PhilharmonieD’amour et d’eau fraîche – Polemik ëm de Fräiraim-Festival?

Philharmonie / D’amour et d’eau fraîche – Polemik ëm de Fräiraim-Festival?
 Foto: Vincent Lescaut

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Fir hire 15. Gebuertsdag hat d’Philharmonie iwwer 600 Museker op ee grousse Festival agelueden – a vergiess, dass och Museker, déi net all Dag op enger riseger Bün an enger Haaptstad stinn, solle fir hir Prestatioun bezuelt ginn. D’Tageblatt beliicht d’Polemik, déi ronderëm de Fräiraim-Festival entstanen ass.

Et sollt ee Fest vun der Musek sinn, eng Gebuertsdagsfeier am grousse Kader – fir hir 15 Joer hat d’Philharmonie fir d’Joer 2020 ee grousse Festival geplangt, dee Lëtzebuerger Museker aus dem ganze Land op dem Site um Kierchbierg sollt spillen doen.

Dass d’Pandemie der Saach ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet, war zwar een ellene Coup, zwee Joer méi spéit konnt de Fräiraim-Festival dann awer stattfannen. Iwwer dräi Deeg ware 600 Museker, 60 Concerten op 6 Venues ze erliewen – dat ganzt mat fräier Entrée, esou d’Kommunikatioun vun der Philharmonie.

Wat allerdéngs manner un déi grouss Klack gehaange gouf, war de Fait, dass och all d’Museker a Gruppe fir näischt sollte spillen. Ee Festival ganz wäit fort vum kapitalistesche Circuit – dat kléngt vläicht utopesch, ass awer ville Kënschtler, déi versichen, mat der Musek ee Standbeen zu Lëtzebuerg ze fannen, sauer opgestouss: Schliisslech liewe mer awer an enger neoliberaler Gesellschaft, an där och d’Kënschtler net vu Majeur-Akkorden eleng liewe kënnen.

Esou sinn iwwert de Weekend net just Wolleken um Himmel, mä och iwwert de Feierlechkeeten opgezunn – eng Question parlementaire vun „déi Lénk“ wëll ënnert anerem wëssen, wéi de Ministère gedenkt, seng Ënnerstëtzung vun der Philharmonie mat enger neier deontologescher Charte (déi zwar nach vun den Acteuren, Institutiounen a Veräiner aus dem Milieu ënnerschriwwe gi muss) ze conciliéieren. An där gëtt ënnert anerem stipuléiert, dass et wiesentlech ass, Kulturschafender fir hir Aarbecht ze bezuelen. Relativ kuerzfristeg ass dunn och eng Band ofgesprongen – The Tame and the Wild haten op Facebook erkläert, wéisou si sech géint eng Participatioun um Festival entscheet hunn.

Déi Entscheedung war, esou de Flëpp Wenger, alles anescht wéi aus der Loft gegraff: „Dat war ee Prozess. Iergendwann, virun zwou Wochen, ass eis méi bewosst ginn, dass keng Gage natierlech och heescht: keng Entschiedegung fir Käschten ewéi Sprit. Dat heescht: Mir musse bezuelen, fir kënnen opzetrieden. Mir hunn dunn nach emol nogefrot bei der Philharmonie. Do krute mir erkläert, dass et eng Chance fir d’Bands wär, ënner professionelle Konditiounen viru groussem Public kënnen opzetrieden.“

An enger Stellungsnam vun der Philharmonie krut d’Tageblatt matgedeelt, dass de Festival vun Ufank un fir Amateur-Museker konzipéiert war, dass en esou ugekënnegt gouf, dass dat kloer aus engem éischten Appel à projets erausgoung – an dass all Museker an Ensembelen, déi sech gemellt haten, mat Zäiten doriwwer informéiert goufen, dass et keng Gage géif ginn.

De Flëpp Wenger gesäit dat liicht anescht: „Beim Opruff war dat nach net esou kloer. Am Kontrakt, dee mir ënnerschriwwen haten, stoung allerdéngs: onentgeldlech. Eise Feeler. Nodeems mir d’Philharmonie kontaktéiert hunn an eis Argumenter ausgetosch hunn, krute mir proposéiert, dass mir eis kéinten zeréckzéien. Dat hu mir dunn och gemaach.“

Keng Gage

 Foto: Vincent Lescaut
Dass d’Philharmonie ee Faux pas mécht, ass eng Saach. Dass de Ministère dat dann awer an der Rei fënnt, fannen ech ganz schlëmm.

