Großherzogliche Weihnachtsansprache„Normalität ist das Ziel – aber wir brauchen Geduld“

Großherzogliche Weihnachtsansprache / „Normalität ist das Ziel – aber wir brauchen Geduld“
Der Großherzog bei seiner traditionellen Weihnachtsansprache Foto: Maison du Grand-Duc/Sophie Margue

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Großherzog Henri hat in seiner traditionellen Weihnachtsansprache alle Bürger Luxemburgs aufgerufen, noch etwas Geduld in der aktuellen Corona-Pandemie zu haben. Auch drückt er all jenen sein Mitgefühl aus, die einen Angehörigen durch eine Covid-Erkrankung verloren haben.

Die traditionelle Weihnachtsansprache von Großherzog Henri hat sich – wie fast alles im Jahr 2020 – um die Corona-Pandemie gedreht. Das Weihnachtsfest gestalte sich dieses Jahr etwas schwieriger, da die Welt durch eine Pandemie durcheinandergeraten sei, so der Luxemburger Staatschef. Das Jahr sei für alle Bürger eine enorme Herausforderung gewesen.

Weihnachten verbringe der Luxemburger in der Regel mit Familie und Freunden, zu Hause oder auf festlich geschmückten Weihnachtsmärkten. „Dieses Jahr gestaltete sich komplizierter, wenn nicht sogar unmöglich. Und das wegen eines Virus, den wir alle unterschätzt haben“, so Großherzog Henri. Die Regierung habe ihre Verantwortung übernommen und schwere Entscheidungen getroffen. Eine davon sei die Einschränkung der Freiheiten gewesen. 

Die Luxemburger hat der Großherzog in diesem Zusammenhang um Geduld gebeten: „Die Entscheidungen waren nötig, um uns und unsere Mitmenschen zu schützen“, so der Staatschef. Sie seien allerdings zeitlich begrenzt. „Bald gibt es einen Impfstoff. Dieser wird es uns erlauben, wieder ein Leben ohne Angst vor einer Ansteckung führen zu können“, unterstrich der Großherzog weiter. „Das ist unsere Hoffnung und unser Ziel.“ 

Der Großherzog gedachte an Heiligabend aber auch der Verstorbenen der Pandemie und dankte dem Personal in den Krankenhäusern, dem Lehrpersonal und allen Grenzgängern: „Ouni iech alleguer geet et net!“ Am Ende seiner Rede zitiert er seine Großmutter, die in noch tragischeren Zeiten die Luxemburger Bürger aufgerufen hatte, den Kopf in diesen schwierigen Zeiten nicht hängen zu lassen, und wünscht allen ein schönes Weihnachtsfest und alles Gute für ein hoffentlich besseres Jahr 2021.

Lesen Sie hier die Ansprache im Wortlaut

Léif Matbierger,

d’Joer 2020 wor fir eis all eng enorm Erausfuerderung, esou wéi mir se an de leschte Joerzéngten net kannt hunn.

D‘Enn vum Joer verbrénge mir gäre mat Famill a Frënn, doheem oder op engem feierlech dekoréierte Chrëschtmaart. Dëst Joer ass et méi komplizéiert, wann net onméiglech, an dat wéinst engem Virus, dee mir all ënnerschat hunn an dee sech zu enger Pandemie entwéckelt huet, déi eis Welt op d’Kopp gestallt huet.

D’Regierung huet hir Responsabilitéit direkt iwwerholl. Fir ganz séier kënnen ze reagéieren, huet si am Mäerz den état de crise fir dräi Méint ausgeruff, fir d’éischt zanter dem Zweete Weltkrich. Dat war eng schwéier Décisioun, mee si ass vun der ganzer Chamber matgedroe ginn. De Respekt vun den décidéierte Mesuren ass zu engem wichtegen Ament vu Solidaritéit fir eis all ginn, deen eis gewisen huet, datt mir zesummenhalen, wann et drop ukënnt.

