ForumQui se moque du monde?

Forum / Qui se moque du monde?
 Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

A sengem „Bäitrag zum Logements-Noutstand“ (sic) stellt de President vun der UEL (Union des entreprises luxembourgeoises) eng Ausso „vum Emmanuelle Cosse, der fréier franséischer Logementsministesch ënnert dem Emmanuel Macron a Generalsekretärin vun de franséische Gréngen“ an d’Fënster: „Invoquer l’écologie pour bloquer des constructions, c’est se moquer du monde.“ Dës Ausso, an nach e puer aner, zitt den Här Reckinger aus dem franséische Kontext, fir sech iwwert d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg auszeloossen an ze behaapten, d’Ëmweltpolitik wier um Logements- Noutstand Schold.

Dat ass natierlech eng gewoten Approche. An duerfir misst een als éischt d’Situatioun a Frankräich zumindest e bëssche kennen a richteg duerstellen. Dat mécht den Här Reckinger awer net. Well d’Madamm Cosse war zu kengem Moment Ministesch „ënnert dem Emmanuel Macron“. Si war et ënnert dem François Hollande! An no hirer Wal als Presidentin vun der „Union sociale pour l’habitat“ am November 2020 schreift déi franséisch Presseagence AFP: „La nouvelle présidente succédera […] au socialiste Jean-Louis Dumont [qui] a notamment dû gérer les importantes économies demandées au monde HLM sous l’actuelle présidence d’Emmanuel Macron.“ Och d’Madamm Cosse thematiséiert Ufank 2021 an hirem Interview op Franceinfo (aus deem den Här Reckinger zitéiert) nach eng Kéier, dass si net genuch Sue kritt fir hir Aufgab ze erfëllen, dass munch Buergermeeschter keng weider HLMe wëll, dass de Problem „dans quarante grandes métropoles“ besteet, dass de Staat d’Zuel vun de Sozialwunnengen, déi gebaut solle ginn, drastesch erofgesat huet … an dass Leit, déi dann d’Ekologie als Grond uginn, sech a Wierklechkeet iwwert déi aner lëschteg maachen an si täusche wëllen (Le Petit Larousse: „se moquer (de) – Prendre qqn pour un sot, essayer de le tromper“). D’Madamm Cosse wëll (soziale) Wunnengsbau an Ekologie offensichtlech verbannen. An den Här Reckinger?

„Blockage vum Ëmweltministère“

Den UEL-President, deen och President vun der Handwierker-Federatioun ass, gesäit Lëtzebuerg als e Land, wou een net méi alles ëffentlech soen däerf … a verëffentlecht seng Gedanke schrëftlech, an e puer Sproochen, op alle Kanäl: „An da muss och gesot ginn, dass d’Finalitéit vun der Ëmweltpolitik net ka sinn, fir d’Schafung vu Wunnraum ze verhënneren.“ Huet dat misse gesot ginn, well et net méi däerf ëffentlech gesot ginn? Well dat zu Lëtzebuerg de Fall ass? Den Här Reckinger schéngt dat wierklech ze mengen.

Hien nennt zwar net een eenzegt Beispill, mee behaapt, e „Blockage vum Ëmweltministère“ wier Schold um Logements-Noutstand.

Här Reckinger, ech si jo vläicht ee vun deene „Politiker, déi sech oute wäerten an déi sech op de Wee maachen, de Problem aktiv a konsequent unzegoen“. Just, ech probéieren dat schonns zanter iwwert 20 Joer a menger bescheidener Roll als gréngen Oppositiounspolitiker an enger Gemeng. Eng Gemeng , déi an där Zäit ëm iwwert 50 Prozent gewuess ass – all Joer ëm duerchschnëttlech 2,3 a mat Pointë vun iwwert 3,5 Prozent. (Als Verglach: Lëtzebuerg 2,2%, Frankräich – är Referenz – 0,5%.) Dir fuerdert: „méi dicht bauen, méi héich bauen, einfach méi bauen“. All dat ass an dëser Gemeng geschitt. Haut liewen hei 371 Awunner op de Quadratkilometer – am ganze Land sinn et der 245 an a Frankräich 107. Trotzdeem gouf kaum Wunnengsraum geschafe fir déi Leit, déi Dir extra opzielt – „Jonker“ a „Refugiéen“ – an och net fir eeler Leit, deenen oft méi kleng (a betreit) Strukturen an hirer Gemeng, hirem Duerf, eng interessant Alternativ wieren. Doduerch géifen hir grouss Haiser fräi fir „jonk Famillje mat hire Kanner a vill ze klengen Appartementer“, an déi erëm fir „Aarbechtskräften aus dem Ausland“.

