum Här Waringo iwwerhaapt nach e Groussherzog hunn. Wann dee Virus net komm wär, hätt d’Press nämlech den Interessi net verluer a weider um groussherzogleche Stull geseet. Esou hat den Etat de crise alt och seng gutt Säiten.
Mir erliewen en Ament an der Geschicht zu Lëtzebuerg, wéi et en esou nach net gouf. Déi lescht dräi Méint ware fir vill Leit hei am Land an op der Welt laang an ustrengend. Ech muss awer éierlech soen, ech hu se och e bëssche genoss.
Engersäits konnt ech endlech mol duerch eis schéi Stad spadséieren, ouni all Bomi missten eng Bees op de Bak ze ginn. Déi waren nämlech alleguerten doheem agespaart. Anerersäits konnt ech och mol eng Kéier regéieren, ouni mer déi ganzen Zäit dat Gespruddels um Krautmaart missten unzehéieren – unité nationale oblige. An trotzdeem: Déi läscht dräi Méint ware keng Freed.
Meng Kolleegen, déi ech normalerweis froen, wann ech net weiderweess – grouss an engagéiert Bierger wéi de Laurent Loschetter, de Paul Konsbruck, de Guy Daleiden an d’Nancy Braun –, ware mat der Situatioun och iwwerfuerdert. Den Etienne Schneider hat sech just zur richteger Zäit duerch d’Bascht gemaach, wéi wann hien de Virus komme gesinn hätt.
Zum Gléck hate mir d’Paulette Lenert – ech weess net, wéi mir ouni déi Gesondheetsministesch duerch des Kris komm wären. D’Madamm Lenert konnt nämlech all déi onpopulär Decisiounen op de ville Pressekonferenze verkënnegen, wärend ech donieft stoung an traureg gekuckt hunn. Och dat ass d’Aufgab vun engem Staatsminister – d’Leed vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung ze deelen a siichtbar ze maachen. Dat war net ëmmer einfach, mee et war néideg a richteg, wéi mer haut wëssen.
Et gouf eng enorm national Solidaritéit mat deene Mënschen, déi am vulnerabelste si fir schwéier krank ze ginn duerch de Virus oder fir eng Infektioun net ze iwwerliewen. Dowéinst ass et awer elo och wichteg, dass déi Leit déi Solidaritéit zréckginn an uerdentlech an der Stad akafe ginn, fir eis Ekonomie ze retten. Mir hunn zwar scho vill Mesuren ergraff, mee wann d’Leit hir Suen elo op d’Säit leeën an de Konsum net kräfteg unzitt, muss eis Familljeministesch eventuell souguer hiert Schonggeschäft zoumaachen. Dann hätt de Virus dat gepackt, wat de François Bausch an all deene Jore mat senger Tram-Baustell net fäerdegbruecht hätt. Dat wär ee grousse Verloscht fir eist Land.
Ech hunn immens grousse Respekt virun all deenen, déi all Dag ënner zäitweis schwierege Konditiounen op Lëtzebuerg schaffe komm sinn. Mir sinn all deene Frontalieren enorm dankbar a wëllen och, dass dat esou bleift, dowéinst ass den Télétravail fir déi Leit aus Frankräich, Däitschland an der Belsch och bis op Weideres keng Optioun. Mir schaffen awer un anere Konzepter – eis Banneministesch Taina Bofferding kuckt den Ament, fir mat de Gemengen eng Zort „Télérepos“ ze organiséieren, deen och bei aneren Administratiounen an der Kris scho gutt funktionéiert huet.
Mir sinn eng Natioun an e Land a mir sinn en Deel vun der Europäescher Unioun, mir sinn e Partner an enger Gemeinschaft, wou et Wäerter geet, fir déi mir eis och weider asetzen a fir déi mer och weider bereet sinn, eis z’engagéieren. Mam Freeport um Findel hu mir scho virun aacht Joer eng Méiglechkeet geschaaft, fir déi materiell Wäerter och ze stockéieren. Wat déi immateriell Wäerter ugeet, sou kenne mir weider garantéieren, dass se an eise Fonds, eise Banken an eise Private-Equity-Gesellschafte gutt opgehuewe sinn. Zur internationaler Solidaritéit gehéiert et alt och, verfollegte Steieren e sécheren Hafen ze bidden, an domadder wäert Lëtzebuerg weider senger Aufgab am Zentrum vun der europäescher Staategemeinschaft nokommen.
