TheaterHoffnungslosegkeet um groussen Ecran: D’Avant-Première vun „The end my friend“ am Utopia

Theater / Hoffnungslosegkeet um groussen Ecran: D’Avant-Première vun „The end my friend“ am Utopia
 Foto: YouTube-Screenshot

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

An enger Zäit vu Social Distancing, strenge sanitäre Mesuren an ageschränkter Fräiheet sinn och Depressiounen an aner mental Krankheeten ëmmer méi heefeg ginn. Enger Partie Leit geet et hautdesdaags warscheinlech änlech wéi dem hoffnungslosen a niddergeschloene Luca am Romain Butti sengem Stéck „Fir wann ech net méi kann“, dat vum Kulturzentrum Schungfabrik zu Kayl/Téiteng ënnert dem Titel „The end my friend“ als eng filmesch Theaterperformance dëse Méindeg seng Avant-Première am Kino Utopia feiere konnt. A wien hätt geduecht, datt dem Romain Butti säin Theaterstéck, mat dem hien 2018 den 1. Präis am nationale Literaturconcours gewonnen huet, thematesch eemol esou an der Aktualitéit leie kéint.

D’Stéck „The end my friend“, wat ursprénglech als Bünenopféierung geplangt war, mä dem Lockdown elo schonns zwee Mol zum Affer gefall ass an dofir deemnächst als Filmversioun ugebuede gëtt, erzielt d’Geschicht vun zwee jonke Männer, dem Luca (Philippe Meyrer) an dem Noah (Konstantin Rommelfangen). De Luca, deen no enger laanger Rees nees zeréck a seng Heemescht bei de Noah a seng Bom d’Sanni (Annette Schlechter) kënnt, fillt sech net nëmme vu jidderengem an der ganzer Welt mëssverstanen, hien ass, wéi hie selwer seet, net traureg, mä him deet alles wéi. Déi Péng ass esou schlëmm, datt hie sech am léifste „mam schaarfe Rand vun de Palmeblieder seng Haut splécken an dobäi nokucke wéilt, wéi et aus him erausquëllt“. Hin an hier gerappt tëschent der Gebuergenheet vu senge Léifsten a sengem Doheem an dem Drang no Fräiheet, dem Wonsch, aus senger Monotonie auszebriechen an néi Erfarungen ze sammelen, kënne weder d’Sanni nach den Noah de Luca viru sech selwer retten.

Statesch Gedankewelt

Änlech wéi schonns am Originalstéck geet et och an „The end my friend“, wat ënnert der Regie vum Ronald Dofing entstanen ass, haaptsächlech ëm dem Luca seng düster Gedankewelt an déi Biller, déi hien domadden ervirrifft. De Luca huet, wéi d’Gesamthandlung och, e relativ stateschen an ondynamesche Charakter. Wärend de Konstantin Rommelfangen als Noah dem Ganzen e Stéckelchen Energie schenkt, schéngt d’Verkierperung vum Luca dem Philippe Meyrer heinansdo e bëssen den Drift an Usporn ze klauen, wat en fin de compte awer och ideal zu der Roll vum Luca passt. Déi filmesch Theaterperformance iwwerdréit eng immens bedréckend Stëmmung, déi plazeweis ze vill gekënschtelt an onnatierlech wierkt.

Dës depressiv Stëmmung gëtt iwwerdeems net nëmmen op der gefilmter Bün selwer vermëttelt, mä och duerch d’Musek vum Bartleby Delicate an de Backgroundvideoe vum Yann Ney, déi ëmmer rëm am Hannergrond ze gesi sinn, ënnermoolt. Wärend sech d’Stéck „The end my friend“ gréisstendeels un den Originaltext hält – just e puer wéineg Passagen si wechgefall an dem Stéck goufe passend zu den engleschsproochege Lidder och Englesch Zwëschentitele ginn –, offréieren déi agebaute Backgroundvideoen eng weider Dimensioun un Niddergeschloenheet. Obschonns d’Videoen, déi gréisstendeels a Schwaarz-Wäiss opgeholl sinn, authentesch wierke – virun allem den Intro iwwerzeegt hei –, freet een sech als Zuschauer oder Zuschauerin dach, firwat de Luca am Schlussvideo duerch eng Bëschlandschaft trëppelt, wärend op der Bün an am Text ënner anerem vun engem Liichttuerm, dem Mier a Fielse rieds ass. Mat enger änlecher Absurditéit léisst sech allerdéngs och een Deel vun de Schlussbiller beschreiwen: Wärend dem Luca säin doudege Kierper do läit, seng Bom d’Sanni apathesch niewendrun sëtzt an de Noah aus dem Luca sengem Carnet virliest, gesäit een, wéi dem Luca säi plakegen Uewerkierper mat Schleeken iwwerséit ass, wat wuel op eng vun den Ufankszeenen, an där seng Bom d’Schleeke mam Secateur duerchschneit, hindeite soll. Schued eigentlech, datt een aus de gelongene Liichteffekter a Kombinatioun mat dem Backgroundvideo an dem Bünebild, wat vum Serge Ecker ugefäerdegt gouf, um Enn net méi een aussokräftegt Schlussbild gemaach huet.

„The end my friend“ léisst sech als eng lëtzebuergesch genreiwwergräifend Theaterproduktioun beschreiwen, déi bedauerlecherweis nëmme plazeweis sou richteg gelongen ass. Als Opféierung op der Bün, sou wéi d’Stéck ufanks och konzipéiert war, hätt dat Ganzt mat Sécherheet awer och eng aner Wierkung gehat.

Info

„The end my friend“ kann een ab dem 1. Mäerz um Site vun der Schungfabrik an op hirem YouTube-Kanal gratis streamen.