ForumPressehëllef 2.0: Grouss Ukënnegung, wéineg Inhalt

Forum / Pressehëllef 2.0: Grouss Ukënnegung, wéineg Inhalt
D’Pressehëllef soll de Mediepluralismus garantéieren Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Eng pluralistesch Medielandschaft erlaabt Meenungsbildung a virun allem Meenungsaustausch. Et kann een net nëmme seng eege Meenung duerch néi Argumenter ausbauen, nee virun allem kann een se ëmmer erëm kritesch hannerfroen an dobäi aner Meenunge besser verstoen an novollzéien; ouni se mussen ze deelen. Dëse fir eng Demokratie fundamentale Meenungsaustausch setzt awer eng fräi villfälteg Press viraus, déi net nëmmen d’Noriichte blann kommunizéiert, mee kommentéiert, anuerdent an informéiert – an domat eng Käraufgab an eiser Demokratie iwwerhëlt.

D’Lëtzebuerger Presseorganer deelen sech dobäi een iwwersiichtleche Marché mat wéineg potentielle Clienten, an d’Sprooch, an där dës potentiell Cliente gäre liesen, ass dobäi ganz ënnerschiddlech. D’Annoncëgeschäft hëlt säit Joren of, an sech eleng op dës ze verloosse géif op kuerz oder laang och der Pressefräiheet schueden; well kann ee Presseorgan wierklech vis-à-vis vu senge Geldgeber kritesch an onofhängeg sinn, wann säin ekonomescht Iwwerliewen um Spill steet?

D’Medienentreprisë sinn zwar fir eis Demokratie, fir eis aller Zesummeliewen enorm wichteg, mee ekonomesch äusserst onrentabel; dobäi kënnt nach, datt ee muss oppassen, datt d’Pressefräiheet net an der ekonomescher Ofhängegkeet vun de Presseorganer verluere geet. Duerfir kënnt d’Gesellschaft net ronderëm, d’Presseorganer ze ënnerstëtzen, fir eng gewësse Villfalt an eng ekonomesch onofhängeg Press, an doduerch och am Endeffekt d’Pressefräiheet, kënnen ze garantéieren!

Dat éischt Pressehëllefgesetz

D’Basis vum aktuelle Pressehëllefgesetz staamt nach aus den 1970er Joren, enger Zäit, wou den Internet nach net existéiert huet an déi politesch Welt nach kloer a lénks, riets an e bësse liberal ënnerdeelt war. Et war och eng Zäit, an där zu Lëtzebuerg besonnesch ee Politiker ongenéiert probéiert huet, sech déi onfavorabel Press iwwer ekonomeschen Drock gefügeg ze maachen: den deemolege Bauteminister Albert Bousser.

1966 huet de Minister Bousser op der Chamberstribün ëffentlech deklaréiert, datt hien säi Ministère ugewisen huet, keng ëffentlech Ausschreiwunge méi am Journal ze verëffentlechen, well d’Oppositiounszeitung sech erlaabt hat, Kritik vis-à-vis vu senger Persoun ze üben. Mee domat net genuch. Enn 1967 huet hien d’Abonnementer, déi de Bauteministère beim Lëtzebuerger Land a beim Journal hat, gekënnegt. „Säi“ Ministère sollt weder dës Zeitunge matfinanzéieren, nach sollte seng Beamten esou eng „subversive Lektüre“ – Zitat Buousser – liesen. Alles kloer Fäll vun ekonomescher Drockausübung op d’Press, vu Muechtmëssbrauch an Attacken op d’Pressefräiheet.

Aner Politiker hunn zu där Zäit ëffentlech Ausschreiwunge vun hirer Gemeng léiwer an der Publikatioun vun hirer Partei publizéiert ewéi an enger Dages- oder Wochenzeitung; woubäi et hei net drëm gaangen ass, d’Ausschreiwung deem gréisstméigleche Publikum bekannt ze maachen, mee Sënn an Zweck vun dëser Praxis éischter war, fir ëffentlech Suen der eegener Parteikeess zouzeschousteren.

