LeserbriefUEFA, onbeléierbar

Leserbrief / UEFA, onbeléierbar
 Foto: dpa/ANP/Maurice Van Steen

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wann ech den AFP-Artikel „La locomotive des femmes arbitres“ liesen, dréint sech bei mir de Mo. Net, well dee Luef fir d’Stéphanie Frappart, déi bescht Fussball-Arbittesch an Europa, mir mëssfält, mee ganz am Géigendeel. Den Inhalt, eng Biografie vum Stéphanie Frappart, ass ganz korrekt recherchéiert a stellt déi franséisch Arbittesch op déi Plaz um Podium, déi si verdéngt.

Eng zolidd Dosis Hypokrisie ass trotzdeem net ze iwwersinn.

Laut dem AFP-Artikel figuréiert d’Madamm Frappart op der EM „sur le bord de touche“. Ech géif éischter soen, „elle fut mise sur la touche“, wat bedeit, datt si ecartéiert gouf. An elo muss si kontrolléieren, ob d’Futtballschong an der Rei sinn, respektiv de Spiller hir gëlle Kette versuergen.

Mais bon, léift Stéphanie, Dir dierft awer de Star-Traineren nolauschteren an Iech mat hirem onendleche Gebraddels erëmploen. Offiziell heescht Dir jo „Support-Schiedsrichterin“, dat, wat mir gemengerhand 4. Offiziellen nennen.

Déi 37 Joer al Ligue-1-Arbittesch huet 2019 schonns d’Supercup-Partie tëscht Liverpool an Chelsea mat Brio geleet (dixit „Kloppo“), dës Saison véier Europa-League-Matcher, zwee Häre-Lännermatcher an an der Champions League de Match Juventus géint Kiew.

Trotz alle positive Leeschtungen an Expertemeenungen packt d’Stéphanie Frappart et net an den illustre Krees vun den 18 EM-Arbitteren, woubäi verschidde Länner direkt duebel vertruede sinn, an esouguer en argentinesche Trio ageflu gëtt.

Eng absolut Diskriminéierung, eng Frechheet vun der UEFA, hirer Arbitterkommissioun mat un der Spëtzt dem fréieren Arbitter Roberto Rosetti.

Mat esou willkürlechen Decisioune wäert de Recrutement vun Arbitter-Kandidatinne bestëmmt keen Héichpunkt erreechen, bien au contraire, wann esou Virbiller ewéi d’Stéphanie Frappart weider mussen op der Touche bleiwen.

Einfach nëmmen traureg an onbeléierbar vu Säite vun der UEFA.

Bruno
18. Juni 2021 - 14.06

Et ass Fussball, dat sinn net grad déi schäerfste Messeren am Tirang.