LuxemburgensiaDe Wolak hëlt seng Fieder an de Grapp a schreift ee weidert Guy-Rewenig-Buch

Luxemburgensia / De Wolak hëlt seng Fieder an de Grapp a schreift ee weidert Guy-Rewenig-Buch
De Lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Rewenig (C) Peuky Barone

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Dem Guy Rewenig seng néng „onméiglech“ Geschichte schwanken tëschent satirescher, e bëssen ze graffer Sozialkritik an e puer méi laangen, ambitiéisen Erzielungen, déi souwuel stilistesch ewéi och poetologesch méi ausgeräift sinn.

Eigentlech ass et scho bal ee Sabotage vun all Rezensioun, senge Bicher onendlech laang Titelen ze ginn, déi de Kritiker weder allkéiers ganz zitéieren, nach mat engem Akronym (an dësem Fall wier dat eppes ewéi: DHHBMKFELADSVSHAKDSME) ofkierze kann.

No „Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns“ (kuerz: DWDSAWDMKDMR) an „Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch“ (DHMSISSALAG, pour les intimes) ass dann elo mat „Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk“ een neie Band mat Kuerzgeschichten eraus, deen d’Ambitioun huet, nieft dem Här Müller am Guinnessbuch ze landen – an der Kategorie „längste Buchtitel“.

Iwwert säi Schiet gesprongen ass de Guy Rewenig awer, am Géigesaz zum Här Müller, net wierklech: De Rewenig-Lieser ass hei, wéi den Titel, dee sech an enger Kontinuitéit mat den zwee leschte Bänn befënnt, et schonns annoncéiert, op relativ vertrautem Terrain.

Néng „onméiglech Geschichten“ sinn et, déi de Kult-Auteur, dee weist, dass de Schrëtt vum Enfant Terrible zum rosenen eeleren Här heiansdo net ganz wäit ass, dem Lieser dës Kéier ubitt. Dës Kuerzgeschichte spille mat der Zweedeitegkeet vum Adjektiv, dat si bezeechent: „Onméiglech“ bezeechent hei net ëmmer just ontologesch Onméiglechkeeten (ewéi beispillsweis ee véiereckege Krees), mä dacks och Geschichten, an deene Leit sech onméiglech verhalen oder an eng onméiglech – am Sënn vu penibel, schwiereg – Situatioun geroden.

Opfälleg ass net just d’ënnerschiddlech Längt vun de Geschichten, déi tëschent aacht a 96 Säite pendelen, mä och hier ënnerschiddlech Qualitéit: Do, wou verschidden Erzielungen– virun allem déi méi kuerz – éischter u kabarettistesch Texter erënneren a fir hir satiresch Sozialkritik, speziell wann et em Konsumkritik oder d’Pandemie geet, heiansdo den (ze) décken Hummer auspaken, gesäit een an zwee vun den dräi méi laangen Texter nees, wat de Auteur kann, wann en net op Autopilot schalt.

Schnurres a Geldautomat

Déi éischt Geschicht, „Countdown“, kënnt am noosten un eng sougenannten ontologesch Onméiglechkeet erun: E bësse wéi am Emmanuel Carrère sengem Roman „La moustache“ bréckelt der Erzielfigur hir Existenz vun engem Ablack op den aneren auserneen. Wéi an der „Moustache“ fänkt et mat engem klengen Detail un – beim Carrère senger Figur war et de Schnurres, beim Musekdozent Damien Linden ass et een ondugene Geldautomat, deen dem Erzieler seng Kreditkaart net just ofschléckt, ma ebe refuséiert, se nees erauszespäizen.