Serge Tonnar, Museker

Och de Serge Tonnar mengt, et wier net vun Ufank u kloer gewiescht, dass de Festival, esou wéi en 2019 konzipéiert war, sech ausschliisslech un Amateure géing riichten: „An enger éischter Mail, déi ech krut, war dat net präziséiert – soss hätte se mech jo vläicht och guer net eréischt gefrot.“

Dass do awer scho kloer war, dass et kee Goss sollt ginn, bestätegt eis de Museker: „Ech hunn nogefrot, wéi si sech dat virstellen – well wann ech keng Gage kréien, kann ech meng Museker jo och net bezuelen – a wat iwwerhaapt hire Message géigeniwwer de Kënschtler an der Ëffentlechkeet wier. Dat war 2019. Duerno hunn ech ni méi eppes vun hinnen héieren – et muss ee soen, dass mer dertëscht eng Pandemie haten. Wéi ech zwee Joer duerno gesinn hunn, dass de Festival fir 2022 geplangt wier, hunn ech bei enger Rëtsch vu Museker, déi op der Affiche stoungen, nogefrot, wat se géingen als Cachet kréien. Et huet sech séier erausgestallt, dass do kee Mënsch bezuelt gëtt.“

En Abléck, deen d’Tageblatt an de vun der Philharmonie proposéierte Kontrakt kruten, bestätegt: Aus dem Vertrag geet däitlech ervir, dass d’Museker kee Cachet kréien. Allerdéngs schéngt et net kloer, dass de Festival sech ausschliisslech, wann och haaptsächlech, un Amateure riichte soll, wat och an der Stellungnam vun der Philharmonie ervirgeet: „Die mehr als 800 Teilnehmer, die zu mehr als 90% echte Amateure waren, die Musik als Hobby und nicht als Einnahmequelle machen [sic!], wurden zu keinem Zeitpunkt über den Charakter des Festivals im Unklaren gelassen […] [A]uch in der Vereinbarung mit den Teilnehmern ist ausdrücklich erwähnt, dass keine Honorare bezahlt werden können. In der Tat haben wir aber Profis nicht explizit ausgeschlossen!“

Dass dann awer de Kulturministère op Nofro vum Serge Tonnar behaapt, et géif kee Problem bezüglech dem Fräiraim-Festival existéieren, well de Festival eben en Amateur-Festival wier an domat och deen Aspekt vun der deontologescher Charte, dee präkoniséiert, dass professionell Kënschtler musse bezuelt ginn, kann ëmfuer ginn – dat fënnt de Serge Tonnar dann awer héichproblematesch: „Et ass e bëssen ironesch, dass déi Charte quasi zäitgläich zum Fräiraim-Festival virgestallt gouf – och wa bis elo nach keen se ënnerschriwwen huet. Dass d’Philharmonie ee Faux-pas mécht, ass eng Saach. Dass de Ministère dat dann awer an der Rei fënnt, fannen ech ganz schlëmm.”

Fir de Jo Kox, Premier Conseiller am Kulturministère, gëtt et keng Polemik: „Bis dato huet just ee Kënschtler de Ministère kontaktéiert. Zudeem ass et engem rengen Zoufall vum Kalenner zouzeschreiwen, dass kuerz virum Festival ee Code de déontologie verëffentlecht ginn ass.“ Déi Froen, déi opgeworf goufen, wieren deels berechtegt – et misst een awer de Kontext verstoen. „D’Philharmonie huet all déi Joer Kritik agestach, dass se ze elitär wier, dass se hir Bünen net fir méi Lëtzebuerger Museker opmécht.“ Nodeem den Drock méi grouss gouf, gouf de Fräiraum an d’Programmatioun opgeholl, wou sech Lëtzebuerger Kënschtler melle kënnen, déi dann de Sall gratis gestallt kréien. De Marketing, Technik an den Ticketing iwwerhëlt d’Philharmonie.

