ForumKatastrophal an deier Gestioun vun der CNA-Kris duerch de Kulturministère

Forum / Katastrophal an deier Gestioun vun der CNA-Kris duerch de Kulturministère
Das CNA in Düdelingen Foto: Editpress/Julien Garroy

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

De Centre national de l’audiovisuel (CNA) muss „moderniséiert“ ginn, sot d’Kulturministesch Sam Tanson an engem rezenten 100,7-Interview. Där Meenung waren och d’Mataarbechter vum CNA scho virun e puer Joer. Si haten esouguer 2016 en interne Seminär organiséiert, fir doriwwer ze diskutéieren. Blouss … dat huet den neien Direkter vum CNA, de Paul Lesch, null interesséiert, genau sou wéineg wéi alles, wat d’Organisatioun vum CNA betraff huet.

* Zum Autor

De Joy Hoffmann ass fréiere Mataarbechter vum CNA

Schwéier ze gleewen, mee am Endeffekt ass et him wuel just drëm gaange, fir sech no baussen als Direkter ze profiléieren a fir de Rescht sengem perséinlechen Hobby als „Filmhistoriker“ nozegoen. Dobäi eraus koum elo rezent eng … Hitchcock-Ausstellung an en Hitchcock-Buch, an dat vum Direkter vun engem Lëtzebuerger Filmarchiv, finanzéiert mat ëffentleche Gelder.

Nach haut weess de Paul Lesch net, wat a sengem Betrib leeft, a kann zu kengem Dossier fundéiert Aussoe maachen, geschweige da selwer Decisiounen huelen. Iergendwann huet de Kulturministère dat dann och gemierkt, an 2018 di éischt fatal Decisioun geholl. Dräi extern Consultante goufen no a no vum Ministère engagéiert fir d’Reorganisatioun vum CNA an de Grapp ze huelen. Zousätzlech huet den total depasséierten, passiven a just u senge perséinleche Projeten interesséierten Direkter am Juli 2020 quasi iwwer Nuecht eng jonk an onerfueren, awer iwwerméisseg ambitiéis Mataarbechterin, d’Alessandra Luciano, zu senger  „Attachée“ gemaach, vun där bis haut nach keen um CNA gesot krut, wat hir Missiounen eigentlech sinn.

D’Direktioun vum CNA ass dunn de facto vun den auslännesche Consultanten iwwerholl ginn. D’Manéier an d’Philosophie, mat där si d’Reorganisatioun – ouni iergendeng Kenntnis vun der Lëtzebuerger Gesellschaft a Kultur – wollten duerchpäitschen, ass vun de Responsabelen um CNA awer a Fro gestallt a kritiséiert ginn. Amplaz mat dem wëllegen CNA-Personal ze schwätze, fir zesummen déi néideg Reformen auszeschaffen an ëmzesetzen, sinn déi Leit, déi zanter Joren den CNA opgebaut hunn, an dobaussen als extrem raisonnabel an kompetent unerkannt sinn, doropshin vun der Attachée an de Consultanten kuerzerhand ausgeschalt ginn. Den offiziellen Organigramm vum CNA ass ausser Kraaft gesat ginn, wat limit illegal ass, an d’Attachée an d’Consultanten hunn déi offiziell Responsabel an en Deel vum Personal systematesch denigréiert, humiliéiert, esouguer plakardiséiert oder massiv ënner Drock gesat. Duerch onvirsiichteg opgeloossen Chatten an hirem Channel, deen se bezeechnenderweis „Mean Girls“ genannt hunn, ass hiert inakzeptabelt Behuelen vis-à-vis vum Personal schwaarz op wäiss dokumentéiert (an och der Ministesch bekannt). Esou schreift eng vun de Consultanten z.B. no Protester vun de Responsabelen: „We have to get team governance in their cages!“, an d’Marianne Backes aus dem Kulturministère gëtt zitéiert: „The show must go on“! Do derniewent hunn se sech och an deenen Chatten iwwert dem Direkter seng Inkompetenz lëschteg gemaach!

Nodeems Membere vum Personal vun Dokteren obligéiert goufe, krankheetsbedéngt eng länger Paus ze maachen, de Service psychologique vun der Fonction publique Alarm geschloen huet, well e vu Leit aus dem CNA iwwerlaf gouf, an e groussen Deel vum CNA-Personal, dorënner all d’Chefs de Département et de Services, bei der Ministesch intervenéiert sinn, huet d’Sam Tanson eng zweete Kéier den Direkter desavouéiert, grad wéi hir eege Mataarbechterin, d’Marianne Backes, déi den Dossier am Kulturministère „geréiert“ huet: d’Consultanten goufen an d’Wüüst geschéckt. Et ass awer näischt géint Mme Luciano ënnerholl ginn, déi genau esou responsabel an incapabel war wéi d’Consultanten, an dobäi och nach géint hir eege Kolleege virgaangen ass