No an no verschwënnt dem Museker seng Identitéit – säin Auto, säin Telefon gehéiere scheinbar anere Leit, seng Aarbechtskolleegen erkennen hien net an den eenzege Fofzeger, deen en nach huet, ass gefälscht, wat zu enger Course-Poursuite mat engem aggressiven Taxischauffer féiert. Well d’Datebank, déi „ëmmer um leschte Stand ass“, hien net kennt, gëtt et den Damien Linden eenzock net méi: Am digitale Kapitalismus entscheeden de Geldautomat an de Server, wien d’Recht huet, z’existéieren – a wien net.

Wéi den Damien ee Leidensgenosse kenneléiert, deen als éischt mat him an enger Heck, duerno an den Déifte vun engem Chantier lieft, entwéckelt sech dem Rewenig seng Geschicht an eng aner Richtung – iergendwéi erënnert d’Liewen an der Peripherie vun enger Stad, déi ëmmer méi eidel gëtt, un eng Kräizung vun der Fiktiounswelt aus dem Paul Auster sengem „The Country of Last Things“ mam Beckett sengem Gaalgenhumor.

Manner iwwerzeegend ass d’Sozialsatire, well se oft ze graff an ze beméit ass: Esou stéisst d’Erzielfigur vun „Ech kafen näischt!“ am Shopping Center Mirabilis op e Grupp vu Konsum-Resistenzler, déi am Café Nada Taass iwwert Taass vum Cappuccino Boykott, deen aus „autonome latäinamerikanesche Cooperative“ kënnt, drénken a sech saudeier T-Shirten, op deenen de Logo „Ech kafen näischt!“ prangt, an de Galeries La Manif kafen.

Och wann de Rewenig hei, ganz nom Althusser, weist, dass een ëmmer schonn an enger Ideologie opwiisst an dass et am spéide Kapitalismus kee Baussent vum Goss, keng Alternativ zum Kapital méi gëtt – den Text ass zevill plakativ a mécht iwwerdeems all deenen, déi sech fir Nohaltegkeet asetzen, den implizitte Virworf, dass se dach souwisou just Heuchler sinn.

Dat nämmlecht gëllt fir „En Haus mat rouder Fassad“, „Autoerotik“ a „September“: Hei sinn effektiv Schlag op Schlag déi véier schappegst Erzielunge hannereneen an déi éischt Hallschent vum Band gepaakt ginn.
D’Koppel, déi wéinst der Pandemie fir d’éischt net kann hier alljärlech Vakanz um Vierwaldstätterséi maachen, doheem um Balcon de Séi zeenografesch no- an duerno feststellt oder sech ariet, dass et do eigentlech zimmlech null ass, de Jong, dee vu Gebuert aus esou konditionéiert gëtt, dass en ee quasi pavlovianeschen Auto-Fetisch entwéckelt a wéinst der Pandemie fäert, um Autosfestival net genuch Ëmsaz ze generéieren, oder eben eng aner Koppel, déi no der idealer Faarf fir eng nei Fassad sicht: All dat liest sech leider plazeweis genee esou midd, wéi et hei am Résumé duerchschéngt.

Och sinn déi heiansdo gelungen Ticker, Manien an Obsessioune vun de Figuren – de Mann, deen onbedéngt e Steen an de Séi puche wëll – net ëmmer topeg oder metaphoresch genuch, fir iwwert hire Manktem u Glafwierdegkeet ewechkucken ze loossen.

Vun Nilpäerd, Seechomessen, Marderen an Oktopussen

D’Titel-Geschicht ass eng zimmlech previsibel, awer legitim Kritik un der Relatioun tëschent Kënschtler a Staat, hei literaresch duergestallt duerch en Text vum Schrëftsteller a Rewenig-Alter-Ego Wolak, dee vun der Schoulkommissioun vum Programm erofgeholl gëtt, well en net pedagogesch genuch ass, „d’Kanner behandelt, wéi wa si eegestänneg denke kéinten“ – laut dem Wolak „ee schroe Feeler“ – a souwuel Critèrë vun Diversitéit wéi politescher Korrektheet vermësse léisst. Och wann den Text e bësse graff ass, deet et gutt, dorunner erënnert ze ginn, dass Literatur ebe grad soll do sinn, fir Lutepottoen ze béien – an net, fir musse moraleschen Imperativen hannendrun ze lafen.