Erlaabt mer zum Schluss eng perséinlech Remark: Ech hu mech immens gefreet, wéi den Haff den 10. Mee d’Gebuert vum Prënz Charel annoncéiert huet. Ech wënsche sengen Elteren alles Guddes an hoffen, dass seng Bomi net ze vill vu senge Babysittere virun d’Dir setzt. Wa mir den Här Waringo nämlech nach eng Kéier an de Palais schécke mussen, kéint et sinn, dass hien duerno kee Grand-Duché méi huet, wat hien enges Dages ierwe kann.
Ech wënschen Iech all e schéinen Nationalfeierdag a widderhuelen am Numm vun der Regierung a mengem perséinlechen Numm meng Dankbarkeet a mäi Respekt.
Vive de Grand-Fric
Vive déi groussherzoglech Famill
Vive eist Land
- Wer protestiert eigentlich in Luxemburg gegen die Maßnahmen – und warum? - 24. Januar 2021.
- Auch Lieferkapazitäten sind nicht gottgegeben, sondern eine Frage des politischen Willens - 23. Januar 2021.
- Luxemburgs Regierung verlängert Maßnahmen bis zum 21. Februar – Reisen wird umständlicher - 22. Januar 2021.
da weist di ried!
Haha, super!
Sinn gespant ob den Heng an seng Tréischen dat Hei och liesen.
Wat mir onbedengt brauchen ass en Standup Commedian déi Letzebuerger Gesellschaft e beschen de Spiegel weisst.
Als trei Lieserin vum leider allze fréi ‚verstuerwene‘ FK hunn ech dat hei mat groussem Plëséier geliest a gutt 🤣🤣🤣🤣🤣🤣! An dat brauch jo net nëmmen ech an dëse rauen Zäiten!
Ëmmer nees gären!
Satire?
Sarkasmus?
Ironie?
Wahrheit!
Merci Herr Haas.
Jo. den Corona Lockdown wor eng schéin Zait. Et wor qroueg op den Stroossen, keen Kaméidi vun Baumaschinen, keen Trara an Duerf an Staad, et konnt een an aller Rou spazéieren goen. Och d’Geschäefter, nemmen déi néideg op, déi wou mer gebraucht hun an den Rescht hun mir iwwert A….. bestallt.Manner Hektik, manner Stress, d’Liewen wor emol erem roueg gin, d’Loft propper. Och wenn esou munch Regal an der Epicerie eidel wor, et huet engem den Choix méi einfach gemeet, vill brauch een net fir ze liewen, d’Haptsaach et ass gudd Wuer.Elo ass déi schéin Zait eriwwer, an der Zeitong gesait een et gudd , d’likal Noorichten sin erem voll vun Kläeppereien, derer déi iwwert den Duuscht gedronk hun oder ze séier duerech d’Stroossen briederen, an denen déi frou sin eidel Wunnéngen virzefannen fir sech ze bedéngen. Och esou munch Politiker ass erem opgedaucht, mussen erem séng Rieden erdroen , nolauschteren wat fir Spiichten sie déi läescht Wochen erfonnt hun. Iwwerall ass den Ramba Zamba erem do, just déi Aal an den Heemer sin vergiess, den Besuch get no strengen Regelen reduzéiert an reglementéiert. Iwwerhaapt sie brauchen kéng Fraiheeten méi , ern den naischt méi leescht, den net méi wielen muss an all Dag an den Buttéker den Goss verderlt ass iwwerflesseg.Vive den Letzebuerger, den Kachkéis an d’ Sonn déi weiderblénkt.
Net schlecht, mee do wiere mir awer nach ganz aner Saachen agefall!
Gleewen keen Wuert vun dem waat hei geschriwen gett… Wéi den Luxo seet… weist di Ried.
„Vive de grand fric“ hehehe.
Saugutt! SAR mat Frâ hätten daat bestëmmt appréciéert. Haha 🙂
@ ANDREE NOSBUSCH UND CO
SATIRE
AUTSCH, SITZEN, SECHS
Aufgepasst. Viele können nicht lesen und unterscheiden. Vielen ist der Ausdruck Satire fremd. Dies erklärt so manche Reaktionen.