Theater„Dat wackelt a passt net“

Theater / „Dat wackelt a passt net“
Vun Hexen, Geeschter a louche Paschtéier: den zweete Volet vum „roude Fuedem duerch de roude Buedem“ Foto: MASKéNADA

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Fir den zweete Volet vun hirem ambitiéisen Esch2022-Projet „Ee roude Fuedem duerch de roude Buedem“ huet MASKéNADA de Jean Bürlesk an d’Mandy Thiery dozou engagéiert, den Obeler Bësch mat grujelege Gestalten an eng ontologesch Grozon tëscht Liewen an Doud ze verwandelen – an de Fraefiguren aus ale Legenden déi Platz ze ginn, déi se eigentlech scho laang missten hunn.

Ee gudde Mount, nodeem een am Ellergronn ee fragmentéiert a méisproochegt Lauschterstéck ëm eng Wiewerin an hire Mann, ee fanatesche Jeeër, bei engem Trëppeltuer konnt entdecken, bitt de Kënschtler*inne-Kollektiv MASKéNADA den zweete Volet vun hirem groussen Esch2022-Projet, deen a sechs Stécker opgedeelt ass an an deem al Lëtzebuerger Legenden, inspiréiert vum Mil Goerens sengem Wälzer „Eiser Soen”, op eng feministesch Aart solle beliicht ginn.

Ganz um Ufank, wärend de klenge Grupp nach bei Dagesliicht duerch de Bësch leeft, mëscht sech ee Stëmmechouer ënnert d’Leit, dee quasi monoton eng Rëtsch vu Recommandatiounen oplëscht, wéi ee sech als Fra ze verhalen huet, fir net Affer vun engem Iwwergrëff ze ginn. De Subtext vu sou Empfeelungen ass däitlech: Wann s de dech net esou verhäls, bass de wuel selwer Schold, wann en Typ sech un dir vergräift.
Domat gëtt och effektiv de roude Fuedem vum Projet débobinéiert – an „Nuetsgejäiz a Bëschgepëspers“ gëtt gewisen, wéi eng Roll d’Frae meeschtens a Grujelgeschichten hunn, a wéi och do fraefeindlech Stereotyppen tëscht Hex an Affer gepfleegt ginn.

Virdru gouf den Theatergänger op der Beetebuerger Gare ofgeholl a mat engem Retrobus aus de 70er an den Obeler Bëscht gefouert – wien hei un der Volleksbün hire „Bësch“ denkt, läit absolut richteg, Parallelen tëschent deenen zwee Stécker sinn, souwuel vum Konzept wéi vum Oflaf, definitiv do, wat net heescht, dass dat Gejäiz a Gepëspers zu Obeler net als eegestännegt Stéck géif funktionéieren.

No engem éischten Stopp zu Obeler, wou de Paschtouer (Luc Lamesch) de Public op eng stoesch Aart empfänkt, an eng kuerz Priedegt an der Kierch, gëtt hien am Bus weider Instruktiounen, wéi e sech wärend sengem Parcours ze verhalen huet – eng Täscheluucht erlaabt et, d’Kreaturen ze detektéiren, sollte se geféierlech ginn, huet jiddereen eng kleng Fläschelche mat Wäiwaasser, déi en op d’Monstere puche kann. Schonn hei gëtt d’inhärent Misogynie vum chrëschtleche Metarécit entbléisst: D’Fra staamt aus der Rëpp vum Mann, deen „d’Kréinung vun der Schöpfung ass“, a wien dat Weltbild a Fro stellt oder duerch säi rengt Dosinn op d’Kopp stellt, ass wuel eng „Beleidegung vum Bild Gott“.

