Absurde Kino aus Lëtzebuerg Dem Luc Feit säi „Buttek“ ass eng daper, absurd, oft gelonge Schauspiller-Jam

Absurde Kino aus Lëtzebuerg  / Dem Luc Feit säi „Buttek“ ass eng daper, absurd, oft gelonge Schauspiller-Jam
All d'Fililal-Leeder vun „Alter Native" wëllen dem Änder (Jung) säi Buttek iwwerhuelen ... Samsa

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Zwielef Schauspiller iwwernuechten zwielef Nuechten an engem schappegen Hotel um Ufer vun der Sauer. Dem Luc Feit säin éischte Laangfilm ass een absurde Huis-Clos, am Laf vun deem d’Muechtgäilheet vun de Mënschen duerch schauspilleresch Improvisatioun duergestallt an transzendéiert gëtt.

Wéi ech virun e puer Méint mat enger gudder Frëndin zu Berlin am „Café Nostalgie“ – ee vun deene sëllege Berliner Bistroen, déi ni zoumaachen – nach den ominéise leschte Béier wollt drénken, koum eng louche Gestalt op eis zou an huet gemengt, wa mer op der Sich no engem sympathesche Wiert wieren, da misste mer eis wuel en anert Etablissement sichen. Duerno huet de Wiert (well déi komesch Figur war natierlech keen anere wéi de Wiert selwer) eis schif ugelaacht – seng puer Zänn hunn am donkele Lach vu sengem Mond geglënnert – a gefrot, wat mer drénke wéilten.

D’Figur vum Wiert wierkt net nëmme wéi aus dem Luc Feit sengem éischte Laangfilm „De Buttek“ erausgerappt – et kéint een hire kromme Sproch duerchaus op de Long Métrage applizéieren a folgendermoosse paraphraséieren: Wie sech ee koherente Film mat enger Story, déi liicht novollzéibar ass, erhofft – dee soll vläicht besser an en anere Kinossall goen.

Versoff

Um Ufank vum „Buttek“ sëtzen zwou duuschtereg Krunnemécken um Comptoir vun engem Duerfbistro iergendwou an der Lëtzebuerger Pampa (oder och an der Stad, do ass ënnert der Woch mëttlerweil jo och kaum eng lass). Am Hannergrond souert ee Frigo.

De Wiert ass lethargesch, kéint selwer säi beschte Client sinn. Et gëtt kaum e Wuert gewiesselt, den Änder (d’Figuren hunn all d’Nimm vun de Schauspiller, wouwéinst den Änder Jung eben den Änder ass) mengt iergendwann just, well en och no ganz vill Wäin nach ee besiessene Geschäftsmann ass: „Mir zwee kënnen dach net eleng esou vill drénken, dass dat hei fir de Wiert opgeet!“

Kuerz drop kënnt tëschent den zwee Duuschterten en Ofkommes zustanen, eng Sequenz drop si mer och schonn am Dirbach Plage, dem Hotel, dee mer am Bistro nach op enger Foto ze gesi kruten an deen dem Änder Jung sengem Drénkkolleg (gespillt vum Martin Engler) gehéiert.

Muechtgäil

Do zitt den Änder all Joers eng Chrëschtfeier vu senger Firma „Alter Native“ op, déi mëttlerweil eng gutt hallef Dose Butteker huet. Invitéiert sinn déi verschidde Fililal-Leeder – d’Valérie (Bodson), wat kee Lëtzebuergesch kann, eng Filial zu Thionville leet an ëmmer ze spéit kënnt, d’Sophie (Mousel), wat nei am Betrib ass an ee Buttek zu Bartreng geréiert, d’Fabienne (Hollwege), wat mam Luc (Schiltz) zesummen ass, engem Näischnotz, wéi den Änder mengt, dee selwer mat quasi all senge weiblechen Ugestallten eppes hat, d’Catherine (Janke), wat um Schierm verdreemt senge Jelliskäpp nokuckt, d’Anouk (Wagener), wat einfach alles zoppt, wat net bei dräi um Bam ass (obwuel: dee gëtt dann einfach matgeschuppt), an de Germain (Wagener), dee mengt, e kéint de Buttek besser selwer leeden, obschonns en, esou den Änder, net emol eng Wallis pake kann.