Jo, eis Fräiheete sinn zum Deel ageschränkt ginn. Dat op eng Aart a Weis, wéi vill vun eis et nach ni erlieft hunn. Dës Mesurë sinn awer néideg, fir eis Matmënschen an eis selwer ze schützen, a si sinn zäitlech begrenzt.

Doriwwer gëtt weider an der Chamber debattéiert, well et wichteg ass, de richtegen Equiliber tëscht strikten a manner strikte Mesuren ze fannen. Dat ass lieweg Demokratie.

Nach ëmmer siche Fuerscher, Dokteren a Regierungen, wéi een d’Mënschen esou gutt wéi méiglech protegéiere kann. Et gëtt geschwënn e Vaccin. Dee wäert eis erlaben, nees e Liewen ouni Angscht virun dëser Infektioun ze féieren, a lues a lues an d‘Normalitéit zréckzegoen. Dat ass eis Hoffnung an eist Zil!

Mee mir brauche Gedold!

Léif Matbierger,

meng éischt Gedanke gëllen deene Mënschen, déi duerch de Covid hiert Liewe verluer hunn, an hire Familljen a Frënn. Et läit der Grande-Duchesse a mir um Häerz, deenen, déi de Verstuerwenen no stoungen, eist déift Matgefill auszedrécken.

A Gedanke si mir och bei deenen, déi momentan ënner de Symptomer vum Virus leiden respektiv nach ëmmer mat de Suitten ze kämpfen hunn. Hinnen an all den anere kranke Leit, wënsche mir vill Courage. Net vergiesse wëlle mir natierlech déi eeler a vulnerabel Persounen, déi dacks eleng doheem oder am Altersheem sinn.

Eng aner Suerg gëllt de Kanner an de jonke Leit. Fir si ass et eng schwiereg Zäit. Besonnesch wann ee jonk ass, wëll een erausgoen, mat Frënn feieren oder am Veräin Musek oder Sport maachen. All dat ass scho bal ee Joer laang net oder nëmme begrenzt méiglech.

E grousse Merci well ech un d’Enseignante riichten, déi sech och un déi nei Situatioun hu missen upassen, fir ënnert deenen spezielle Konditiounen hire wichtege Beruff auszeüben.

E weidere Gedanke geet un d’Matbierger, déi a Quarantän oder Isolatioun sinn. Mir all kennen där Leit a mir all hu probéiert, hinne bäizestoen. Dës crise sanitaire, déi eisen Alldag verännert huet, weist, wéi fragil eis Gesondheet ass, déi physesch an déi psychologesch, a wéi wichteg et ass, dass mir am Gesondheetssecteur gutt opgestallt sinn.

An de leschte Méint hunn ech mat ville Leit aus deem Secteur geschwat: Fraen a Männer, déi sech all Dag asetzen, fir d’Pandemie ze meeschteren. Ech hat de grousse Pleséier, Zeie vun ärem Asaz ze sinn. Et ass kloer, datt déi aktuell Situatioun extrem schwiereg ass: Den alldeeglechen Drock op iech ass enorm a vill Dokteren, Infirmièren an Infirmieren, Soignantes a Soignants leeschten eng formidabel Aarbecht.

Je veux dire à tous ceux qui travaillent dans les métiers qui sont essentiels au bon fonctionnement de notre société un très grand merci pour votre dévouement. Auch unseren deutschsprachigen Mitmenschen möchte ich von ganzem Herzen für ihren beispielhaften Einsatz danken.

Ouni iech alleguer geet et net!

Léif Leit,

et ass d’Solidaritéit an eiser Gesellschaft, déi mir am Moment brauchen. Ech sinn impressionéiert iwwer den Zesummenhalt hei am Land, deen elo schonn esou vill Méint unhält.

Eis Wirtschaft konnt um Lafe gehale ginn, wann och am Ralenti a mat vill Perten, besonnesch fir déi méi kleng Betriber.

D‘Secteure vun der Horeca, dem Evenementiel a vun der Kultur si besonnesch schro betraff. Vill Leit aus dëse Branchen hunn héich finanziell Verloschter gemaach a wëssen net, wéi et soll weidergoen. Dat, obschonn d’Regierung Mesurë geholl huet, fir den Entreprisen ënnert d’Äerm ze gräifen.