Zeréck am Bësch

Wärend een am „Bësch“ vun der Volleksbün op sech eleng gestallt war a sech säin eegent Theaterstéck quasi zesummewierfele konnt, ass dës Erfarung eng kollektiv: De klenge Grupp gëtt duerch de Parcours virun allem vun der Figur vum Paschtouer guidéiert a bleift ëmmer nees stoen, wann en op eng méi oder wéineger grujeleg Figur stéisst: Do wier als alleréischt dem Gianfranco Celestino seng lasziv Melusinn, déi dem Schappmännchen (Mady Durrer) seng Hënn aus dem Waasser gezunn hunn.

De Jeeër weess net esou richteg, wat e mat der Melusinn soll maachen: „Dat wackelt a passt net“, mengt hien/si – alles wat net an eng heteronormativ Schabloun ka gestach ginn, ass onnatierlech an dofir verwerflech. Duerch d’Ëmkéierung vu Gender an der Besetzung vun de Figuren wierken dës Wierder natierlech ironesch, gëtt hire reaktionären Inhalt op eng verspillten Aart entbléisst – et ass dëst eng vun de gudde Regie-Afäll vun der Laetitia Lang. Weiderhi begéint den dapere Public engem Geescht, deen no senger Duechter sicht (Piera Jovic), dem Däiwel héchstperséinlech (Jean Bürlesk) an enger Hex (Elena Spautz), kuerz éiert se verbrannt soll ginn.

Leider wierkt d’Stéck trotz dem konzeptuellen Iwwerbau an trotz der linearer Erzielung deelweis genee esou fragmentéiert, wéi der Volleksbün hire „Bësch“. Déi eenzel Zeene si méi kleng Tableauen, déi a sech gekuckt duerchaus funktionéieren – mä et feelt engem deelweis de roude Fuedem, deen duerch den narrativen Encadrement iergendwéi versprach gouf an deen zwar thematesch duerchaus novollzéibar ass (et geet hei net just em déi Aart, wéi an de Legenden d’Fraefiguren ëmmer just als béisaarteg oder hëlleflos duergestallt goufen, mä och a virun allem dorëms, wéi vill vu genee deene Klischeeë mir an eisen Alldag importéiert hunn), mä an der Praxis net präzis genuch eriwwer kënnt. Well déi verschidde Figuren awer vun enger Zeen op déi aner ëmmer nees opdauchen, hätt ee méi kënnen op Kohärenz a Charakterdéift setzen.

Dëst ass ëmsou méi schued, well déi verschidde Figuren eigentlech vill méi Potenzial haten, wéi dat, wat déi puer Zeenen aus hinne maachen. Dat läit vrun allem dorunner, dass déi verschidde Schauspiller zu all Zäitpunkt iwwerzeegen – sief et dem Luc Lamesch säi fanatesche Paschtouer, dee sech no an no an ee Béischt verwandelt, dem Piera Jovic seng „wäiss Fra“, déi no hirem verluerene Kand klot, oder dem Elena Spautz seng Hex, déi an engem vun de beschte Passagë vum Stéck un ee Poul gebonnen ass, op hir Verbrennung waart a vun hirem Liewen ënnert de Mënschen zielt. An der Schlusssequenz kommen dann all d’Handlungsfiedem zesummen – well awer de Lien zu de Personnagen esou fragmentéiert ass, wierkt déi Zeen, och wa se ënnerhält, e bëssen opgesat.

Nawell geet d’Konzept op, well MASKéNADA et och hei nees versteet, hiren in situ Theater op eng spannend Aart anzepaken an Theater ze maachen, deen och Leit unzitt, déi normalerweis vun der sozialer Schwell, déi en Theaterhaus dann awer ëmmer duerstellt, ofgeschreckt sinn. „Nuetsgejäiz a Bëschgepëspers“ ass ästhetesch usprochsvoll, ënnerhalsam – a gläichzäiteg eng Hommage un all déi, déi „wackelen an net passen“.

Info

D’Stéck gëtt nach den 18., 20., 21., 27. an 28. Mee gespillt. All d’Virstellunge sinn ausverkaaft. Méi Infos op: maskenada.lu.