LeserforumA soss geet et, RTL, wat Esch ugeet?

Leserforum / A soss geet et, RTL, wat Esch ugeet?
 Foto: Editpress/Julien Garroy

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

„Et ass eng Plaz, déi fälschlecherweis ëmmer a Verruf geréit .…“, heescht et an der Émissioun Vakanz doheem vun RTL. Se hate bei RTL d’Kéier nach esou just kritt, andeems se „fälschlecherweis“ nach virun d’Wuert „Verruf“ gesat hunn. An awer, RTL, wat soll déi topesch Bemierkung „Verruf“? Zur Erënnerung, datt Esch déi zweetgréisste Stad hei am Land ass mat iwwer 36.000 Awunner an do ass sécherlech deen een oder anere Krommen dobäi, mee de gréissten Deel besteet aus éierlech schaffenden an honorable Leit, Escher eben! Schonn zënter Jore gëtt et Stréimungen hei, déi Esch diskreditéiere wëlle resp. erofmaachen, a se ginn es net midd, gebietsmillenaarteg dat bei deem nach sou banalen Incident ze widderhuelen. All déi solle wëssen, datt, wann eppes permanent widderholl gëtt, et dofir net méi wouer gëtt an datt an enger Stad vu 36.000 Leit méi lass ass oder passéiert wéi an engem Duerf vu 500 Leit. Logesch ass och, datt an der Stad Lëtzebuerg mat iwwer 100.000 Awunner méi passéiert wéi zu Esch. An obwuel do méi passéiert, gëtt awer an der Stad keen esou een Ophiewes gemeet. Par contre, RTL, war et en exzellente Choix, fir de sympatheschen Escher Gérard Thein an är Émissioun ze huelen, deen iwwer Esch an d’Qualitéite vu senger Stad erzielt huet.

de Schéifermisch
9. August 2020 - 19.16

Schon lange nicht mehr in Ettelbrück gewesen?

den Tutebatti
9. August 2020 - 12.33

@ tonnar. Wien ass dann deen oder déi Gastronom/en op der Stader Gare?

tonnar
9. August 2020 - 12.27

"An obwuel do méi passéiert, gëtt awer an der Stad keen esou een Ophiewes gemeet. " Da frot emol e Gastronom op der Gar an der Stad, déi ginn 10 Mol méi geschleeft wéi ganz Esch.

trotinette josy
8. August 2020 - 12.55

Wat wëll der hunn, déi meescht RTL Journaliste resp. Matarbechter wunnen am Raum Steesel.

Jang
7. August 2020 - 22.51

Wat ass dat een oder eng RTL?