„De Mann, deen ëmmer laacht“ ass dem Joseph Kayser säin drëtt Buch an nëmmen zwee Joer. Op mat e bëssche méi Gedold ee bessert Wierk entstane wier, dorunner kann een nom Liese vun dëser pechschwaarzer, binär strukturéierter Erzielung duerchaus zweiwelen. Oft passéiert et genee esou. En Auteur daucht aus dem Anonymat vu senger Schreifkummer op,...