LuxFilmFestVerluer um Nordpol: „Hytte“ vum Jean-Louis Schuller

LuxFilmFest / Verluer um Nordpol: „Hytte“ vum Jean-Louis Schuller
D’Ingrid (Liavaag) versteet net genee, wat de Luc (Schiltz) am arktesche Svalbard eigentlech sicht (C) a_BAHN

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Eng verlueren Existenz kultivéiert hir Midlife-Crisis an der arktescher Einsamkeet. D’Biller si staark, d’Schauspiller gutt – mä den Zuschauer kritt séier den Androck, dass de Film geneesou wéineg weess, wouhin e wëll, wéi seng Haaptfigur.

D’lëtzebuergesch Produktioune vun dëser Festival-Oplag sinn deelweis staark pornéis. Nodeems „Bad Luck Banging or Loony Porn“ (de Film krut de Gëllene Bier op der digitaler Berlinale) mat e puer Minutte Sex-Tape ufänkt, gesäit een am éischte Plang vum Jean-Louis Schuller sengem „Hytte“ en Typ, deen e Porno an engem Hotelszëmmer kuckt. Kuerz drop telefonéiert de Luc (Schiltz) mat senger Exfra (Brigitte Urhausen). Hie soll endlech d’Kannerzëmmer vun der Duechter, déi Italien an d’Mamm fir Lëtzebuerg an den onzouverlässege Papp soll verloossen, fäerdegstellen.

Schnell mierkt een: De Luc huet sech net onbedéngt am arktesche Svalbard néiergelooss, well en déi minimalistesch, a schéine Pläng agefaangen Natur wëll genéissen, mä vill méi, well do keen e siche geet. Seng Midlife-Kris verbréngt de Luc domat, Béier ze drénken, ze danzen, anere Leit am Club an d’Gesiicht ze brëllen. No enger versoffener Nuecht begéint hien dem Mike (Tock), engem anere Lëtzebuerger, deen iergendwou an enger Häip (op Norwegesch: „Hytte“) an der Pampa lieft. Déi zwee verléiere sech aus den Aen an de Luc, dee bis elo ouni Zil duerch d’Géigend gelaf ass, setzt sech als Objektiv, de Mike a seng Bud ze fannen.

Well dat an enger Landschaft, an där verloosse Buden éischter d’Reegel ewéi d’Ausnam sinn, net esou einfach ass, hëlleft d’Ingrid (Liavaag) him bei senger Sich. Tëschent deenen zwee fänkt eng touchant Relatioun un, obschonns d’Ingrid spiert, dass de Luc sech an der Responsabilitéit, déi all Bezéiungskonstellatioun mat sech bréngt, iergendwann net méi wuelfillt. „Hytte“ ass schéi gefilmt a (meeschtens) gutt gespillt, de Film reproduzéiert esouguer formal an op erzielereschem Plang der Haaptfigur hir Verluerenheet.

Hei läit dann awer och de Problem – de Film kënnt ouni Spannungsopbau aus, Figure wéi Handlung trëppelen op der Plaz. Och wann et interessant ass, dass der Haaptfigur hir Motivatioun onkloer bleift, hätt ee sech gewënscht, dass se a méi interessant narrativ Situatioune geworf gi wier, an deenen hir Reaktiounen an Emotiounen op d’Prouf gestallt gi wieren. Iergendwann erkläert d’Ingrid, si géif dem Luc seng Handlungen net ganz ofkafen. Dat trëfft leider och op de Film zou, zemools de Schluss zimmlech konstruéiert a previsibel wierkt.

Hytte“ vum Jean-Louis Schuller, Made in/with Luxembourg

2/5