Äppel a Bieren a (kee) Goss

 Foto: Editpress/Tania Feller
Mir musse bezuelen, fir kënnen opzetrieden

Flëpp Wenger, Bassist a Gitarrist bei The Tame and the Wild

„Verschidde Lëtzebuerger Museker komme bei deem Konzept besser ewech, wéi wa se invitéiert wieren a just ee Cachet vu 500 oder 1.000 Euro géife kréien – well beim Fräiraum kréie se integral d’Recette vun den Entréeën. Aus där Iddi eraus ass de Fräiraim-Festival entstanen. Och do konnt jiddweree sech mellen, den Appell war an éischter Linn un Amateuren oder, fir en Terme ze benotzen, dee vläicht besser gewielt ass, u Fräizäitmuseker geriicht.“

Nawell gouf d’Dier opgelooss, fir dass sech eben net just Harmonien, mä och Rock- oder Metal-Bands kënne mellen. Et gouf allerdéngs vun Ufank u präziséiert, dass et kee Cachet géif ginn, dofir awer Technik, Bün a Publikum garantéiert wieren. „An där Hisiicht verstéisst eng Philharmonie net géint de Code de déontologie – well se sech un den Appell, dee se eraus ginn huet, gehalen huet. D’Leit konnte sech fräiwëlleg mellen, et ass kee forcéiert ginn. Ech kann net op engem Äppel-Festival mat Biere geschäert kommen. Da sinn ech op der falscher Plaz. Dofir ass et ee falschen Debat – oder zumindest fënnt en op der falscher Plaz statt.“

Dem Jo Kox seng Argumentatioun liicht an – an awer läit de Problem bei der Festival-Oplag vum Fräiraum-Konzept vläicht doranner, dass hei guer keng Recetten entstane sinn, well d’Entrée fräi war. Anerersäits liest een an engem éischte Facebook-Opruff vun der Philharmonie vum 31. Oktober 2019, dass dës fir hire Gebuertsdag „alle Museker aus Lëtzebuerg” hir Bünen zur Verfügung stellt – „egal wéi ee Genre oder Niveau”.

Iwwert déi ganz Diskussioun eraus, wéi däitlech dann elo den Amateur-Festival-Stempel war, steet hei implizit eng ganz aner Debatt am Raum: nämlech déi vun dem Statut vum Museker zu Lëtzebuerg – a vun der Definitioun vum Begrëff Amateur. Well tëscht der Definitioun, déi an der Philharmonie wuel zeréckbehale gouf – een Amateur-Kënschtler ass ee Kënschtler, deen net oder zumindest net exklusiv vu senger Konscht ka liewen – an den Hobbymuseker aus der Harmonie vum Duerf, wéi se am Nico Helminger sengem „Menn Malkowitsch” veréiwegt goufen, gëtt et méi wéi eng Grozon.

Ze ignoréieren, dass mer eng Rëtsch vu Museker a Gruppen hunn, déi sech zanter Joren, op der Schwell vun der Professionaliséierung befannen, bedeit, d’Particularitéit vun der Situatioun am Grand-Duché ze negéieren. „Mir schaffen allen zwee just hallef-Zäit, fir genuch Zäit ze hunn fir d’Musik”, erkläert de Flëpp Wenger vun The Tame and the Wild.

Grozonen

.
. Foto: Editpress
Ech kann net op engem Äppel-Festival mat Biere geschäert kommen. Da sinn ech op der falscher Plaz.

Jo Kox, Premier Conseiller

„Dat heescht: méi Zäit fir Konscht, awer och manner Geld, fir dat ze finanzéieren. De Museker muss awer fir alles bezuelen – fir Live-Tountechniker, Studiokäschten, Graphiker, Press-Firmen, d’Agence fir den Online-Vertrieb an d’Promotioun vun eise Releasen an eis Musiks-Videoen – an dat natierlech ëmmer erëm, fir den Niveau ze halen. Op där anerer Säit gëtt dann awer erwaart, dass Museker hir Gage kleng halen, beschtefalls, wéi an deem heite Fall, fir näischt spillen. Dabei sein ist alles. Pay to play. Fir eis soll do och keen Ënnerscheed tëscht Amateuren, Semi-Professioneller oder Professioneller gemaach ginn: All Museker soll fir säin Optrëtt entschiedegt ginn. Punkt. Virun allem, wann eng staatlech Institutioun mat 24 Milliounen Euro Budget am Joer engagéiert. Mee do gouf et keen Entgéintkommen – just eben de Virschlag, ofzesprangen.“