Wa sech dann och nach en Invité secret – dem Änder säi Bouf (gespillt vum Philippe Thelen), vun deem senger Existenz hie bis vru kuerzem näischt wousst – ënnert d’Gäscht mëscht, de Patron vum Betrib sengen Ugestallte matdeelt, dass e stierweskrank ass an nach fir sechs Méint ze liewen huet a gedenkt, de Weekend ee Successeur ze nennen, deen de Maître Werner notarial soll festleeën, geet de Buttek eréischt richteg lass – bal selbstverständlech entsteet een heuschlereche Muechtkampf ëm dem Änder seng Gonscht wärend dem Owendiessen an dem Karaoke-Owend – ee Muechtkampf, dee sech bis déif an d’Nuecht eranzitt an och Moies fréi nach net ophält.

Topeg

Natierlech ass d’Ausgankssituatioun (déi op enger Iddi vum Luc Feit an dem Guy Helminger baséiert) wonnerbar: Esou ee soziaalt Zesummekommen, wou jiddweree seng perséinlech Konflikter matbréngt – dat schreift sech dach bal vum selwen. Dofir huet de Film och kee fest Dréibuch, wierkt, ewéi wa just d’Ufanks- an d’Schlusssequenze festgeluecht a semantesch e bëssen etofféiert goufen, dertëschent herrscht eng freedeg, chaotesch Improvisatioun, déi an hire beschte Momenter vu schwaarzem Humor duerchgedrongen ass, heiansdo awer u rhythmesche Schwieregkeete leit.

Mat Amenter wierkt de Film e bëssen, wéi wann den Zuschauer sech op enger Privatsoirée vu Schauspiller, déi sech gutt ënnertenee verstinn, verlaf hätt. D’Freed um Spill an d’Laache sinn ustiechend, mä ganz den Duerchbléck huet een net ëmmer – wat de Luc Feit um Schluss vum Film mat engem lakonesche „Fir mech war alles kloer“ kommentéiert. Virdrun huet d’Kamera gewackelt, ass de Figuren nogaangen, huet se voyeuristesch an hirer touchanter Intimitéit festgehalen – d’louche Vibratioune vu Loscht tëschent dem Sophie an dem Luc, de penibele Karaoke, deen un Team Building vun der iwwelster Zort erënnert, d’Wodka-Saufen an der „Wet Chamber“ tëschent dem Hotelbesëtzer an der Kleptomanin vum Déngscht.

Ieselzeg

Tatsächlech erënnert d’exzentrescht Verhale vun de Figuren un dem Jean-Pierre Jeunet an dem Marc Caro hiren „Delicatessen“, an deem eng Grupp louche Personnagen an engem verwahrlosten Haus amatten engem postapokalypteschen Dekor ëm d’Iwwerliewe struewelen. Och wann den Dekor vum „Buttek“ net grad postapokalyptesch ass – hei gesi mer dach den Ënnergang vun dem klenge Mikrokosmos, deen sech ee Geschäftsmann iwwert d’Joren opgebaut huet. Wéi am Ionesco sengem „Le roi se meurt“ platzt hei (vläicht) dem Änder seng solipsistesch Bull.

Niewebäi gesi mer och d’Enn vun enger Hotelleries-Branche – dem Martin Engler säin „Dirbach Plage“ leeft net méi, wouwéinst en, wéi d’Anouk et seet, fuddele muss an hie Receptionnist, Kach, Barmann a Botzfra gläichzäiteg ass. Wat hei als Slapstick verkaf gëtt (an duerch dem Engler säi Schauspill wonnerbar funktionéiert), ass zäitgläich och de Portrait vum Enn vu gewësse Geschäftsmodeller, vum Enn vun engem „brave“ Kapitalismus, deen duerch de Muechtduuscht vun den Turbokapitaliste gekentert gëtt. Dass de Film duerno ieselzeg genuch ass, fir Elementer vun enger Krëpp a Brand ze stiechen an e liewegen Iesel als Running Gag duerch d’Landschaft lafen ze loossen, weist vun enger Selbstironie, déi dem Lëtzebuerger Kino oft feelt.