LeserbriefUn d’Lëtzebuerger Regierung

Leserbrief / Un d’Lëtzebuerger Regierung
(Symbolfoto) Sebastian Gollnow/dpa

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Léif Regierung,

hei ewéi et engem geet, wann een sech wëllt impfe loossen.

Ech sinn ee Mann vu bal 72 Joer an net grad gesond. Op allefall huet et sech sou unhéieren, wéi ech vun der Madame Doktesch F.B. zu Ettelbréck am Impfzentrum sollt geimpft ginn:  Si huet mir gesot, et géif näischt dergéint schwätzen, mech mam Impfstoff vun AstraZeneca ze impfen.

Ech hunn jo nëmmen e puer kleng Boboen a si guer net vulnerabel.

Ech sinn 184 cm grouss a weie grad mol 64 kg.

Epilepsie; dat ass jo net schlëmm. Stéierungen um peripheren Nervensystem; dat ass och net schlëmm. Chronesch Sinusitis mat starkem Kappwéi a Gesichtswéi; neen, keng Gefor … huet jo näischt mat der Sinus-Veenthrombos ze dinn. Ze niddrege Bluttdrock; neen, keng Gefor ….Osteoporos; dat ass dach näischt. Arthros an Hänn, Schëlleren, Knéi a Féiss; de Réck vu C1 bis S1 a Fränjelen; Lumbal-Staangen agesat, zwee agebrache Broschtwirbelen, zwou Bandscheiwen, déi am Genéck raus sinn, Arthros an deenen anere Genéckwirbelen, dovu gëtt et engem jo nëmme schwindeleg; Schmerzimpulsgeber am Réck, deen och op de vegetativen Nervensystem Afloss helt.

Bei all dem bësschen, wat mir also feelt, brauch ech Medikamenter mat folgende Wierkstoffer: Duloxetin; Mirtazapine; Levetiracetam; Prégabaline; Paracetamol; Pseudoephedrin; Oxycodon; Naloxon; Calciumcarbonat; Cholécalciférol.     

Ech wollt du mam Koordinator (also dem Chef) schwätzen, mais dee wollt net mat mir schwätzen. 

Dunn hunn ech eben op eng Impfung verzicht, well all aneren Dokter mer ofgeroden huet, mech mat engem Vektorimpfstoff impfen ze loossen. Et ass jo villäicht net esou, datt eng vun mengen eenzelne Krankheeten sech net mam Vaxzevria-Impfstoff verdréit, mais d’Gefor geet exponentiell an d’Luucht: 1. mat der Zomm vun de Krankheeten ewéi 2. mat der Unzuel vun de Medikamentewierkstoffer.

Aner Leit, déi ech kennen an déi kärgesond sinn, kruten den Impfstoff vu Biontech/Pfizer. Zu Ettelbréck am Impfzentrum stongen zwou Reie Still, eng Rei brong, déi aner Rei gréng. Ech mengen, ech hat dunn de Pech, ee grénge Stull zougewisen kritt ze hun a kee brongen.

Fir ofzeschlëssen wënschen ech eiser Gesondheetsministesch eng gutt Besserung. Sou wéi ech dat gelies hunn, datt si sech net kéint erënneren, hunn ech direkt u mech geduecht, ewell dat héiert sech no engem „Grand mal“ un, wéi d’Franzosen soen, an da feelen op eemol puer Deeg oder och mol eng ganz Woch an engem sengem Liewen.

Pitty
14. April 2021 - 9.16

Impfstrategie ass wann een daat doote héiert,egal waat. merde alors.

Linda
11. April 2021 - 1.15

Ech wärt mir nach gut iwerleen op ech mech lo impfen lossen! Déi an den Impfcentren mengen och sie hätten den Herrgott matt da deker Zéif! Wéivill vun denen Infirmieen wessen iwerhaapt matt Venurablen Patienten emzegoen? An denen Dokteren trauen ech lo schon guer net ! Metlerweil hun ech och an meng Hausdoktesch Vatrauen valuer! Och déi ass net interesséiert un mengen Zweifel an menger Angscht! Sie kennt jo awer meng Gesondheetsprobleemer. Beroden an opgeklärt huet se mech net! Krut gesoot: ma dann losst Iech net impfen! Fuert esou weider wéi bis elo! Daat war den Clou!

de Schéifermisch
10. April 2021 - 10.38

@Insterburg: Sie scheinen aber auch ein ausgewiesener oder selbsernannter Spezialist, mit oder ohne Facebook, in Sachen Arzneikunde zu sein. Wer im Glashaus sitzt soll nicht mit Steinen werfen.

