Een décken NET MERCI

Een décken NET MERCI

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

... un de Büro vum Service technique aus der Gemeng Kayl

Den Donneschden, 22. Juli, war owes zu Kayl e schwéiert Donnerwierder mat ganz vill Reen.

An der rue de la Forêt sinn a fënnef Haiser duerch e Refoulement vum Kanal d’Kellere mat 15 bis 40 cm Kanalwaasser iwwerschwemmt ginn. Den Dag dono hu mir op de Büro vum Service technique ugeruff, dass d’Baach iwwert d’Borde getruede wier an dass déi Grillagen, déi an der Baach sinn, komplett verstoppt wieren. Den Här um Büro huet gemengt, da misst een dat emol eng Kéier kucke kommen. Wéi mir gesot hunn, dass dat soll direkt sinn, fir wann nach ee Wieder kéim (voire leider Larochette den Dag dono), huet dësen Här gemengt, mir sollten eis net esou opreegen. All Mënsch bleift jo och cool, wann en de Keller voller Kanalwaasser stoen hat a sech di ganz Nuecht amüséiert huet, fir dee meeschten Dreck aus dem Haus ze kréien. Duerno huet do eng Madame aus eiser Strooss nach eng Kéier bei de Service technique, ugeruff fir ze froen, ob et méiglech wär, e Container ze kréien oder den CIGL ze schécken, fir d’Leit beim Oftransport vum Dreck ze ënnerstëtzen. Si hu geäntwert, si hätte besser Saachen ze dinn.

Mär hoffen, dass wann de Buergermeeschter dës Zeile liest, hien emol vläicht e klengen Entretien de motivation mat sengem gestresste Personal féiert.

En besonnege Merci awer un déi fräiwëlleg Pompjeeën, déi de Leit an der Nuet bäistoungen, fir d’Waasser aus verschidde Kelleren ze pompelen. Iwwregens huet eis Gemeng och nëmmen een Dag d’Grillagen e bësse gebotzt an dee ganzen Dreck leie gelooss. Wann d’Baach dann nach eng Kéier iwwerleeft, ass wéinstens genuch Material do, fir d’Grillagen erëm direkt zouzemaachen. Hei an der Gemeng huet d’Personal (mär denken op Uerder vum Service technique) ëmmer Zäit fir Manifestatioune wéi de Maart oder fir Vëloscoursen, do schaffe se souguer sonndes, awer wann Awunner Misère hunn, sinn déi Responsabel vum Service technique ganz schwéier vun hirem Stull ze bewegen. Ee vun den Hären hat gesot, e kéim an d’Strooss kucken, en huet se wuel net fonnt, well kee vun den Awunner huet e Vertrieder vum Service technique gesinn.

Dass dëse Lieserbréif esou spéit an d’Zeitung kënnt, huet domat ze dinn, dass d’Leit déi lescht Deeg domat beschäftegt ware fir hir Haiser erëm an d’Rei ze kréien.

Fam. Alice Fernande Sand
Fam. Gino Zampicinini
Fam. Mehling-Lickes
Fam. Ernest Detaille Schockmel
Fam. Gabrielle Weyrich