Do., 21. Januar 2021

Premium /  


  1. Carlo /

    Gottseidank ass de Fussball am Zäitalter vun der Technik ukomm. Gerechtegkeet geet ëmmer nach virun fragwürdegen Emotiounen!
    An déi positiv Emotiounen sinn ëmsou méi staark, wann e Gol reegelgerecht geschoss gouf, am Platz duerch Foul oder Tricksereien.
    De VAR ass ëmmer nëmmen Assistent vum Arbitter an et bleift dem Schiidsriichter seng Entscheedung, ob eng Szeen spillentscheedend ass oder net. An hoffentlech kënnen d’Schiidsriichter och geschwënn de Foul un der Säitelinn sanktionéieren. Stellt Iech vir, Lëtzebuerg géing duerch eng onglécklech Feelentscheedung vum Arbitter e Match verléieren. Da géif d’ganz Fussballnatioun nom Video-Beweis jäizen an den Arbitter wier net méi gutt vir heeschen ze goen.

    An à Propos Kontakt: Wann de Spiller „Pippo“ zeg Mol am Strofraum fält wéinst Kontakt, dann ass de VAR genau déi richteg Solutioun vir d’Reegelkommissioun ze zwéngen, de Begrëff „Kontakt“ nei ze definéieren, well Millioune Leit kënne jo mat gesinn, wéi faul e Foul jo wierklech war.
    Ausserdeem ass d’Falen bei Kontakt mat uschléissendem „Dahin-Siechen“ net eng Konsequenz vum Kontakt, mee vun Erziehung! An do kommen Froen zur Kompetenz vun (bestëmmt nëmmen enger Mannerheet vun) Trainer a Jugendbetreier. Och mir Elteren an Dir Journalisten kënnen dozou bäidroen, dass dat fault Ëmgeréits an eisem schéine Sport endlech geächtet gëtt.
    Lescht Bemierkung zu VAR a Kontakt: Kucke mer äis einfach un, wéi am „hooligan’s game“ Rugby de VAR eng formidabel Ergänzung zur Kultur an Educatioun ginn ass.
    Mat sportleche Gréiss,
    C.

Kommentieren Sie den Artikel

Meistgelesen