The Tame and the Wild sinn dobäi net déi eenzeg Band, déi um Fräiraim gespillt huet an déi sech an där Grozon tëscht Vollblutt-Profi a bluddegem Amateur befënnt: Wien sech duerch de Line-up liest, stéisst zwar wuel op e puer Harmonien aus Dierfer queesch duerch d’Land, mä och op Bands ewéi Desdemonia, déi sech fir de Festival speziell mat engem Pianist zesummegedoen huet, fir hirem Trash-Metal ee klassesche Vibe ze ginn, Scarlet Anger, The Cookie Jar Complot oder Solo-Kënschtler wéi Irina an T the Boss – alles Museker, déi een definitiv net als Amateuren kann ofstempelen an déi sech zum Deel och schonn en Numm am Ausland gemaach hunn.

Op Nofro behaapten vill vun de Museker, déi matgemaach hunn, si hätten ze spéit gemierkt, dass et kee Cachet géif ginn, wieren deen Ablack schonn ze wäit an de Virbereedunge gewiescht – an esou ee Concert wier dann eben als en Invest ze verbuchen, deen ee munchmol kéint maachen, well Optrëtter, déi een ëmsoss ginn hätt, och an der Vergaangenheet schonns hier Friichte gedroen hätten, ganz no der Logik, dass déi Visibilitéit, déi eng Plaz wéi d’Philharmonie engem gëtt, och kéint zu aneren Engagementer féieren. Natierlech kann ee soen, dass esou eng Approche naiv ass – an dass effektiv esou guer all Amateur-Band misst wëssen, dass een ni soll fir näischt spillen, well een esou de Marché vreckt mécht: Organisateuren kënne sech erstaunlech schnell dru gewinnen, näischt méi ze bezuelen.

„Ech hunn no eisem Ofsprangen mat ganz ville Kolleege geschriwwen a geschwat“, esou de Flëpp Wenger. „Vill vun hinnen hu sech no eisem Facebook-Post gemellt. Jiddereen huet eis bestäerkt an di meescht soten, dass si sech guer net mol gemellt haten. Anerer hunn di Konventioun, déi d’Philharmonie de Museker geschéckt huet, net ënnerschriwwen a wollte net wéinst deene Konditiounen net spillen. Mee souguer verschidde Museker-Kolleegen, déi awer opgetruede sinn, bedaueren et, sou an Zuch-Zwang gesat ginn ze sinn an alt erëm eemol ouni Gage mussen opzetrieden. Dass de Museker ëmmer ganz ënnen op der Leeder steet, fillt sech einfach net gutt un. A quasi jidderee sot: Et däerft net sinn, dass eng Philharmonie iwwerhaapt erwaart, dass Bands fir näischt spillen.“

Rose mécht de Serge Tonnar grad dat Argument vun der Visibilitéit, op dat eben och d’Philharmonie zeréckgegraff huet – wéi wann eng Prestatiounen kéint eleng duerch de Prestige vum Haus bezuelt ginn. „Dat hu mir schonn als Jonker misse mat erliewen. Dat brécht engem scho säi Stolz, wann een als Ufänger gesot krit: ‘Du hues elo mol Chance, hei dierfen opzetrieden’. Et ka jo sinn, dass dat eng Chance ass – dat heescht awer net, dass deng Aarbecht net soll remuneréiert ginn.“

Méi Visibilitéit, manner Respekt?

Dozou kënnt an den Ae vum Tonnar eng gewësse Respektlosegkeet vis-à-vis vum Museker, well den Discours vun der Philharmonie – dat bestätegen och The Tame and The Wild – net kompromëssbereet a léisungsorientéiert wier. De Refus, och nëmmen eng Entschiedegung fir Zousaz-Käschte ze bezuelen, wier ëmsou méi absurd, well och soss jiddereen, deen an der Saach implizéiert ass, vun der Botz-Equipe bis zum Techniker, deen „ee Kabel dréint”, remuneréiert gouf.

