This Hard Minett Land (2)D’Uelzecht (The River)

This Hard Minett Land (2) / D’Uelzecht (The River)
 Bild: Dan Altmann

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Ech kommen aus dem Uelzechtdall, Monsieur, ech si vun Dummeldeng. An natierlech huet meng Famill probéiert, mech gutt ze erzéien, et sollt eppes aus mir ginn, an natierlech sollt ech esou ginn, wéi mäi Papp. Just koum dunn den zweete Weltkrich.

Elo nennen se hien e Gielemännchen. An hie wunnt net méi hei am Land, huet sech ewechgemaach an eis, meng Mamm a meng fënnef Geschwëster, aleng hei sëtzegelooss, direkt nom Krich, ouni Suen an näischt.

Ech hu missen ophale mat léieren, hu mir eng Schaff gesicht. Ech hat keng aner Wiel. Ech hunn et hei zu Dummeldeng op der Schmelz probéiert, mee ze vill hunn der mäi Papp kannt. Esou ee wëlle mer hei net! Du sinn ech op Esch gaangen, an zu Esch hu se mech geholl. Se hu mech mat oppenen Äerm empfaang, well se der gebraucht hunn, esou er wéi mech, jonk a staark, a keen huet no mengem Papp gefrot. Vu mengem klenge Loun hunn ech de gréissten Deel menger Mamm ginn, déi sech néierens méi weise konnt, well se sech esou geschummt huet.

D’Marie hunn ech am Zuch kenne geléiert. Hatt hat just 17 Joer an ass all Dag vu Miersch an d’Stad gefuer, fir an der Maison Moderne ze schaffen, als Vendeuse. Hatt huet do déi neiste Moud aus Paräis verkaf, an hatt war gutt doranner, ëmmer frëndlech a fein. Ech sinn och mam Zuch an d’Stad gefuer a vun do aus weider op Esch, op meng nei Schaff. Mir souze knapps zéng Minutten am Zuch beieneen, vun Dummeldeng aus iwwert d’Brécke bis op d’Stater Gare, laanscht an dann iwwert d’Uelzecht, eise Floss, dono äddi a bis mar.

An de Weekend sinn ech hatt mat menger Vespa an der Gelatine an den Hoer op Miersch siche gaangen, hatt huet op der Méchelsplaz gewaart. Bei hatt heem konnt ech net, säi Papp war an der Unioun gewiescht, hie war Resistenzler, a wann dee gewuer gi wär, mat wiem säin eenzegt Meedchen sech agelooss hat, ma léiwe Monsieur, da wär et Knuppefreed ginn.

Esou ass d’Marie op der Méchelsplaz hannen op meng Vespa gesprongen, huet seng Äerm ëm mech geluecht a sech fest widder mech gedréckt, a mir sinn zesummen erof bei d’Uelzecht gefuer, déi sech vun Esch laanscht Stad geschlängelt huet an déi de Geroch vun eiser grimmeleger Zukunft mat aus dem Süde bruecht huet. Aus deem roude Süden, do wou kee mech kannt huet, do wou ech e Frieme war.

Um Luerenzweiler Futtballsterrain haten se Zeltfest, ech an d’Marie hu gedanzt. Vu „Schwarzbraun ist die Haselnuss“ bis „Island in the Sun“ war alles dobäi a fir ee Moment hu mir neelech gegleeft fräi ze sinn. Mir hunn de Riesling Sylvaner vun der Musel gedronk an den Henri Funck aus dem Neiduerf an hunn deen neie Fräiheetsdoft, dee vun der Uelzecht iwwer d’Wisen eriwwer gezunn ass, ageotemt, wann et no Hallefnuecht fiicht a kal gouf a mir vum Alkohol gegloust hunn.

An um dräi Auer war d’Fest eriwwer, mee mir konnten net heem, well mir keen Doheem haten. Da si mer duerch d’Wise bis bei de Floss, eise Floss, gaangen. Dem Marie säi Petticoat gouf naass a meng schwaarz lacke Schong ware voll Bulli. Op eng Decken hu mir eis un d’Uwänner gesat. „Richs du de Minett, d’Eisen an de Stol am Waasser?“, hunn ech d’Marie gefrot, an hatt huet mam Kapp gewénkt: „Esou richt eist neit Doheem, eis kleng Famill.“

Do ënne beim Floss hunn ech d’Marie déi éischt Kéier gekësst. Mir hate jo keng Anung.

