D’Radarkontrolle ginn net voll ausgenotzt

D’Radarkontrolle ginn net voll ausgenotzt
(Ifinzi)

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Leserbrief von Roby Zenner

An dësen Deeg ass also d’Phase vum Probéiere vun eise neie Radarinstallatiounen eriwwer: Ween elo mat ze grousser Vitesse geblëtzt gëtt, muss blechen.

Mee am leschte Mount huet d’Chamber eng Décisioun geholl, déi kee Mënsch, dee logesch denkt, verstoe kann: Et gëtt nämlech drop verzicht, och déi ze pëtzen, déi am Auto telefonéieren, kee Sécherheetsgurt unhunn oder deem Gefier virdru bal an d’Mall fueren. Elo hätte mer am Land eng ganz gutt Geleeënheet gehat, ouni weider Onkäschten och déi ze erwëschen, déi sech – an et sënn der net wéinig – net un di hei Bestëmmungen halen. Léiwer maache mir dann am Land deier punktuell Kontrolle mat Police-Patrullen op der Plaz.

D’Argumenter, déi besonnesch vum Verkéiersminister genannt gi sënn, firwat sech elo op eemol nëmmen op d’Vitesse limitéiert gëtt, së ganz einfach lächerlech an net nozevollzéien.