D’Repercussioune vun der Pandemie op eis Wirtschaft wäerten nach eng Zäit unhalen, dat ëmsou méi, well d’Lëtzebuerger Ekonomie staark vun eisen europäeschen Noperen a vun der Weltwirtschaft ofhänkt. Dofir ass et indispensabel, datt nach méi op europäeschem Niveau zesummegeschafft gëtt. Am Interêt vun der Allgemengheet ass et wichteg, datt mir an der Europäescher Unioun eis Efforte mobiliséieren. Ech konnt mech selwer dovun iwwerzeegen, wéi ech d’Direction générale vun der Santé an der Sécurité alimentaire vun der Europäescher Kommissioun op der Cloche d’Or am Oktober besicht hunn. Äntwerten op déi meescht Froe fënnt een net exklusiv um nationale Plang. Och hei bréngt de blannen Nationalismus keng Äntwerten op d’Défiën. Aus deem Grond ass de Multilateralismus, fir dee Lëtzebuerg sech nach ëmmer staarkgemaach huet, fundamental wichteg.

De Klimawandel bleift eng Erausfuerderung fir all d’Länner a Regierungen op der Welt. D’Paräisser Ofkommes muss ëmgesat ginn. Et besteet Urgence. Och zu Lëtzebuerg kréie mir den Impakt vun der Klimakris hautno ze spieren. Hei kann all Eenzele vun eis seng Responsabilitéit iwwerhuelen a probéieren, säi Liewensstil esou nohalteg wéi méiglech ze gestalten.

Léif Matbierger,

d’Joer 2020 wäert eis sécher nach laang an Erënnerung bleiwen. Fir mech perséinlech war et e ganz symbolescht Joer: Et sinn 20 Joer, datt ech äre Grand-Duc sinn. Dat sinn 20 Joer, wou ech frou an houfreg sinn, am Déngscht vum Land a senge Bierger däerfen ze stoen, an dat mat der Stäip vun der Grande-Duchesse. Ech well iech alleguer merci soen, fir déi léif Gléckwënsch a fir äert Vertrauen.

Och am Palais hunn dëst Joer eng Rei Saache geännert: Mat der Kreatioun vun der Maison du Grand-Duc gëtt d’Monarchie als Institutioun fir d’Zukunft gestäerkt. Et erlaabt mir, der Grande-Duchesse an den nächste Generatiounen, sech méi op d’Substanz vun eisen Aktivitéiten ze konzentréieren.

Léif Leit alleguer,

eng immens grouss Freed fir eis Famill war natierlech d’Gebuert vum Prënz Charles. De Prënz Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie sinn zanter dem 10. Mee houfreg Elteren. Ech wënschen dem klenge Charles, sengen Elteren an eis alleguer, datt mir nees geschwënn mat Zouversiicht an d’Zukunft kënne kucken.

Loosse mir eis an dësen Deeg besënnen an eis nei bewosst ginn, wat wierklech zielt: d’Famill, d’Frënn an ee fir deen aneren do ze sinn. Jo, mir maachen eis Suergen, wa mir ronderëm eis kucken. Mir stellen eis Froen, wéi et soll weidergoen. Wichteg ass, datt mir net opginn, datt mir un eis selwer gleewen an esou eis Zukunft positiv gestalten.

Den Opruff, dee meng Groussmamm, d’Grande-Duchesse Charlotte, virun engem vill méi trageschen Hannergrond 1942 un d’Populatioun geriicht huet, wéilt ech haut widderhuelen: Kommt mir loossen de Kapp an dëse schwéieren Zäiten net hänken!

Léif Matbierger,

no all Däischtert kënnt Liicht.

Zesumme mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie an all eise Kanner wënschen ech iech vu ganzem Häerze schéi Chrëschtdeeg an all Gutts fir en neit a bessert Joer 2021.