Parallel ass d’Annoncëgeschäft vun den Zeitungen duerch déi grouss Konkurrenz vu Radio a Televisioun agebrach an d’Zeitunge kruten ëmmer méi finanziell Problemer. Léisunge hu missten ausgeschafft ginn, fir weiderhin eng pluralistesch Presselandschaft zu Lëtzebuerg ze garantéieren. Éischt Iddie sinn entwéckelt ginn, zum Beispill wollte verschidde Politiker eng Tax vu 5 Prozent op d’Publicitéiten, déi um RTL lafen, aféieren a mat dëse Suen dann den Zeitungen ënnert d’Äerm gräifen.

Well d’Lienen tëschent den Dageszeitungen an der Politik extreem enk waren, d’Trennungen tëschent den Zeitungen an där Partei, déi der Zeitung nostoung (Wort/CSV, Tageblatt/LSAP, Journal/DP), bal inexistent waren, konnt eng glafwierdeg an halbwegs gerecht Propos just vun de Presseorganer selwer ausgeschafft ginn. Duerfir waren d’Association luxembourgeoise des éditeurs de journaux an d’Association luxembourgeoise des journalistes aktiv implizéiert, wann net souguer gréisstendeels fiederféierend, fir d’Gesetz vun 1976 auszeschaffen.

Dës clever Approche huet verhënnert, datt d’Ausschaffe vun der Pressehëllef vu parteipoliteschem Geplänckels a Muechtiwwerleeungen dominéiert gouf. Eng ongenéiert parteipolitesch Attack op de Gesetzestext koum ausgrechent vun enger Plaz, där hir Muecht eigentlech just an hirer politescher Onofhängegkeet an Zréckhalung leie kann: dem ominéise Staatsrot.

De Staatsrotmember Fernand Georges huet a sengem Avis, deen als „Avis séparé du Conseil d’État“ getarnt war, gefuerdert, d’Gesetzpropos esou ëmzeschreiwen, fir datt all Partei, déi an der Chamber mat op d’mannst fënnef Deputéierte vertruede wier, déi selwecht Sue sollt kréien ewéi d’Presseorganer. Deen eenzege Sënn vun dëser Propose war, datt d’Parteipublikatioun „FF“ vum Fernand Georges senger Partei, der deemoleger SdP, keng Sue krut, well et eben eng Parteipublikatioun war a keng Zeitung. De Journalist Jean-Marie Meyer huet dëst am Lëtzebuerger Land deemools treffend kommentéiert: „Derartiges Vorgehen heißt man schlicht Amtsmißbrauch, die Hohe Körperschaft hätte Georges’ Unverschämtheit auf keinen Fall dulden dürfen.“ D’Chamber huet den Avis séparé kritiséiert an ignoréiert. No dräi Deeg Debat ass dunn den 19. Februar 1976 dat éischt Pressehëllefgesetz gestëmmt ginn.

Pressehëllef 2.0

Säit Summer läit der Chamber eng Reform vun der Pressehëllef fir, déi net méi an net manner soll sinn ewéi „un véritable changement de paradigme“. Och wann d’Reform e puer Neierunge virgesäit, ass et awer zweiwelhaft, ob esou ee Superlativ bei dësem Gesetzesprojet ubruecht ass, an een net besser hätt, vun engem onausgeräiften éischte Virschlag ze schwätzen.

D’Approche, déi vum Medieminister gewielt ginn ass, fir dëse „changement de paradigme“ auszeschaffen, war am Géigesaz zum Gesetz vun 1976, kee partizipative Prozess mat de Presseorganer. Esou schreift d’Association luxembourgeoise des médias an hirem Avis zum Reformprojet: „Le projet de loi tel que déposé ne peut pas pour autant être considéré comme résultat d’un processus de concertation avec le milieu concerné“ – ee wichtege Punkt, fir ze verstoen, firwat dee virleienden Text eklatant Schwächten opweist, net adaptéiert ass an nogebessert muss ginn!

