FaustiMat der Piosch géint d’Klischeeën

Fausti / Mat der Piosch géint d’Klischeeën
Fuesparty mam Fausti: De Phänomen Fausti huet et erlaabt, ee Land ze verstoen, dat deen een Ament zu rassistesche Lyrics juppelt, fir kuerz duerno ënner Beweis ze stellen, datt et prett ass, seng Virurteeler falen ze loossen Foto: Editpress/Didier Sylvestre

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

De Bekanntheetsgrad vun enger Persoun léisst sech ganz séier erausfannen. D’Reegel ass einfach: Wann eng Persoun just mat dem Virnumm respektiv Spëtznumm geruff gëtt, dann ass se definitiv Deel vum populäre Wëssen: de Jean-Claude an d’Monika, de Frank an den Andy, d’Lea an d’Désirée. Mir kenne se alleguerten.

Och de Fausti, mat biergerlechem Numm Faustino Cima, ass esou ee VIP gewiescht, dee wärend Joerzéngten déi lëtzebuergesch Ëffentlechkeet gepräägt huet. Ganz éierlech: Jidderee kennt bei Facebook oder bei Instagram dach op mannst eng Persoun, an där hirem digitalen Album et déi eng Foto gëtt, op där si mam Fausti poséiert.

Als Batteur a Sänger war de Fausti, dee lescht Woch am Alter vun 80 Joer gestuerwen ass, méi wéi een halleft Joerhonnert laang aktiv, op Dëppefester an Dëppen-Croisièren, mat Live-Programmer an enger Hällewull un CDen, op deene säin technescht an Entertainment-Talent duerch all Takt an Text zitt.

2002 war hie mam Lidd „Bei mir ass et schéin“ beim beléiften ARD-Schlagerformat „Kein schöner Land“ ze gesinn. Et ass eng interessant Performance, net just, well et ee vun de seelenen Amenter war, bei deenen op der däitscher Tëlee Lëtzebuergesch geschwat (respektiv: gesongen) gëtt, ouni datt d’Sprooch als amüsanten Dialekt virgefouert gëtt. D’Manéier, wéi de Fausti an deem Video optrëtt, verréit sou munches iwwert hien als Museks- a Mediephänomen.

Ee Museker vu senger Zäit

Et fänkt scho bei der Plaz un, déi fir d’Opnamen erausgesicht gouf: de „Musée national des mines“ zu Rëmeleng. Et ass ee Raum, dee wéinst senger Industriegeschicht eng besonnesch Relevanz huet fir d’Versteesdemech vu Lëtzebuerg als houfregt an onofhängegt Land.

Genee duerch dëse Raum hopst a spréngt an dänzelt de Fausti, ee Bouf vun italieneschen Immigranten. Hie séngt een nawell reduzéierten Text; d’Wuert „schéin“ kënnt a knapp dräi Minutte méi wéi zwanzeg Mol vir: „Bei mir ass et schéin, bei mir fléien d’Spéin.“

Mat um Terrain zu Rëmeleng ass d’Dicksy-Lentz-Band, déi d’Lidd begleet. Dat ass fir d’éischt natierlech eng Uspillung un eng speziell amerikanesch Jazz-Stilrichtung, déi ënnert dem Numm Dixieland zesummegefaasst gëtt. Ma et ass awer och ee clin d’oeil un d’lëtzebuergesch Literatur. Mat hirem Numm rifft d’Band zwee Nationaldichter aus dem 19. Joerhonnert op, den Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, an de Michel Lentz, deen den Text fir d’„Heemecht“ geschriwwen huet.

Wat dat alles mam Fausti ze dinn huet? Net vill an zimmlech vill. Dat ass nämlech dat Schéint u Pop, Kitsch a Schlager: Op engem éischte Level fonctionéiert déi Musek einfach an effikass als Entertainment, Oflenkung a Fun. Mee op engem zweete Level soen hir iwwerdréite Symbolik an hir Accessoiren och eppes iwwer d’Zäit an d’Gesellschaft aus, an där sech dës Musek forméiert. Vläicht dierf ee virun deem Hannergrond net ënnerschloen, datt dem Fausti seng Lidder, esou musikalesch impeccabel se och kléngen, deels hir Problemer mat sech bréngen: „Zwou Bulle Mokka, oho, ech hunn eng Moss am Bic, schwabb, schwabb, Schwabbelspeck.“ Et ass warscheinlech ee weidere Beweis dofir, datt Populärkultur alles gläichzäiteg ka sinn: géigewäerteg, rassistesch, witzeg, sexistesch, perfekt getimt, emanzipatoresch a restaurativ.

 Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Ee migranteschen Hannergrond

Mee zeréck op Rëmeleng, zeréck op d’Schaff: Direkt um Ufank vum Video vu „Bei mir ass et schéin“ geheit de Fausti sech eng Piosch wéi ee Mikrostänner iwwer d’Schëller, da schlappt hie weider a setzt sech ee knätschfaarwege Bauhelm op de Kapp. Et ass eng Zort vun historescher Emanzipatioun: De Fausti ass net méi de „Mario vum Chantier“, net méi de „Spaghetti-Friesser“, wéi et fréier iwwer Immigranten aus Italien geheescht huet. An dëser Performance ginn all déi xenophob Klischeeë stompeg, andeems se ridiculiséiert ginn. Gëtt et eppes méi Triumphales wéi wann een, deen aus enger Communautéit kënnt, déi dacks iwwert hire migranteschen Hannergrond definéiert gëtt, déi ganz Symbolik genee op där Plaz, op där se virulent war, ad absurdum féiert? Genee dat mécht de wibbelege Clown-Chansonnier Fausti: „Bei mir ass et schéin, et ass schéi bei mir.“

Méi fräi an d’Welt kucken

Duerno klëmmt hien op een Zichelchen a fiert fir déi grouss Final an d’Minn. Natierlech gëtt do net méi geschafft, ma just nach an d’Trompett geblosen a mat den Hëfte gewackelt. Nieft de Fausti gouf fir dës Zeen eng Musées-Popp mat historeschem Schaffgezei gestallt. Wat ech mir dee Video méi dacks ukucken, wat et mir méi opfält: De Fausti ass – am beschte Sënn – selwer eng Popp ginn, eng Popp, déi geneesou vill iwwert hir Zäit verréit wéi säi museale Vis-à-vis iwwer d’Zäit vu virun honnert Joer. A wat seet se eis? Datt Musek eng Méiglechkeet ka sinn, méi fräi an d’Welt ze kucken a méi fräi ugekuckt ze ginn. Datt de Fausti joerzéngtelaang iwwert seng Entertainment-Spillwiss gelaf ass, fir sech peu à peu vun diskriminatoresche Rollebiller z’emanzipéieren, déi et och haut nach ëmmer gëtt.

An deem Sënn ass de Fausti mat senger impressionanter Diskografie vläicht eng vun deene prägende Perséinlechkeeten, déi eis mat hirem Charme a hire Widderspréch hëlleft, dëst komescht Land verstoen ze léieren, dëst Land, dat deen een Ament zu rassistesche Lyrics juppelt, fir kuerz duerno ënner Beweis ze stellen, datt et prett ass, seng Virurteeler falen ze loossen.

Dësen Artikel ass an enger éischter, méi kuerzer Versioun 2016 an der Kulturbäilag „Kulturissimo“ erauskomm.

Kackabrong
26. Februar 2021 - 6.52

Rassistesch....??? Wat e Schwachsinn... An du wees jo.....wann ed engem net passt....

viviane
24. Februar 2021 - 12.35

Leit déi rassistesch Lidder grölen '2 Bulle Mokka' fir Geld ze verdéngen kann ech net gutt fannen. Vläicht ass et meng Mokkas-Hautfaarf déi dat net verdréit?

Marc Decker
23. Februar 2021 - 8.15

Eng super sympathesch Persuen,déi frou mat de Kanner waar,an och wann se Popularität waar haat hien Nues nie ze héich,an ass fein an bodenständech bliwen,eng persuen fir einfach nemmen gearen ze hun. Och wanns du gaangen bass bleift een deel Geschicht an Kultur fir emmer. Mein Matleed un déi ganz Famill.