Am totalen Onverständnis vun der Situatioun am CNA hëlt d’Sam Tanson dann eng weider fatal Decisioun, a setzt op eng Mediatioun, do, wou absolut näischt ze mediéiere war bei engem total onasiichtegen a weltfriemen Direkter. Fir d’Personal goung de Calvaire weider, just elo op méi eng douce a pervers Manéier. Niewent engem Lëtzebuerger gouf eng däitsch Mediatrice, di kee Franséisch a kee Lëtzebuergesch versteet, engagéiert: eng total verréckt Iddi, wou dach e gudden Deel vum Personal frankophon ass. D’Mediateuren, déi vum CNA bezuelt goufen, sinn alles wéi net neutral virgaangen an hunn et och zu weidere Konfrontatioune komme gelooss, well eng kleng Minoritéit vu Leit, déi zum Deel ënnert der Direktioun vun der Attachée nei agestallt goufen (dorënner der Attachée hiren eegene Schwoer!) vun der Passivitéit vum Direkter profitéiert hunn, fir sech privilegiéiert Plazen ze assuréieren an elo mengen, si hätten d’Soen am CNA. Se hu sech mëttlerweil och all englesch „Manager“-Titelen zougeluecht.

No oft infantile Spillercher a stonnelaangen a konfuse Reuniounen, déi ausser weidere Stress fir d’Personal näischt bruecht hunn, hunn och d’Mediateuren no fënnef Méint, ouni Resultat d’Handduch geworf.
Wärend de Kulturministère also Schratt fir Schratt selwer fir d’Eskalatioun vun der Kris am CNA gesuergt huet, konnt ee sech d’Fro stellen wéi dee Betrib iwwerhaapt opgestallt wier, a wien do fir wat responsabel wier? Wou war z.B. de Jo Kox, dee sech als Direkter vum Kulturministère un éischter Stell hätt misse responsabel fille fir dësen Dossier?

Kee Mënsch huet eppes vun him gehéiert a gesinn, ausser dass en deene Leit vum CNA, mat deenen e wärend Joren zesummegeschafft huet an déi en zum Deel gutt kannt huet, bei all Geleeënheet systematesch aus dem Wee gaangen ass, wéi wann et Pestiferéierter wären. Wéi wa mënschlecht Behuelen an zesumme schwätzen Tabu am Kulturministère wären. D’Sam Tanson huet sech grad esou respektlos beholl. Ausser zwou offiziell Entrevuen, vun deenen déi éischt vun engem Grupp vu 24 Leit vum CNA an déi zweet vun der CGFP ugefrot gi war, huet si sech ni bei de Mataarbechter vum CNA gemellt, fir sech iwwert d’Situatioun ze informéieren. Se war wuel beschtens vun hirem desavouéieren Direkter an d’Bild gesat!

Eréischt no zwee kriteschen Artikelen an der Press huet d’Ministesch elo per Arrêté ministériel e Comité d’Accompagnement agesat, deen d’Direktioun vum CNA iwwerhëlt, a se huet deemno op en neits de Paul Lesch a seng Attachée desavouéiert. Méi schlëmm kann et fir en Direkter net kommen, ausser e gëtt demissionéiert, wat anscheinend net an de Lëtzebuerger Gewunnechten ass.

Wärend d’Personal an Ënnerbesetzung, an an engem totalen organisatoreschen an hierarchesche Flou, sech ofrackert, fir sengen Engagementer, notamment vis à vis vun „Esch 2022“, nozekommen, behuelen d’Sam Tanson an de Jo Kox sech weider, wéi wa se e Kapp an en Aasch mat hirem erwisenermoossen incapabelen Direkter wieren, ëmäermelen hien an der Ëffentlechkeet a reesen zesumme mat him an d’Ausland. Deier Auslandsreesen a Brasilien, Portugal, Ungarn an op Venedeg schéngen eng extra Belounung fir en Direkter ze sinn, deen do just Figuratioun mécht, well en näischt Fundéiertes zu den CNA-Projeten ze soen huet. An d’Attachée reest meeschtens och nach mat.

Bei di wuel enorm Zommen ewechgeworfe Sue fir incapabel Consultanten a Mediateuren stinn dann och nach di weider onberechtegt an deier Auslandsreesen vum Direkter zu Buch. Niewent dem finanzielle Gaspillage huet d’Kulturministesch sech awer och wärend iwwer zwee Joer incapabel gewisen, fir d’uerdentlecht Fonctionnement vun  hirem Kulturinstitut, a virun allem, an dat ass dat Schlëmmst, fir d’Gesondheet an d’Wuelbefanne vun hire Beamten ze suergen.

jung.luc.lux@
6. Mai 2022 - 7.23

Alt erem politesch Inkapaciteit.

zahlen
5. Mai 2022 - 16.58

Nepotismus huet nach ni eppes bruecht, ausser der Famill.

Octavie Wolter
5. Mai 2022 - 10.21

Hauptsache nach vorne schauen und weiter wirken.... Die Affäre Gartenhäuschen ist noch lange nicht ausgestanden, da deutet sich eine neue Affäre bei den Grünen an. Diesmal mit dem Umgang mit Steuergeldern und Schlendrian.