LeserbriefEn néidegen Appell un d’Famillje vun eise Bewunner an den Alters- a Fleegeheemer

Leserbrief / En néidegen Appell un d’Famillje vun eise Bewunner an den Alters- a Fleegeheemer
Eng Mask läit op engem Dësch an engem Alters- a Fleegeheem Foto: dpa/Frank Molter

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Léif Famillje vun eise Bewunner an den Alters- a Fleegeheemer. Mir gesinn Iech, a mir héieren Iech. Dëst ass kee solidaresche Bréif; dëst ass en Opruff, fir nozedenken.

Et ass effektiv de Moment net einfach fir Iech, an och net fir Är Famill, eise Bewunner.

Mais fir eis, Personal, ganz egal wat eis Funktioun ass, ass et och net einfach. Mir hätten Iech vill, vill léiwer bei eis dobannen, well eis Aarbecht wier vill méi einfach duerch Är Presenz. Dir ënnerstellt eis, mir halen Iech gären dobaussen, fir dass mir alles Schlechtes, wat Dir Iech virstellt, kënne maachen a vertuschen, ouni datt een et gesäit. Falsch. Och mir dreeme vum Dag, wou Dir erëm normal kënnt kommen a goen. Mir hunn näischt ze verstoppen, mir hunn just Angscht, Angscht virum Covid, Angscht em eis Bewunner, em Iech, em eis eege Familljen an ëm eis.

Jo, Dir hutt recht, et géif de Bewunner besser goen, wa kee Confinement wier, mais dëst ass nu mol esou, mir hunn eis dat net erausgesicht. Et geet duer, datt EE vun eis alleguerten et huet, een Eenzegen, da riskéiere mir, datt et ganz séier biergof geet – dat ass e Fakt an Dir wësst et.

Mir fannen et och net flott.

Lo kann ee soen, datt verschidde Leit eis Reproche maachen a Saachen ënnerstellen, déi et net ginn, mee eis dann och nach konstant virzewerfen, mir wieren am Prisong, dat schléit dem Faass dach de Buedem aus … Hutt Dir jee iwwerluecht, datt wann Är Eltere bei sech doheem gewiescht wieren, Dir och net hätt dierfe bei si goen? Nee. Dir waart supposéiert, doheem ze bleiwen. Doheem bei Iech, net beim Noper, net bei den Elteren an eben och net bei eis. Haalt op, eis nëmme Virwërf ze maachen. Wat bewierkt dat? Datt mir méi motivéiert schaffen? Dass mir méi frou mat Iech sinn? Datt mer eis Dieren opmaachen? Nee, ech mengen och net. An awer si mir nach ëmmer do, mir sinn net feig.

Mir fannen Är Reaktiounen immens verletzend.

Well mir gesinn an héieren Iech. Mir gesinn och, wat Dir um Internet schreift. Mir liesen all Är Commentairen an all Är Aussoen an de sozialen Netzwierker – perséinlech huet awer nach keen de Courage gehat, eis dat an d’Gesiicht ze soen? Wat ass also d’Zil vun deenen Attacken an där Hetz géint eis? Äert Gewësse berouegen? Är Roserei iwwert déi Gesamtsituatioun un eis ausloossen, well ee muss jo dee Schëllege sinn? Maacht am Géigesaz eppes Nëtzleches a sidd present! Et ginn 100 Aart a Weisen, present ze sinn, och wann net physesch.

Mir fannen et fuerchtbar frustrant.

Mir si säit véier Méint um Enn, an et ass nach laang net eriwwer. Säit véier Méint ass eist Privatliewen op engem Stopp, fir datt et Ärer Famill soll esou gutt goe wéi nëmme méiglech, trotz dëser schwéierer Zäit. Mir sinn net perfekt a wäerten et och ni sinn. Mee mir maachen eis Bescht a sinn zu all Moment do, well ons Aarbecht fir ons eng Beruffung ass. Leider kréie mir vun deene meeschten ëmmer nëmmen ze verstoen, wei schlecht an onmënschlech mir dach nëmme sinn.

Mir géingen et appreciéieren, wann der bei ons kommt an eis simpel Reegele respektéiert: Dot Är Mask un. Sidd net beleidegt oder verbruet, wa mir Iech drop opmierksam maachen, datt Är Mask soll iwwert Ärer Nues sinn. E bëssen iwwerleeën, ier Dir eis Schëmmel a Bless sur place vernennt, ass wuel net ze vill verlaangt.

Fir eppes kloerzestellen: Mir sinn net géint Iech, mir si mat Iech! An et wier schéin, wann Dir och mat eis wiert …

Op dëser Platz e ganz grousse Merci un déijéineg, déi dëse Message scho längst verstanen hunn an déi vun Ufank un solidaresch mat eis waren.

A bonne entendeur.