„Schaarf Kéier“ erzielt déi tragesch Geschicht vum Schnëppel-Genie Mario – hei gëtt net just d’Diskrepanz tëschent Intentioun an Interpretatioun, Banneliewen an Aussewelt op tragesch Aart illustréiert an eng Allegorie vum kënschtleresche Schafen beméit, mä och gewisen, wéi, wann eng Persoun bis an den Trëndel vun de Virurteeler geroden ass, d’Schemae vun der gesellschaftlecher Verurteelung fonktionéieren.

Wa mer scho beim Thema sinn: Ee méi gelongenen Exercice de style ass de „Vollekssport“, deen de Lëtzebuerger hir Liblingsbeschäftegung – d’Beschäissen – an den Zentrum stellt a ganz no der syntaktescher Verschachtelungslogik vun „Wann ären Décken eisen Décken nach eemol Décke vernennt“ eng Lawin vu Beschass a Béisaartegkeet lassklappt, déi vläicht iwwerdriwwe wierkt, mä de ganzen traurege Klaatsch einfach just esou kondenséiert, dass een net méi weess, op ee laachen oder d’Valiss pake soll.

Déi zentral a vläicht spannendst Erzielung ass „Geforen a Virdeeler vum Sonndesjogging“, eng zimmlech laang Kuerzgeschicht iwwert den neien Direkter vun der BNL an ee méi oder manner diskreten Hommage un de Claude D. Conter, fréieren Direkter vum CNL, haut Direkter vun der BNL (schued, dass et am Kulturbetrib keng ANL gëtt, soss kéint de Claude iergendwann weider am Karriär-Alphabet no vir klammen) an haut den Owend Lies-Partner vum Guy Rewenig am CNL.

De Marc Paasch ass den neien Direkter vun der Nationalbibliothéik, kann awer keng Bicher méi gesinn. Wärend sengem Jogging geet et him drëms, de „Kapp ze lëften“, fir all déi „Gedankeknätzelen, all dat intellektuellt Gelëmps“ lasszeginn – hien denkt ënner anerem un d’Sécherheetsproblemer vun der BNL, d’Liesfaulheet oder den Analphabetismus vu senge Landsleit, eng grouss Natioun vu „Bicherabstinenzler“, déi d’nei Bibliothéik ëmmer méi wéi eng touristesch Etapp betruechten, an u seng Sonndes-Visitte mam Wolak, deen him ënner anerem erzielt, wat fir en „Techtelmechtel“ tëschent de verschiddenen Déieren an de Kannerbicher start, soubal een déi Wierker zoumécht a se an d’Regaler stellt. Wat d’Erzielung u Linearitéit vermësse léisst, mécht se mat hirer Kreativitéit, hirer verbaler Prouesse an hiren Iwwerleeungen iwwert de soziokulturelle Stellewäert vun der Luxemburgensia nees wett.

Am Kader vun dem nächste Band kéint dem Guy Rewenig säin Editeur entweder ee Guy-Bot entwéckelen, deen divers Titelvirschléi erausspäizt, oder ee Gewënnspill organiséieren, ganz am Genre vun: „Schéckt och dir ee Guy-Rewenig-Titel eran – a gewannt een Openthalt um Vierwaldstätterséi“. Mäi Bäitrag ginn ech hei schonn of: „Do wéinstens däi Kalzong un, wann s de mat de Schubbkar duerch de Cactus leefs.“

Info

„Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk” vum Guy Rewenig, 2021, Editions Guy Binsfeld, 306 Säiten, 20 Euro

Den Owend liesen de Guy Rewenig an de Claude Conter am Kader vun der Soirée „Schnéiwäiss Männer“ am Mierscher CNL um 19.30 Auer