Äddi, Charly’s HaltEechternoach, schi Steedchen, bleif is erhalen!

Äddi, Charly’s Halt / Eechternoach, schi Steedchen, bleif is erhalen!
 Archivbild: Editpress/Tania Feller

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Säit den Terminus voam Bus, su wi fréer dee voam Charly, net mi op der Gare bäi der Sauer ass, ma an d’rue des Remparts, no bäi de Cactus, verloag geen ass, heelt den „110“ net mi wi noach viroan e poar Mint op der Hicht voan der Rabatt. Do, wu d’Zebrasträif riicht eriwer op déi aner Säit en Däl voan de Passagéier direkt an d’Wiertschaft gefouert hat, stungen den Dostesch Germain an deem ee Café, an dee legandäre Janse Will an deem aneren, an hire respektiven „Charly’s Bars“ op hir Stammclienten an aner Kroanemécken ze waouerden. Op Nummer 60 war d’„Flantermaous“, e Koasthaus an Danzlokal, wu d’Zaldote voan der Eechternoacher Garnisunn schunn am 19. Joarhonnert gäier aus an a gaange säin … a spidderhin de Schullmääster Bisdorff woane kum. Voan do oa feert den Direktbus aus der Stad, dat klä Stéckelche gläich weider bis op sein nei Destinatiunn, knapp 100 Meter mi wäit, rechts em den Eek.

Dat ass zwar logisch, ma dach schoad, well domat feelt d’„Charly’s Halt“, déi zwätleezt Statiunn voam klänen Zichelchen, dee wäerend fofzig Jaouer d’Stad mat Eechternoach an ëmgedricht verbonnen hoat, an déi och weiderhi bis elo voam CFL-Bus oagefoar guf, elo definitiv ewech. Deene määste Bäigeproafte voan elei oder aus der Frimd, doerft dat emol net weider opgefal säin, ma äich hoa mich ëmmer gefraait, wa vir am Bus déi rutt Schrëft mat „Charly’s Halt“ drop opgeliicht hoat, nodeems än den Arrêts-Kneepche gedréckt hat. Op déi Oart a Weis guf d’Erënnerung oan de „Charly“, den Zuch, mat deem sich esu vill eeler Leit och haut noach persinlich oder awer och mi Jonker duerch Iwerliwerung verbonne féilen, waach gehal an erhalen. Nëmmen noach de Wee, dee queesch iwer d’Landstrooss, viroan der „Bellevue“, laangst d’Schlammillen op där aler Trass erof op déi al Gare féiert an op den Noam „rue du Charly“ gedääft guf, erënnert ewell noach als äänzig oan dat geméitlicht Verkéiersmëttel aus laang vergaangenen Zäiten. „Schlammillen“, säif noach bemeerkt, ass den Eechternoacher hire „Gottesacker“, do wu owenaus am Krunnerbeerg e poar Dokteren hir Ville gebaut hoan mat äner imprenabler „vue plongeante“ op hir verstoerve Patienten zu hire Féiss … Déi drëttleezt Statiunn war bäim Centre d’intervention, do, wu déi iweräifrig „Samaritter“ gesondhääts-scheedlich, mat vollem Karacho an Dezibel zigmol am Dag erausgeprescht säin, an dat verschlofent Eechternoach rebellisch gemaach hoan, an dat fär oft näist a wider näist. Et hoat all Kéier geklong, wi wann erëm Kréig weer, oder e Kand an de Pëtz gefal weer, an dobäi war jhust ä voan dene gelangweilte lokalen Notablen, nom fënneften Apéro am „Pudel“ respektiv am „St Nicolas“, voam Hocker gekippt, oder et war béim „Wohli“, oam „Moart“, eem „Hipster“ aus dem selwichte Grond „onwuel“ géin …

De Charly war Oafank de Fofziger deene fortschrëttsgläwige Kritiker aus verschidenen Ursaachen net mi genehm. Hee war ze loos, hoat zigmol, stur an oni ëmzekucken, d’Strooss gekräizt a wien dobéi saï Gebimmels iwerhiert hoat, hat Pech … De „Charly“ hoat fär si einfach net mi an déi modern Zäit gepasst. Och de soss esu sympathische Meersche Fränz, ise fréieren dooble Champion am Honnertmeterlaf an am Wäitsprong (mat 7m44), a spidderen Direkter voan der „Autorevue“, ass net méid geen, gint de Charly ze lästeren an en als Anachronismus ze bezaachnen. Ma deemools hoan d’Lett op en ganz natierlech Art a Wéis „entschleunigt“ a stungen noach nët all Dag an hiren Autoe wi haut, voa mëttes haalwer véier bis an de fréien Owend op der Landstrooss, voam Quote-Carole seiner Kaffismillen bis ënnen an Eechternoach am sténkige Stau!

Op der „Charly’s Halt“ stung fréier en klä Gare!

