LeserbriefUn déi gréng: Ecce homo

Leserbrief / Un déi gréng: Ecce homo
Von links nach rechts: Die grünen Minister François Bausch, Carole Dieschbourg, Sam Tanson, Henri Kox und Claude Turmes. Foto: Julien Garroy / Editpress

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

An de jéngsten Entwécklunge schéngt mir sech e Schema vun de grénge Spëtzepolitiker ze etabléieren. All Reform gëtt iwwert de Kapp vun de Matbierger, souguer Parteikolleegen (cf. Felix Braz), ewech gemaach. Och wann hei sech e Mëttwoch den Owend deene Gréngen hire Co-President Meris Sehovic kommunikatiounstechnesch probéiert huet, seng Partei als Opfer do stoen ze loossen an theatralesch vun der Verantwortung vum Land geschwat huet. Ob den Här Braz eng Méiglechkeet hat, gesond ze ginn, doriwwer ass net nogeduecht ginn, an am Moment gëtt sech hannert de Bestëmmunge vum CGPO verschanzt. Wéi gesot, weist sech hei fir mech e mëttlerweil bekanntent Schema, nämlech dee vun der Reform vum Behënnertentransport Adapto/Copas. Hei ass jo och vun dem grénge Spëtzepolitiker an zoustännege Minister François Bausch einfach iwwert d’Käpp vun den betraffene Leit ewech decidéiert ginn. Keng betraffe Persoun ass virun der Reform vum Adapto kontaktéiert ginn, fir mat hir participativ ze kucken, ob si kënnt den ëffentlechen Transport gebrauchen. Nëmmen op de Refus vun der neier Adaptoskaart huet déi betraffe Persoun theoretesch Méiglechkeet, sech ze wieren. Souguer dëst ass am Moment net ganz kloer, mee surtout net transparent. Ass den Déhumanismus elo den „nice to be“, den Trendsetter vun de Lëtzebuerger Gréngen? Wou d’Käpp vun de Leit näischt méi wäert sinn!

GeTee
19. Mai 2021 - 12.22

Bei deene fënnef gelt fir se alleguer deselwechte Motto : Wien se wielt kennt se net, wien se kennt wielt se net !!!!

de spëtzbouf
18. Mai 2021 - 16.09

Déi fönnef hu gutt laachen, endlech si se do, wou si hi wollten! Besonnesch dee vun der Musel freet sech wéi e Schnéikineck.

EgalWaat
18. Mai 2021 - 12.21

Bon, daat kritt een eben mat enger net gewielter an net gewollter Dreierkoalitioun aus Egomanen. Mat dessem Zesummenschloss wor jo schons gewosst dass et dessen Parteien un Demokratieverständnis fehlt an daat gett elo voll ausgeschöpft. Mir entweckelen eis emmer mei zu enger Diktatur an där e puer Mei- an vill Mannerkompetent Leid maachen waat se wellen, desst ass leider net nemmen bei den Gréngen den Fall. Mir hun elo mei Minister ewei je an et brennt an all Ministère... un waat daat wuehl leit?

de Schmatt
17. Mai 2021 - 19.20

Déi Gréng: null Empathie. Ce qu'il fallait démontrer. Carrieriste kenne kee Matgefill.

Jacques
17. Mai 2021 - 9.41

En excellente Lieserbreiw !

HTK
16. Mai 2021 - 10.13

Wenn man erst oben angekommen vergisst man schnell wer einem dorthin verholfen hat.Erinnern wir uns an den Grünen-Aufmarsch im deutschen Bundestag.Allen voran Joschka Fischer in Jeans und Turnschuhen. Etwas später hat er sowohl die Kleiderordnung als auch die Gesinnung geändert und deutsche Soldaten weiter geschickt als deren Väter je gekommen sind.

Appel
15. Mai 2021 - 14.32

Ganz gudde Kommentar, ësou wéi gewosst wann déi Grünspechte bis derbei sinn,dann gëtt séch ferm geseent,alles waat Gréng ass, daat ass dann vergiess.Lamentabel Gesellschaft.

Sputnik
15. Mai 2021 - 12.08

Diesem Kommentar ist nichts beizufügen und entspricht à 100% den Gegebenheiten.

Blücher
15. Mai 2021 - 11.53

Willkommen in der realen Welt . Die Gesellschaft die die Grünen einst so bekämpften, sind sie selber ein Teil von derer geworden und übertrumpfen diese, indem sie mit der Kelle aus dem Vollen schöpfen, die reaktionäre Politik durch das Ökodiktat ersetzen.