An du gouf d’Marie schwanger, laang huet et gedauert, bis mir verstanen haten, firwat säi Bauch ëmmer méi déck gouf an datt dat eppes mat eiser Léift a mat der Uelzecht ze dinn hat. Ech hu menger Mamm näischt gesot, Monsieur, an dem Marie säi Papp huet hatt op d’Strooss gesat, wéi hatt him alles gebeicht hat. Jo, gebeicht, esou sot hatt.

Zu Esch goufe mir just op der Gemeng bestuet, net an der Kierch. Am Süden, dee scho villes gesinn hat a kal a waarm gewinnt war, war dat schonn deemools näischt Aussergewéinleches, de Paf huet net missen dobäi sinn. Mee datt d’Marie keen Hochzäitskleed unhat an ech kee schwaarze Kostüm, dat huet eis verdrësserlech gemaach, an och, datt kee vun der Famill dobäi war.

Aus eiser Zukunft gouf d’Géigewaart an dunn d’Vergaangenheet, eis Dreem si verblatzt, mee de Süden huet eis opgeholl a gefiddert, wéi schonn esou vill anerer virun eis.

An heiansdo ginn ech nach emol erof bei d’Uelzecht, se richt ëmmer nach d’selwecht, just datt d’Zukunft elo vill manner lackelt wéi deemools. An heiansdo huelen ech de Pit, mäi klenge Jong, mat an erklären him, datt d’Waasser vun der Uelzecht an d’Sauer an an d’Musel leeft, dann an de Rhäin an datt de Rhäin an dat grousst Mier leeft, an datt hannert deem Mier Amerika läit. Dat gefält him. Ech weess net firwat.

The River

I come from down in the valley
Where mister, when you’re young
They bring you up to do like your daddy done
Me and Mary we met in high school
When she was just seventeen
We’d drive out of that valley
Down to where the fields were green

We’d go down to the river
And into the river we’d dive
Oh down to the river we’d ride

Then I got Mary pregnant
And man, that was all she wrote
And for my nineteenth birthday
I got a union card and a wedding coat
We went down to the courthouse
And the judge put it all to rest
No wedding day smiles, no walk down the aisle
No flowers, no wedding dress

That night we went down to the river
And into the river we’d dive
Oh down to the river we did ride

I got a job working construction
For the Johnstown Company
But lately there ain’t been much work
On account of the economy
Now all them things that seemed so important
Well mister, they vanished right into the air
Now I just act like I don’t remember
Mary acts like she don’t care

But I remember us riding in my brother’s car
Her body tan and wet down at the reservoir
At night on them banks I’d lie awake
And pull her close just to feel each breath she’d take
Now those memories come back to haunt me
They haunt me like a curse
Is a dream a lie if it don’t come true
Or is it something worse
That sends me down to the river
Though I know the river is dry
That sends me down to the river tonight
Down to the river
My baby and I
Oh down to the river we ride

Bruce Springsteen

(from the album The River, 1980)
© Sony Music Publishing/Eldridge

Zur Persoun:

De Roland Meyer ass 1963 zu Lëtzebuerg gebuer. Hien ass vu Beruff Schoulmeeschter, hien ass bestuet a Papp vun zwee Jongen. Hien huet d’„Theaterschoul“ vum Educatiounsministère gegrënnt an zéng Joer laang geleet a schafft elo als IEBS. Hie schreift Bicher, Hörspiller, Zeitungsartikelen, Theater- a Kabaretstexter fir Kanner an och fir erwuesse Leit. Seng Bicher „Muedebëtzeg“ (Lëtzebuerger Buchpräis 2012), „Roughmix“ (Servais-Präis 2015) an „Tel Mo“ (Lëtzebuerger Buchpräis 2017) goufen ausgezeechent. Donieft ass hien aktiv als Musiker, bei de Bluesbands The Winklepickers an The Horse Blinders, als Kabarettist mat Soloprogrammer a beim Kabaret „Sténkdéier“, an als Regisseur bei Kabarets- an Theaterproduktiounen.