Miette
26. Dezember 2020 - 22.27

Ich verzichte seit Jahrzehnten auf diese Ansprachen von unseren ? die sind so ganz ohne Sinn und Tiefe. Nicht rumlabern, vom Vermögen was spenden, es gibt genügend soziale Baustellen in unserer Operette. Und das nicht nur zur Coronazeit, wenn es brennt???

en ale Sozialist
26. Dezember 2020 - 18.00

Der Grossherzog, hat gefälligst mit dem guten Beispiel voranzugehen. Wenn andere Landsleute glauben mit dem Flugzeug irgendwohin in den Urlaub zu fliegen, handeln sie verantwortungslos , weil sie bewusst das Risiko eingehen, sich Corona einzuhandeln und bei ihrer Rückkehr andere damit zu infizieren. Henri und Co dürfen das, weil sie scheinbar eine Ausnahme , gekrönte Häupter sind. Weit weg vom Schuss, von Biarritz aus eine pathetische Weihnachts-resp. Neujahrsansprache an die Landsleute richten, ist weder glaubwürdig noch überzeugend. In Zeiten der Not ist der Platz eines Monarchen oder eines Staatsoberhauptes bei seinem Volk.

J.Scholer
26. Dezember 2020 - 16.43

@Quiet dans.....: Wieviele Luxemburger weilen zu dieser Zeit im Ausland in Ferien? Konnte man nicht die letzten Tage in der Berichterstattung von überlastenden L...r Flugzeugen lesen? Gibt es nicht sehr preisgünstige Sonderangebote der nationalen Fluggesellschaft mit attraktiven Ferienangeboten? Oder hat die Regierung ein Reiseverbot für Sie , die Bürger ausgesprochen? Nein, also Sie dürfen auch „ an d‘Vakanz foueren“.

Quiet days in Biaritz
26. Dezember 2020 - 16.13

@ Här J.Scholer Wann ech Iech richteg verstinn ass et ganz normal dass de Monseigneur a senger Chreschtdags Usproch sengem Vollek vu Solidarideit an Efforen priedegt awer dann an d'Vakanz op Biaritz fiert. Wei huet den Heinrich Heine geschriwen : Sie tranken heimlich Wein und predigten öffentlich Wasser

HTK
26. Dezember 2020 - 13.12

Ubi et Orbi vom Papst und Impfung für alle bis zur nüchteren Feststellung unseres Oberscouts ," No all Däischtert kënnt Liicht",der Klimawandel muss gestoppt werden und der Appel seiner Mutter von London aus,"kommt mir loossen de Kapp an dëse schwéieren Zäiten net hänken! " sind doch erfrischende Pflichterfüllungen die wir jedes Jahr mit Spannung erwarten.Es ist immer gut wenn man Gott und König auf seiner Seite hat,obwohl beide in der Vergangenheit nicht immer zimperlich mit uns umgegangen sind. Danke.

en ale Sozialist
26. Dezember 2020 - 13.03

Ich nehme doch an, dass auf dieser Plattform, jeder das Recht hat seine Meinung zu äussern, ob Republikaner oder Monarchist. Verschiedene Kommentatoren haben vielleicht nicht die Leichtigkeit sich so ausgewählt auszudrücken, wie andere das von sich glauben. oder für sich beanspruchen. Manchmal kann ein Zuviel an Respekt oder eine devote Haltung gegenüber einem Regime, welcher Art auch immer, ein Zeichen von Feigheit und Schwäche sein.

J.Scholer
26. Dezember 2020 - 11.17

@Frugal: Jene die brachial von Absägen sprechen , also nicht den demokratischen Weg der Änderungen beschreiten , die demokratischen Gepflogenheiten eines Rechtsstaates respektieren, stufe ich nicht als Republikaner ein sondern als Links- oder Rechtsradikale. Wenn die Mehrheit des Volkes die Monarchie einmal abgewählt hat, ein demokratischer Entscheid einen Präsident zu instruieren ,der dann auch dem demokratischen Rechtsstaates wegen zu respektieren ist , sowie aktuell unsere Monarchie als Teil unseres Rechtsstaates .Egal welche politische Einstellung man angehört , Respekt vor dem Rechtsstaat , deren politischen, weltlichen Führern ist Teil der Demokratie.