Déi zwä Wiertshaiser hate vill Zoulaf, well riicht eriwer déi klä Gare stung, wu all déi Passagéier erausgeklomm säin, déi an der näxter Giënd gewoant hoan, an net mat bis op den Terminus foare wollten, wu de schmoale Charly mat deem gruss-spurige Prince-Henri-Zuch correspondéiert hoat. „Charly’s Halt“ war also kän einfach fakultativ Halt, wi déi op der „Kalkesbaach“ z.B. oder déi neizäitlich voam Bus, an och mi wi e schappigt Gare-Haisjen, ma en voluminös Holzkonstruktiunn, mat eem grusse Wartesall dran – de „Charly“ hat oft Verspiddung – déi hëllgeel a rutt oagestrach war, mat em Pärkelchen, äner „Pissotière“ an em kläne Gatter virdroan. An dësem Square hoat mein Mamm, Bisdorffs Maaria, zesoame mat hirem Brouder, dem spidderen Arméizeendokter Norbi („Nierbi“) Bisdorff, an anere Kanner „Koachlefel“ gespillt, e Spill, oan dat sich och haut noach Eipperse Pier – de Gipser-Menn – goud ze erënnere wääss, an dat de Leche Pierche mat seine „Septiën“ am Sportsunterricht voam Kolleesch näs spillen an oplewe loosse wëll. En weider schinn Traditiunn sonnerzweiwel, och wa mer déi genaau Spillregelen dozou noach mussen erëmfannen, grad wi en al Foto voan dem Charly seiner kläner „Avant-Gare“, eer heen d’„Leiwerdëlt“ erop oder erof gefoar kum, an do kuerz verschnauft hoat.

Ween noach esu e Bild hätt, könnt is dat jo kuerz lingen, fär et ze kopéieren – dat weer schinn, mir giwen is fraaien, a son elo schunn am viraus merci! An dem rezente schinne Buech iwer de „Charly“ voam J.-P. Meyer konnte mer zwar op Seit 99 en al Photo von isem Grusspap, dem Tunnelbauer Carel van Hulle, lënks nieft engem kleene Schëmmel am Agang zum „Becher“, erëmfannen, ma leider keen Oasicht voan der fréierer Eechternoacher Halt!

Déi al Charly’s Halt bluw noach e poar Jaouer erhal, nodeems den Zichelchen 1954 net mi gefoar ass – fär dan och, grad wi déi gruss Gare, ofgeroppt ze geen. Hëtt ass do en iwig iwerfëllte Parkplaz, no oan der „Kapeelerbach“ an en oniwerloachten versaatenen Iwergang fär Veloen op déi aner Seit an „Hoanegeeschen“ eran. „D’Charlys Gare zu Dummeldéng war mi en dichtigt Gebai aus rudden Zillen, ma si war de Bauhären am Wee a gung änes noats op en mysteriéis Oart a Weis a Flamen op, ähnlich wi Joarzéinte mi spitt dat kläänt Barrières-Haisjen tëscht dem „Schléiwenhaff“ a Märel, wu se och en anere Projet am Koap haten …. Domat war dann och bäi is dohäm de Sites et Monuments, nom Ofrëss voam „Löschenhaous“, an aneren Duddsënnen oachter d’Land, definitiv klasséiert.

Dir geséit, am säit iwig provinziellen Osten trauere mir, genaau su wi déi am ex-industrielle Süden, määstens ganz berechtigt, ma moanchmol op en ischter – äich geen et zou – e bësjen nostalgisch an irrational Oart a Weis, ise gemeensamen Erënnerungen a „Kandhääts-kulissen“ no … Esu a meiner Gebuertsstad Esch, wu en ganz rei industrie-geschichtlich interesséiert „Let“ déck „besuerscht“ em den totalen Ofrëss voan dene „zwuar“ suwisu schun zur „Hëlschent“ verstëmmelte Keese respektiv „Kachkéiseminnen“ säin, déi sich zu der Barbugerstrooss alias „Barbusegerstrooss“ hikéieren, an hir elle schoardig Mailer opräissen, „de grâce“ a „gare la mine!“ mi jhust noach hauche wi jäizen, fär vläicht dach noch Gehiër bäi dene ville ziville Geniën ze fannen, net ganz ze verschwannen an dem Bodem gläichgemaach ze geen!

Wann der op där Plaz goud lauschtert, an et dieselt an dem Moment net grad en orangfarwigen Gemeenecamion aus dem Dépot lanscht, dan héiert der se wéimeren a bedelen: „Restauréiert eis oder rappt eis of, ma loosst eis w.e.g. net weider su armséileg leidend do ston …! An hiren Waben respektiv „Alveolen“ kéint ee jo och vleit, wann den almoudesch-konservative Youngster op der Gemëng dat erlobt, Studentewunnëngen arieten, an deene déi jonk Léit, an enger W.G. mateneen wunnen a schlofe kienten, ouni kathoulisch bestued ze sin, onorthodox gepacst oder och nëmme zeitweis matenaner ze goen oder ze léien …!

Marie-Andrée Faber
16. Juli 2020 - 17.19

deen Artikel hoat mir goud gefal,besonnesch winn dem schinnen Eechternoacher, a well ich mich och schwoarz ärgeren iwer alles wat zu eechternoach ofgeroppt gëtt. a well méi Bopa , den jean Schanen Lokomotivführer oam Charly war...

Claude Oswald
15. Juli 2020 - 21.59

Zu Iechternach stung och emol eng stillvoll Haaptgare. Et konnt ee mam Zuch vun Dikrech iwwer Iechternach op Waasserbëlleg, a weider bis op Gréiwemaacher fueren. Dat gouf allerdings an de Joerzéngten nom Zweete Weltkrich als net méi zäitgeméiss betruecht. D'Zukunft, dat war den Auto. Nodeem d'Gleiser erausgerappt waren, gouf och dat schéint Gebai vun der Gare ofgerappt. Zu Iechternach hat een ebe keen A fir schéi Garen, an et huet ee sech just op d'Basilika fixéiert. Haut am Zäitalter wou mer iwwer Klimaschutz schwätzen, kënnt ee sech d'Fro stellen, ob d'Décisiounen aus den 1950er respektiv den 1960er Joeren all richteg waren.