Fir de Serge Tonnar ass dat een allgemenge Problem hei zu Lëtzebuerg: „Déi, déi d’Inhalter an der Kultur liwweren, gi manner bezuelt wéi déi, déi dat Ganzt encadréieren, an déi awer just do sinn, well et der gëtt, déi Inhalter liwweren. D’Emploie multiplizéiere sech an der Kulturzeen – mä néierens gëtt et nohalteg Programme fir Kulturschafender oder gesäit een e Kënschtler, dee mol fir een oder zwee Joer engagéiert gëtt. Wann hei vu Professionaliséierung riets geet, da sinn ëmmer nëmmen déi gemengt, déi ronderëm d’Kënschtler schaffen.“ Wann dës Ausso och e bësse pauschal ass – an der Kulturfabrik huet grad de Sacha Hanlet eng Residenz vun dräi Joer, Theateren a Kulturhaiser hunn ëmmer méi dacks Kënschtler en résidence – esou stëmmt et duerchaus, dass esou Initiativen nach ze seele sinn.

Och schénge gewëssen Entwécklungen net un den Terrain ugepasst ze sinn, sou den Tonnar: „Elo soll et beispillsweis Subside fir Manager ginn – op meng Nofro, op dat och gëllt, wann ee säin eegene Manager ass, krut ech gesot, dass dat net geet. Mä ee fräischaafende Kënschtler ass hei am Land meeschtens säin eegene Manager. Op mannst d’Halschent vu menger Aarbecht besteet aus mengem eegene Management, mengem eegene Booking, menger eegener Kommunikatioun – an dat ass natierlech Aarbecht, déi net bezuelt gëtt. Déi dréit just hier Friichten, wann ech duerno dierf Concerte ginn – a wann ech och do net méi bezuelt ginn, dann hu mer ee Problem.“

Géint d’Professionaliséierung

Problematesch ass virun allem och de Message, deen de Festival vermëttelt: „Wéi soll een d’Professionaliséierung no vir dreiwen, wann den déckste Kulturbetrib aus dem Land Leit net bezilt – ganz egal, op et sech heibäi ëm Amateuren oder Museker handelt, déi dat nieweberufflech maachen“, freet sech de Serge Tonnar.

Tatsächlech – an dat soten all déi vum Tageblatt befrote Museker, vun deenen, déi refuséiert hunn, matzemaachen bis zu deenen, déi opgetruede sinn – wierkt et e bëssen komesch, festzestellen, dass grad an der Philharmonie, déi jo awer iwwert ee konsequente Budget verfüügt, net bezuelt wëll ginn, wärend méi kleng Festivaller, Haiser oder Veräiner domat kee Problem hunn. „Ech mengen, d’Philharmonie schwieft a ganz anere Sphären. Mam Fräiraim wollte si d’Dieren e bëssen opmaachen, fir och enger anerer Zort Musek eng Plattform ze ginn“, esou ee Museker, deen net genannt wëll ginn. „Dat fannen ech u sech gutt – mä da muss een eben och no deene Reegele spillen, déi do baussen existéieren.“

An do baussen ass et esou, dass ee Museker, ganz egal, wéi ee Grad u Professionaliséierung en opweises huet, fir dat, wat e leescht, bezuelt gëtt. „Ech spillen zanter Joren iwwert d’ganzt Land a ginn engagéiert vu Kulturhaiser, ma och vu klenge Veräiner oder engem Jickeclub – an do bezilt all Mënsch“, esou de Serge Tonnar. „Dass een net iwwerall den nämmlechte Cachet kritt, ass kloer – do muss da jiddweree fir sech kucken, wat e fir acceptabel hält – a wat net. Doriwwer eraus hätt d’Philharmonie spéitstens zanter der Pandemie an dem Krich, déi alle béid konkret Auswierkungen op d’Wirtschaft an op d’Kulturzeen hunn, missen hiert Remuneratiouns-Konzept iwwerdenken.“

De Jo Kox gëtt ze bedenken: „Op eng Philharmonie iwwerhaapt dierf Concerten organiséieren, wou kee Cachet bezuelt gëtt, dat ass eng aner Diskussioun. Dat huet awer näischt mam Covid an och näischt mam Code de déontologie ze dinn. Et gëtt aner Beispiller: De Mudam huet eemol eng Plattform ugebueden, wou Lëtzebuerger konnte fir ee gudden Zweck ausstellen a verkafen. De Kulturministère finanzéiert Revue d’arts, wou den Auteur näischt kritt. Leider gëtt et nach esou Beispiller – mä et kann een net alles direkt eent zu eent ëmsetzen.“

Wann déi ganz Affaire ronderëm de Fräiraim-Festival eppes Guddes sollt mat sech bruecht hunn, da vläicht, dass d’Bezuelung vu Museker grad am ëffentleche Raum diskutéiert kéint ginn.