Een Haaptkrittär, no deem d’Pressehëllef aktuell verdeelt gëtt, ass d’Unzuel vun de redaktionnelle Säiten, déi eng Zeitung publizéiert. Dëse Krittär war schonn 1976 eng ëmstridde Kompromëssléisung. Am Lëtzebuerger Land huet de Leo Kinsch et deemools op de Punkt bruecht: „Das Kreuzwort-Rätsel ist beinahe ebenso unterstützungswert wie (…) der Leitartikel, und die tendenziöse Massenware, die alltäglich in tausendfacher Ausführung von den internationalen Presseagenturen angeboten und verkauft wird, fällt gleicherweise ins Gewicht wie der hochspezialisierte diplomatische Kommentar, den eine kompetenzbedachte Zeitung aus Image-Besorgnis oder Prestige-Bedürfnis alltäglich oder allwöchentlich als exklusives Manuskript bestellt und bezahlt.“

Waren 1976 nach exklusiv Zeitungen ënner d’Pressehëllef gefall, spillen haut Online-Medie genausou eng grouss Roll bei der Meenungsbildung a sollen duerch d’Reform op Aenhéicht mat den traditionellen Zeitunge kënne vun den Hëllefe profitéieren. Duerfir ass d’Säitenzuel spéitstens am Joer 2021 een aus der Zäit gefalene Krittär. Laut dem Reformprojet soll de Contenu an d’Unzuel vun de professionelle Journalisten, déi dësen ausschaffen, entscheedend sinn – a priori eng gutt Approche. 

Den neie Gesetzesprojet gesäit zwou Zorte vu Finanzhëllefe vir. Eng „Aide à l’innovation“, déi trotz deem Fashion-Titel nu mol guer näischt mat Innovatioun ze dinn huet an näischt anescht ass ewéi eng Basisënnerstëtzung vun 200.000 Euro. Eng Zomm, déi grosso modo all Presseorgan kritt, dat eng Equipe vu minimum fënnef professionelle Journaliste beschäftegt an eng Publikatioun erausgëtt an enger Sprooch, déi vun au moins 15 Prozent vun der Populatioun geschwat gëtt. Eng erfreelech Nouvelle ass heibäi eendeiteg, datt fir d’éischte Kéier an der Lëtzebuerger Geschicht Publikatiounen a portugisescher an englescher Sprooch dës Hëllef ufroe kënnen, wat fir d’Meenungsbildung zu Lëtzebuerg zwéngend noutwenneg ass.

Allerdéngs ginn dës Hëllefen „dans la limite du budget“ ausbezuelt, sou datt wa méi Presseorganer kënne vun der Hëllef profitéieren, de Gesamtbudget net an d’Luucht wäert musse goen, mee de Kuch einfach duerch méi Partië gedeelt wäert ginn. Ënnert dem Stréch bedeit dëst op laang Siicht manner Ënnerstëtzung pro Presseorgan. Dëst ass genau déi Imprevisibilitéit, déi d’Presseorganer aktuell net brauchen, an dës onnéideg Limite sollt aus dem Gesetzesprojet gestrach ginn.

Déi zweet Hëllef ass eng „Aide à l’activité rédactionnelle“, déi 30.000 Euro pro Journalist pro Joer ausmécht, wat 2.500 Euro pro Mount sinn. Dëse Montant gëtt net un d’Journalisten ausbezuelt, mee un d’Medienhaiser an et ass ongewëss, wéi vill vun deenen 30.000 Euro am Endeffekt bei de Journalisten ukommen. Am Commentaire des articles vum Gesetzesprojet heescht et zwar „le montant n’est pas à interpréter comme une contribution au, ni comme une détermination du, salaire du journaliste“, mee awer wäerten d’Salairë vun de Journaliste sech un deem Montant orientéieren. D’Editeure vun de Lëtzebuerger Medienhaiser schreiwen heizou selwer, a si mussen et jo am beschte wëssen: „Un mécanisme d’optimisation de l’aide pourrait consister à remplacer les journalistes expérimentés, aux salaires plus élevés, par des journalistes débutants, moins bien payés.“

An de méi klengen Online- oder Printmedie läit den Duerchschnëttssalaire aktuell bei ëm déi 35.000 Euro pro Joer. Den neie Verdeelungsschlëssel, och wann en de Journalist explizitt als Verdeelungskrittär erwäänt, wäert och näischt dozou bäidroen, datt méi Sue beim Journalist ukommen, well de Gesamtmontant vun den Ënnerstëtzungen, dat ee Medienhaus kritt, net substantiell an d’Luucht geet. D’Salairë si wuel am Endeffekt, geschëlt duerch déi ausuferend Logementskäschten hei zu Lëtzebuerg, eng Explikatioun, firwat sech aktuell wéineg jonk talentéiert Leit fir de Beruff vum Journalist begeeschteren. Een Zeechen heifir ass kloer, datt d’Unzuel vu professionelle Journalisten tëschent 2015 an 2020 vun 240 op 189 zeréckgaangen ass, an no de rezenten Entloossunge weider zeréck wäert goen. Duerfir sollt dee Montant, esou ewéi et am initiale Projet och virgesi war, op 55.000 Euro pro Joer pro Journalist erhéicht ginn, gebonnen un eng Konditioun, déi sécherstellt, datt ee Minimum heivu bei de Journalisten ukënnt.