Leila
9. April 2021 - 21.26

"Jiddereen deen eppes op Féissbuk gelies huet ass ewell e Viren- an Impfungsspezialist." Der Hausarzt hört zu, der Impfarzt allem Anschein nach nicht (sinnloser Zeitverlust, wenn sowieso nur ein Impfstoff zur Verfügung steht...)! Gretchenfrage: wem also (ver)traue ich? Da braucht keiner fb um sich zu informieren, weil es die Spatzen von den Dächern pfeifen! Außerdem ist es nicht von Nachteil auf sein Bauchgefühl zu hören!

Insterburg
9. April 2021 - 12.47

Jiddereen deen eppes op Féissbuk gelies huet ass ewell e Viren- an Impfungsspezialist. Dir huelt eng hallef Dose Medikamenter, hutt Der do och mam Dokter iwwert all eenzel Alternativ geschwat? Schliisslech stierwen all Joer méi Leit un Iwwerdose vu Paracetamol an Oxycodon wéi vu sämtlechen Impfunge géint sämtlech Krankheeten um Planéit zesummen.

trotinette josy
9. April 2021 - 12.37

Kann dësem Lieser, a senger spezifescher Situatioun, a sengem Erfahrungsbericht nëmmen zoustëmmen. Genee aus ähnleche Grönn hun ech mech och nët impfe gelooss. Mat Astra-Zeneca resp. Vaxzevria war mir de Risiko vun enger Thrombose ze grouss. Déi beschte Léisung wier, wann d'Hausdoktren hier Patienten, déi si jo am beschte kennen, impfen dierften. Awer well dat sou einfach ass, ass ët schons erëm ze komplizéiert, virun allem wann nët genuch Vaccin do ass, aus welchen Ursaachen och ëmmer.

Carine Erpelding
8. April 2021 - 16.49

Maer ass et selwecht gaang zu Esch/Belval. Haat eng Recommandatioun vum Dr, deen mech betreit, dat en ARNm eischter ubruet wier wéi en Vaccin Vecteur viral duurch meng 2 Autoimmun-Krankheeten, Morbus Horton an PPR, eng Lëscht mat den Medikamenter an Rapport vum Dr. Sin 3 Mol mat enger Embolie am Aarm opereiert gin, an stin zenterhir ennert Kortison an Roactemra, déi mein Immunsysteme eroofsetzen. Trotz allem huet Mme Dr Nektaria Klidara am Impfzentrum Esch/Belval mer gesoot dat Si net berechtegt wier, maer en ARMm Impfstoff ze gin. Wei ech mech drop behaapt hun, huet Mme mer gesoot, si haett och am Moment keen aaneren, ze gleewen oder och net. En plus haat ech ganz Woch liit Temperatur teschent 36,8 an 38,3, an deen Mueren 37,9. Si huet mat engem Stier-thermometer gepreift, deen 34,6 ugewiesen huet an futti wor. Och do huet si fond, dat daat keng Uursaach wier net ze impfen....fir mech ass daat 1. eng Mme déi sech hiirer Responsabiliteit net bewosst ass an 2. Et un der Regierung ass fir den Leit matzedeelen wann en Vaccin net disponible ass. Sin ebenfalls der Meenung, dat eis Regierung den Dr d'erlaabnis sollen gin hiir Patienten selwer ze impfen. Ech sin der Meenung, dat den Dr vum Patient am Beschten weess wéi en Impfstoff fir séin Patient am Beschten ass.