Corinne Schütz
27. Juli 2020 - 20.59

Ech verstinn jo Suergen vum Pflegepersonal, mee ganz esou as dei Situation awer nët. Méng Schwéiermam as am Cipa an do hun Bewunner zu all Zäitpunkt och wärend dem Lockdown, dierfen iwerall hin, sou sin z. B. Bewunner an de Supermarchéen gangen, aaner Bewunner mëttes auswärts iessen gefuer. Momentan gin och Ausfliig mat de Leit gemach (Keelen spillen, op Musel, Betebuerger Park) Fir eis war et ok net dohinner ze goen an och elo just mat Mask an Oofstand, mee wann Bewunner selwer iwerall hin gin an daat och nach ouni Mask, brauchen mir eis net ze wonneren an Familjen verantwortlech ze machen, do lait ganz kloër de Problem bei den Direktionen vun den Cipaen. De Schwéierpapp as am Fleegeheim an do as Situation ganz aanescht gewiescht do duerften Bewunner just eraus an den hauseegenen Park. Trotz allem all Respekt un daat ganz Pflegepersonnal.

de Schmatt.
26. Juli 2020 - 12.49

Een, dee seng Leit regelméisseg, nët nëmme Krëschtdag , Ouschteren, Mammen-oder Pappendag am Seniorenheem besicht, gesäit, wat fir eng groussarteg Aarbecht d'Fleegepersonal do mecht. Ët sinn éischter déi Aner, déi mat engem schlechte Gewëssen, déi elo op d'Décktromm schloen. Wéi gewéinlech.

Renée
25. Juli 2020 - 19.44

Super geschriwwen an ech verstin och dass de Bréif anomym geschriwwen ass. Wann een emmer déi Commentare liést, déi esou richteg enner der Gürtelleng sinn da verstin ech dass de Courage do ass fir esou e Bréif ze schreiwen mee dass keen et néideg huet sech faerdeg machen ze loossen

Sandra
24. Juli 2020 - 9.03

Jo alles schein an gudd mee ech fannen et net ok dass mir Letzembourg en Test mussen machen fir an Deischland an sie brauchen kenn mir hun eisen Bouw fo wuhnen an derfen uni Test met beien waat soll daat et dass eis Kand an mir wellen och gesin an soet elo net heen kann jo eriwer kommen mir gin gärren bei heen

Myriam
24. Juli 2020 - 8.54

Gudd geschriwwen. Ech fannen et just traureg daat esou ee Bréif iwwerhaapt muss geschriwwen gin. En decken Merci un déi super Aarbecht déi all d‘Matarbechter an den Alters- a Fleegeheeemer, besonneg an dësen schwéieren Zaiten leeschten!

Marie Louise
23. Juli 2020 - 23.22

Super geschriwwen

Cremer Nathalie
23. Juli 2020 - 22.42

Bravo fir deen Artikel?

Johan van Dijk
23. Juli 2020 - 19.18

SUPER!!!!!!!

Georgette Roth
23. Juli 2020 - 18.57

Ech aelwer hun iwer 30 joer am beruf geschafft,an ech kann maer virstellen wei schlemm et fir ersonal an patienten as.Ech hun och erliewt dass maer vernannt gi sin,verbal ugegeraf asw.An am moment dreinen leit all um rad.einfach nemmen ouren ob durchzuch stelen as am beschten,wann och net einfach.

Thurmes Marny
23. Juli 2020 - 18.35

Ech fannen den Artikel super geschriwwen. Tip top,gudd gemaach

Sylvie
23. Juli 2020 - 16.40

Ech gin och regelmeisseg meng nopesch an Altersheem besischen an steiert mech guer net mech un hier Regelen ze haalen. Duerch dei Regelen kenne mir eis Leif iwerhaapt nees gesin. An fir dat den Virus net zevil chance kritt, gin mir emmer an de Parc setzen fir ze potteren. Mir solle merci soen dat Personal vun den Haiser dei ganz Zait vum Confinement, esou gud op eis Leit oppassen an no hinne kuken an och deelweis Famille ersetzen. Mir mussen mat dem Virus leieren ze liewen. En decke Merci un Fleegepersonal vun den Bezreiungsstrukturen

Tina
23. Juli 2020 - 13.43

Schued daat esou ee Bréif anonym geschriwen gin as.

Grober J-P.
23. Juli 2020 - 9.49

Ech mengen déi Leit déi esou reagéieren wéi Dir ët beschreiwt hun näischt verstan oder sin .... Esouguer meng Mamm huet mat 96 verstan firwat ët momentan elo esou muss sin. Sie soot, och wann ët schwéier fällt, haale mir eis un d'Regelen an haalen duerch bis den Impfstoff do ass, ech wollt eigentlech nët un CORONA stierwen. Wat nervt ass dat se nët méi gudd héiert an mir eis mat Hänn an Féiss verstännegen.