De Realist
25. Dezember 2020 - 21.08

Ech fannen et jo léif dass eisen Grand Duc seng Ried Hällt, awwer et kann keen seng Bom an säin Pap asëtzen. Wëll en huet bei eis Bierger villes verluer. Schonn tatasach dass hien net anständeg Lëtzebuergesch schwätzen kann, an dass hien sech net gären, an genuch am an ënnert dem Volek sech waisst. Wëll anescht wi seng Bom, ass all Bierger een Deel vum Grand-Duché Elo sinn nëmmen déi eppes déi eppes sinn. (opwuel fir mech all inwiedum, souguer een Kloschar een Deel vun Lëtzebuerg ass) Ech soen ëmmer wann een wëssen wëll wéi et den Lait dobäussen geet, soll een eräus goen, an net dat gesabbels vun aneren Lait déi och net eräus ginn. ;)

Frugal
25. Dezember 2020 - 20.18

@J.Scholer "@Jonny…..co: Solange die Monarchie noch nicht durch die Politik oder Möchtegernrevoluzzer abgeschafft wurde" Wenn Möchtegernerevoluzzer tatsächlich einen Souverän absägen, dann haben sie es verdient Republikaner genannt zu werden, Citoyen.

titi
25. Dezember 2020 - 19.43

@J.Scholer. Sie müssen nicht unbedingt hier den Oberlehrer der Nation spielen. Oder fühlen Sie sich etwa dazu berufen oder legitimiert?

B.G.
25. Dezember 2020 - 17.43

@ J.Scholer. Hut ab. Wenn Sie Recht haben , haben Sie Recht. Auch ich ziehe es vor so lang wie nur möglich viel würdiger vertreten zu werden , als von einem, sagen wir ohne persönlich zu werden, einem ...einem.. .Berufspolitiker oder - rin ?

J.Scholer
25. Dezember 2020 - 15.32

@Jonny.....co: Solange die Monarchie noch nicht durch die Politik oder Möchtegernrevoluzzer abgeschafft wurde ist sie noch immer Teil, Bestandteil unseres Rechtsstaat . Fundierte Kritik an einem rechtsstaatlichen Dysfunktionieren des Hofes wie auch der Politik sind immer berechtigt , aber die Pöbeleien , unterschwelligen Kommentare der Lästermäuler auf Waschfrauenniveau sind eines demokratischen Rechtsstaat nicht würdig.

Jonny
25. Dezember 2020 - 14.07

Deem Herr do sein Gelaabers ass ësou wiesou dreimol neischt. Ett ass gudd Riemen schneiden vun deenen aaneren hirem Lièder. Sou ëppes ass bei dësen Zeiten nëtt méi acceptabel, virun allem dass vill Leit mat Iwerlièwen ze kämpfen hunn.

Linda
25. Dezember 2020 - 12.50

Heen huet gut schwetzen! Mir zu Letzebuerg sin net an senger Situatioun. Ons aal Generatioun ass angespaart! Daat ass guer net gut ! Main Papp lait zenter Méinten am Spidol. Ass wèi am Prisong! Just Personal ass do. Ech därf guer net bei heen. Seng Moral an och meng sin lo ganz enen! Ech sin och eleng! Wir och léiwer matt mengem Papp an engem waarmen Land! Vlait gesin ech heen mol net méi rem !!

d'MIM
25. Dezember 2020 - 10.57

Well dem Henri seng Freiheeten begrenzt sin, muss hien sech den 21/12 vu Biarritz aus unt Regierung wenden!!

de Koschter
25. Dezember 2020 - 9.54

Die grossherzogliche Ansprache zu Weihnachen und Neujahr oder " das Wort zum Sonntag ". Amen

florent
25. Dezember 2020 - 0.15

Wir brauchen niemanden der seinen Job geerbt hat um uns das zu sagen.