Schmit Joelle Jeanne
8. April 2021 - 11.43

Sinn och e bessen entäuscht wie dat sech hei am Land verleft?hei meng Erklärung !!!!! Ech hat virun Joeren eng Trombose mat Blutgerinsel an engem Aae, muss nach emmer an Kontroll well dat an der Famille leiht, an ech och meng Mamm mat nemmen 63 Joer verluer huen, durch eng Trombose am Kapp?durch de Probléme huet mein Hausdokter maer e Certificat geschriewen dass ech op kee Fall den Astrazeneka daerf kreien?an elo mein net verstehst de mech?ech war dann geschter op Mondorf fir meng 1 Impfung, muss soen die Persounen die mech empfangen huen waren top?donoh huet dann en Aelerer Mann mech an seng Kabine geruf, naja Null gefroht op ech Medikamenter oder irgend gefroht op ech e probléme haett, huen hiem do gesoht ech haett e Certificat vum Dokter, huet mech guer net ausschwãtzen geloss, an direkt op guer kehn gudden Toun!!!! dat waer hiem egal wat ech haett, jiederen kritt den Impfstoff den do waer, a prendre ou à laisser?bon ech hat do Chance das et den Pfizer do war, fannen dat awer net ok wie ech do ungegranzt ginn sinn, an fir un allem das en Certificat vun engem Dokter ignorieet get, ?och net gesoht kritt wat ehn soll donoh eventuel machen wann ehn Komplikationen haett, en Ziedel an den Grapp gedrekt kritt, an Eddie !!!!! Sorry ...huen dat elo hei missten schreiwen, well ech hat Chance !!!! das den Dâg Pfizer um Programm war!!!!en anneren huet dei awer vielleicht net ?

Aender
8. April 2021 - 10.24

Ech well weder 1 rouden nach 1 brongen oder griengen Stull. Bon, ech nennen d'Kand dann mam Numm, wann Tageblatt dann mein Kommentar publiziert. 1971 hunn Dr. Meds. mär opp unroden vum Staatslabo ( Gesondhätsministere, oder ? ) noh der Veronrängeggung vun menger Analyse am Labo, starken, ganz starken, Antibiotika gespretzt, anscheinend wienst engem Bazill, Deen sie fond haten. Fin mot: Total Nierenversoen, 3 Deeg Koma, 10 Deeg Rhéa, 3 scéancen un der künstlecher Nier. Ganz erholl hunn ech mech nieh vun där Geschicht. Ween interessiert daat vun den Impf-Dr. ? NEE, ECH LOOSEN MÄR NEISCHT MIEH SPRETZEN WAAT D'SANTÉ RECOMMANDIERT. Noh ze froen am Escher Spidol ( CHEM ) wann den Dossier nach doh ass.

Leila
8. April 2021 - 10.10

Vielen Dank an Herrn Wennmacher für den offenen Brief und dem tageblatt für die Veröffentlichung! Es ist schier unglaublich, was dem Schreiber widerfahren ist - ich wünsche ihm dennoch alles Gute - das muss erst mal verdaut werden, sofern das möglich ist! Claude, Ihr Beitrag ist Klasse, besonders der Begriff "Mutprobe" passgenau!

Claude
8. April 2021 - 9.34

Bonjour. Un Aerem Schreiwes gesait een alt erem eng kéier, datt déi gesondheelech Virgeschicht déi sou genannten " Impfdokteren " kaum bis guer net interesséiert. ( Haapsach si selwer hun sech jo net der Gefohr vum A-Z missen aussetzen ). Ech hat bis elo nach net d'Chance fir geruff ze gin, ( wat och schon ganz onlogesch ass, no menger gesondheelecher Virgeschicht ) an ech drängeln mech och net vir. Sollt et dann awer esou wait sin, wärt ech och virstelleg gin. Sollt allerdengs de d'Consigne'n vun mengen zwee Chirurgen, ewéi och mengem Haus-Dr. ( déi allen 3 op der selwechter Linn leien ) keng Rechnung gedroen gin, da si mer ganz séier färdeg mam Impfen, oder sollt dat iren ewéi bei Iech d'Ziel sin? Neen, Impfen duerf net zur Mutprobe gin un dem sech eenzel Impf-Dr. können austoben, nom Motto "Dir hat jo elo Aer Chance" Si hun elo de Buttek, a mussen en irgendwéi lass gin, dat esou méi, well mer es demnext nach méi wärte kréien, well entre temps vill Länner desen net méi uwenden! Nom Motto Koste es was es wolle ( Noutfalls d'Gesondheet vun Eenzelnen ) Hätt eis Regierung net besser gehaat dat Geld vun den Iwernuechtungsbongen an anstännegen Vaccin ze inwestéieren??? Da get et och net ob nach e bessen méi laang warden un, bis een sech dann och irgendwann am Ausland ( noutfalls aus eegener Täsch ) dat impfen loose kann, wou een sech keng Gedanken muss machen.

jul
8. April 2021 - 8.29

merci fiir d'Informatioun, êch hun ee rdv zu Ettelbreck fiir déi nächst Woch, da weess êch jo wat op mêch eventuel dur könnt kommen êt geet wéi bei der Arméi, 2 no lênks, an 3 no rechts