LeserbriefWat Covid net alles rechtfäerdegt!

Leserbrief / Wat Covid net alles rechtfäerdegt!
 Foto: Editpress/Julien Garroy

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Eigentlech sinn ech jo ee relativ gedëllegt Wiesen, mee wann d’Faass bis iwwerleeft …

Iwwert zwee Méint war meng Mamm (82 Joer al) elo am CHEM zu Esch. Vun Ufank u krut ech keng Informatiounen, obwuel ech net hunn dierfe bei si. D’Personal huet säi Bescht gemaach, fir um Telefon op meng Froen ze äntweren, mee mech huet keen Dokter kontaktéiert. Hunn ech de „Médecin traitant“ ugeruff, goung et ëmmer zackeg, an ech wosst esouvill wéi virdrun. Wéi vill Mol si eng Anästhesie kritt huet, fir hir Vaku-Plooschter ze wiesselen, kann ech net soen. Ech hu just festgestallt, dass si ëmmer méi duerchernee geschwat huet. Eemol goung et hir esou schlecht, dass den Dokter dunn awer gemengt huet, ech kéint eemol bei si (ech hat hien ugeruff) … et koum ni méi eppes no. Virun enger Woch ass mer dunn awer de Gedoldsfuedem gerass, ech hunn den Dokter alt erëm kontaktéiert a krut gesot, si géif iwwerhaapt keng Fortschrëtter maaachen. Hie géif dann awer mol mam Covid-Dokter kucken, fir ee Besuch z’arrangéieren. (Do konnten zu Ettelbréck am Spidol d’Leit schonn erëm bei hir Famill, niewebäi bemierkt.)

Gutt, ech krut e Sonnde gesot, ech dierft dann eng Stonn bei si. E Méinden de Mëtteg war ech do, kee Mënsch dorëmmer, dee mer hätt kéinten eppes Konkretes soen …Test gemaach a basta. Dobäi goung et hir alles anescht wéi gutt. Sinn heem gefuer a war zimlech fäerdeg.

De Moie ruffen ech am Service un (wëll si jo net méi nerve wéi onbedingt néideg, ass jo och keng einfach Situatioun fir d’Fleegepersonal), do sot mer d’Infirmière: „Ah non, votre mère a été transférée à Dudelange hier vers midi.“ Keen um ganze Stack wosst, wou si dann lo do wier, keen hat et derwäert fonnt, mech unzeruffen, fir mer dat matzedeelen. A wat ass dat do fir eng Organisatioun, wa si dat e Méinden nach net wossten?! Ze soen, ech wier rosen, ass ënnerdriwwen. 

Kee Covid an och soss näischt rechtfäerdegt esou eng Behandlung vun de Patienten an hirer Famill. Dat ass rücksichtslos an eng ausgewuesse Frechheet.

Aender T.
16. Juni 2021 - 8.18

Mein tiefstes und ehrliches Beileid.Ihr Leserbrief hat mich dann heute zum heulen gebracht, wenn ich nur daran denken muss, daß meine Eltern nicht jünger werden, und ich sie nicht diesem System ausliefern will. Ich kümmere mich seit Jahren um meine Mutter, die Parkinson hat. Es ist lachhaft (leider gar nicht) wie elendig das Wissen hier im Land ist, und man brüstet sich mit dem Titel "Forschungsland" . . .ich will meinen Fall hier nicht breittreten... Ja "Blücher", sie haben sehr recht: Entertainment muss es sein, bling bling hier, und Inox Brücken dort. Geld ist da, für allesmögliche, nur nicht für menschenwürdige Altenpflege. Und ich sehe auch nicht, wo die junge Generation dazu erzogen wird, ihre Älteren zu respektieren, geschweige denn zu pflegen. Importieren wir noch ein paar Pfleger aus fernen Ländern...wer sich dann um deren Eltern kümmern wird . . .. Krankes System. Ich wünsche ihnen weiter Mut!

Blücher
15. Juni 2021 - 17.15

In erster Instanz sollten wir vielleicht uns Gedanken machen , welche Werte diese Gesellschaft und Politik vertritt die die älteren Generationen so behandelt. Es graut mir krank zu werden, genügt es mir schon als „Aalen“ in letzter Zeit öfters dumme , lästige Kommentare in der Öffentlichkeit oder hauptsächlich in Läden gefallen lassen. Medien und Politik scheinen nur noch Jugend und arbeitende Bevölkerung zu kennen , die „ Aal just nach als Mellechkouh „ , fehlt noch unser Radlerminister fordert die „ Aal mam Velo op hiert eegent Begriewnis fueren mussen“

HTK
15. Juni 2021 - 11.21

Bravo. Bei enger "Urgence"( Kappverletzung matt Nuesbludden)an der Kannerklinik Samsdes Owes kann een sech och waarm undoen. Sechs(6) Stonnen,bis muerges 3 Auer bis alles duerch war.Do schlofen d'Kanner um Stull,wann se net zevill Péng hunn,an d'Elteren um Buedem. Ma dat wor schon virun Covid nëtt besser.