Dass dat net geschitt ass, war net d’Schold vun der Ëmweltpolitik oder engem „Blockage“ duerch e Ministère. Dat huet ganz einfach „dat privat Kapital an d’Kompetenz vum Privatsecteur“ – op déi Dir esou staark setzt, fir de Wunnengs-Noutstand an Zukunft ze behiewen – entweder net hikrit oder net gewollt. D’Schafung vu Wunnraum fir Refugiéen ass net un Ëmweltoplage gescheitert, mee wéinst enger Klo vun engem Lobbyist vum Bausecteur – mat „Nimby-Mentalitéit“, wéi Dir et nennt.

„Méi séier bauen“

Dir fuerdert weider: „méi séier bauen“ an „do, wou Bauterrain dropsteet, muss och kënne gebaut ginn“. Soll d’Léisung also dra bestoen, de PAP an d’Baugeneemegung komplett ofzeschafen? Da soll dat och esou gesot ginn. Dat géif awer net de Problem léisen, dass oft Bauterrain dropsteet an trotzdeem net gebaut gëtt. Firwat muss eis Gemeng de Promoteur an der Konventioun derzou verflichten, fir zumindest e gewëssenen Deel vun de Bauplazen an engem kuerzen Zäitraum ze bebauen?

D’Prozedure sinn an deene leschte Joere staark verkierzt ginn. Mee firwat geet et virun an no de Prozeduren net ëmmer wierklech weider? Duerfir ginn et vill Erklärungen: Failliten, Iwwerlaaschtung vun de Betriber, technesch Feeler … Spekulatioun. Net ëmmer ass d’Ursaach direkt erkennbar. Ech denken heibäi net un d’Stäreplaz an der Stad, wou Entreprisen – Entreprisen, Här President vun der UEL! – zanter Joerzéngten all Wunnengsbau verhënnert hunn. Nee, ech denken un e ganzt normaalt Beispill, direkt viru menger Hausdier. Enn 2013 gouf hei de Bauperimeter vergréissert duerch d’Approbatioun vun enger Ännerung vum PAG. Sou laang scho steet also Bauterrain drop. Viru kuerzem sinn déi éischt Familljen agezunn. Iwwert en Drëttel vun den Haiser steet eréischt am Réibau, eng Rei dovunner schonns zanter Méint, ouni iergendee Fortschrëtt. Firwat eigentlech? Am beschte Fall ass dat klengt Lotissement vun 32 Haiser Enn vum Joer fäerdeg. No aacht Joer. Eng PAP-Prozedur dauert haut nach just e puer Méint. Eng Baugeneemegung am Normalfall net méi laang. Esou dass déi ganz Prozedure maximal en Zéngtel vun der Realisatiounszäit ausmaachen. En Zéngtel! A wann d’Entreprisë wärend dëser Zäit net um Projet weiderschaffe kënnen, dann hunn si bestëmmt en zweete parallel lafen. Sécher erfuerderen Ëmweltetüden – déi vun der Chamber gestëmmt goufen a vun der Majoritéit vun de Leit am Endeffekt begréisst ginn – hir Zäit. Mee esou ze maachen, wéi wann dës Etüden, zesumme mat der Dauer vun de Prozeduren, de Problem vum Wunnengsbau wieren, ass net seriö.

Net seriö

De Logements-Noutstand zu Lëtzebuerg op e quantitative Problem reduzéieren, wéi dat am Bäitrag geschitt, ass och net seriö. Firwat gëtt d’Hausse vun de Präisser guer net thematiséiert?

E Bekannte vu mir konnt wärend der leschter Finanzkris just den Terrain an engem Lotissement kafen. Hien huet du mam Handwierk e qualitativ méi héichwäertegt Haus (ekologesch Baustoffer, besser Isolatioun …) zum selwechte Präis wéi déi vum Promoteur gebaut.

