Sech iwwer Ryanair beschwéieren ass ee Luxus-Problem

Sech iwwer Ryanair beschwéieren ass ee Luxus-Problem
(Editpress/Fabrizio Pizzolante)

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Mat der Annonce, dass d’Fluggesellschaft Ryanair ab dem 1. September vu Lëtzebuerg aus flitt, ass och Kritik un der Low-Cost-Entreprise opkomm.

Niddreg Salairen, Konkurrenz fir d’Luxair, kee Grond bleift aus, fir d’Stammdëschkommentarer op engem rationellen Niveau ze halen. Mee grad dass mir eis doriwwer beschwéiere kënnen, weist just, wéi gutt et eis wierklech geet.

Wann een als Lëtzebuerger Student emol aus dem Land kënnt an engem opfält, dass 1,50 Euro fir ee Liter Mëllech, 75 fir eng Nuecht an engem Groussstadhotel an 200Euro aller-retour fir e Fluchticket net fir jiddereen e gudde Präis ass, da kritt ee méi Bewosstsinn dofir, dass Low-Cost ee wichtegen Zweck erfëllt. Oder soe mir et emol sou: Wann dir virun enger Woch d’Zeitung opgeschloen hutt, d’Noricht vu Ryanair gesinn hutt an iech geduecht hutt, „mat deene fléien ech awer sécher net“, dann ass d’Wahrscheinlechkeet héich, dass dir et iech och anescht leeschte kënnt, op London oder Porto ze kommen, dass dir net musst fréi reservéiere fir dee bëllegsten Ticket ze kréien an dass dir net de grousse Bagage ewechloosst, well dee bei der Luxair jo mat dran ass a well dir vum Fluchhafen aus jo souwisou den Taxi huelt.

Ryanair wäert eegenen Angaben no 200.000 nei Clienten op Lëtzebuerg bréngen, wat Sënn mécht wann ee sech d’Distanz fir Clienten aus der Lorraine (Nanzeg, Metz, Épinal) ukuckt, déi elo missten op Frankfurt-Hahn oder op Bréissel-Charleroi fueren. D’Luxair selwer ass vläicht net erfreet iwwert déi nei Konkurrenz, mee huet an engem Interview mam RTL och kloergemaach, dass si deem Challenge gewuess ass.

Ryanair ass eng Beräicherung fir d’Lëtzebuerger Economie an en Déngscht un all deenen, déi sech genee wéi déi, déi sech beschwéieren, just eng Vakanz leeschte wëllen. Ech hoffen, ech sinn net deen Eenzegen, deen hinnen eng schéi Vakanz an eng gutt Rees wënscht.