Eigentlech sollt d’Gesetzespropose de Mediepluralismus fërderen. De Reformprojet gesäit awer vir, datt een, fir kënne vun de finanziellen Ënnerstëtzungen ze profitéieren, minimum 50 Prozent vun den Ënnerstëtzunge vum Staat als éischt mol selwer verdénge muss. Eng Konditioun, déi der Realitéit net ugepasst ass, ewéi d’Journalisten, a si mussen et wëssen, an hirem Avis schreiwen: „Compte tenu des comptes annuels actuels des éditeurs, cette condition additionnelle risque de devenir plutôt une entrave à l’aide étatique qu’une amélioration de leur situation financière actuellement d’ores et déjà précaire.“ Virun allem déi méi kleng Medie wäerten hei Problemer kréien, fir dëse Krittär ze erfëllen, an et sinn awer grad si, déi de Mediepluralismus hei zu Lëtzebuerg ausmaachen. Am Endeffekt ass dës onadaptéiert Limite dann iergendwéi just nach d’Konsequenz vun engem Text, deen zwar gutt gemengt war, mee schlecht geschriwwen ass, well et u Kommunikatioun mam Terrain gefeelt huet!

E weidere roude Fuedem vum Gesetz ass et, fir d’Pressehaiser méi an dat Digitaalt ze drécken, an d’Ënnerstëtzung vum traditionelle Support, dem Pabeier, ze léisen. De Gesetzesprojet encouragéiert quasi d’Editeuren, fir vun haut op muer de Print anzestellen a komplett online ze goen. Dat awer online wäitaus manner Akommes duerch Publicitéite ka regeneréiert ginn, d’Konsumente manner bereet sinn, fir online Contenu ze bezuelen, ewéi se dës fir de Print gewëllt sinn, d’Reform also an deem Aspekt näischt un der Prekaritéit vun der Presselandschaft ännert, sinn Aspekter, déi bis elo an der Diskussioun komplett ignoréiert goufen.

Mee eng héich qualitativ pluralistesch Press gëtt et eben net zum Nulltarif, dat sollt eis alleguer kloer sinn! Journalisten, déi um Existenzminimum musse liewen, Medienhaiser, déi vu Mount zu Mount kucken, deenen Annoncen ewechbriechen an déi ëm d’Iwwerliewe struewelen … et ass dës ekonomesch Réalitéit, déi eis villfälteg Presselandschaft lues, awer sécher verschwannen deet. Mee ouni eng pluralistesch, onofhängeg, fräi Press ass d’Pressefräiheet net méi dee wichtege Baustee vun enger demokratescher Gesellschaft, déi se muss sinn. Duerfir musse mir sécherstellen, datt d’Press och an Zukunft d’ekonomesch Fräiheet huet, dat ze schreiwen, wat muss geschriwwe ginn. Ewéi de Louis Terrenoire, fréiere franséische Medieminister, et treffend sot: „La presse doit avoir la liberté de parler de tout, pour que certains n’aient pas la liberté de faire n’importe quoi.“

* De Max Leners ass Member vum Comité directeur vun der LSAP

Gariuen
21. Januar 2021 - 14.50

Et deet mer Leed, ma meng Steiersuen un d'Tageblatt ginn, da liesen ech och gären ALL Artikel.

J.Scholer
21. Januar 2021 - 11.30

Unsere Gesellschaft fußt auf den Eckpfeiler der kapitalistischen Marktwirtschaft und leider unterliegen die Medienhäuser dieser . Wird nun die Presse vom Staat finanziert , das Risiko einer freien Presse nicht mehr gewährleistet ist.Aus dessen Hand ich fressen tue, den kann ich nicht beißen .