En Entreprener sot mir, elo an der Corona-Kris hätt e groussen Tëschenhändler de ganze Stock vun engem Artikel beim lëtzebuergesche Produzent opkaaft. Dësen Artikel kënnt elo iwwert zwee amplaz een Händler bei den Entreprener. Natierlech zu engem weesentlech héiere Präis.

2018 huet e Bauer an eiser Gemeng e gréisseren Terrain un e lokale Promoteur verkaaft. Ech hunn deemools am Gemengerot duerfir plädéiert, d’Virkafsrecht ze notzen a soziale Wunnengsbau op där Plaz ze realiséieren. Dat gouf ofgeleent mam Argument: ze deier. Grotesk! Net, Här Reckinger? Dir berufft Iech op d’Madamm Cosse aus Frankräich, déi d’Kreditter fir soziale Wunnengsbau drastesch gekierzt krut, wärend hei zu Lëtzebuerg déi meeschte Gemengen dës Sue vum Staat iwwerhaapt net ufroen an op all Eegeninitiativ verzichten.

Ufank 2020 liesen ech dann an der Press vun engem Fall, wou an enger Gemeng no bei der Stad e Bauer en Terrain un e lokale Promoteur fir 12 Milliounen Euro verkaaft huet. De lokale Promoteur huet dunn dee selwechten Terrain un eng auslännesch Immobiliegesellschaft weider verkaaft – fir 18 Milliounen Euro. Realiséieren d’Handwierksbetriber eigentlech och esou Margë vu 50 Prozent an e puer Méint?

Fannt Dir esou Marge richteg an hëllefräich, fir géint de Wunnengs-Noutstand virzegoen? Op meng Nofro am Gemengerot, ob dat Beispill aus eiser Gemeng wier, krut ech keng Äntwert. An der Tëschenzäit huet tatsächlech eng auslännesch Immobiliegesellschaft e Projet op genau deem Terrain eragereecht. Fazit: Zäitverloscht duerch déi duebel Transaktioun a Verhënnerung vun erschwénglechem Wunnengsbau wéinst dem Refus vun der Gemeng, selwer eng aktiv Roll ze iwwerhuelen.

Wéi géif d’Madamm Cosse wuel zur Präisentwécklung am lëtzebuergesche Wunnengssecteur soen: „Invoquer l’écologie pour expliquer la hausse des prix dans le logement, c’est se moquer du monde.“

Här Reckinger! Schued, dass Dir schlecht berode waart an är Inhalter an esou eng gewalteg Täuschung verpaakt hutt.

* Den Auteur ass zanter 2000 Gemengeconseiller zu Mamer fir „déi gréng“

jean-pierre goelff
15. Mai 2021 - 16.57

Mr.Tom,zenter weïneï sin d'Statistiken richtig?Ah,nëmmen am Marienländle....och gudd!Ech,als lëtzeburgischen Immigrant hei am Franzouseland,froën mech awer weï een jonken Stoot et soll färdig brengen fir bei iëch un eent Haus oder Appartement ze kommen!50 m2 fir eng Famill ass dach awer nit ganz flott,oder?

Tom
15. Mai 2021 - 12.31

Et ass schon interessant emmer erem an eiser Presse ze liesen daat mir een Wunnegsnoutstand hun. Daat ass falsch. Wann en emol op athome.lu einfach emol kukkt fir frai Wunnengen hei zu Letzebuerg daan huet een schnell eng Offer vun 3.500 Appartementer zweschen 1200 and 2500 EUR déi ugebueden gin. Hei sin vill frustréiert Lait oder raffinéiert lénk Politiker am Land dei permanent probéieren mat bëlleger Polemik Naid zweschen den Lait hei am Land ze kréieren. Mir hun zu Letzebuerg definitv keng Wunnegskrise oder een Noutstand an daat kann en an den Statistiken vum Statec gesin mais en Haus mat Terrain an Gaart ass nun emol nët mei méiglech fir Jiddereen hei am Land op daat och Jiddereen brauch oder wëllt ass emol dohin gestallt.