Trauerried vum Jean Asselborn fir de Jay SchiltzLéiwe Jay …

Trauerried vum Jean Asselborn fir de Jay Schiltz / Léiwe Jay …
Jay Schiltz Foto: Editpress-Archiv

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Dësen Text ass d’Trauerried fir de Jay Schiltz, déi den Ausseminister Jean Asselborn den 29. Mee um Bëschkierfecht zu Ollem gehalen huet.

Léiwe Jay,

perséinlech, du weess et, hat ech de Privileeg, quasi vum Dag Null un dech ze gesinn an dech och ze héieren. Deng Mamm huet dech zu Stengefort an der Maternité op d’Welt bruecht. Dir hutt an der Schoul selwer, där aler op der Lëtzebuerger Strooss, gewunnt. Ee Stack iwwert de Schoulsäll. An ech weess, wéi wann et gëschter gewiescht wär, dass ech an der Paus am Schoulhaff, mam Ball eng vun äre Wunnengsfënsteren ageschoss hunn. Am Februar 1958. Ech soll e Wëlle gewiescht sinn deemools, zwar net grad wéi de Cantona, däi Kolleeg, un deem s du en Af gefriess has, mee ech hu mäi Bak gehal an net wéi den Eric no hannen ausgeschloen, wéi däi Papp de Roger, mäi Schoulmeeschter, mech fierchterlech vernannt huet.

Den Usträicher Biever vun der Areler Strooss ass direkt erbäigeruff gi, fir d’Fënster ze ersetzen, well du hues vu Schreck ganz haart gejaut. Et war di éischte Kéier, dass ech deng Stëmm héieren hunn. Aus dëser Kannerstëmm ass, wéi mir all wëssen, eng Stëmm ginn, déi e ganz speziellen Timber hat. Si war déif genuch, fir breet am Radio ze schalen, si war roueg, fir mat Nodrock Kritik schaarf a glafwierdeg esou ze distilléieren, dass se souz.

Esou roueg deng Stëmm och war, esou onroueg waars du, wann et ëm Wesentleches gaangen ass.

Ganz typesch war zum Beispill däi Kommentar vum 1. Mäerz 2002 op 100,7, wou s du en Deputéierten op d’Plaz gesat hues, dee gemengt huet, zur Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges soen ze mussen:

„E Kulturministère däerf e gewësse Sittenverfall net toléreieren … Suergt dofir, datt d’Kierch am Duerf bleift. D’Madamm Minister soll géint d’Dekadenz virgoen …“

Doropshin hues du carrement den décken Hummer erausgeholl, mat Recht, eng Parallel zum 10. Mee 1933 gezunn an en Nazi zitéiert:

„Gegen Dekadenz und moralischen Verfall! Für Sucht und Sitte in Familie und Staat! Ich übergebe der Flamme die Schriften von Heinrich Mann, Ernst Glaeser, und Erich Kästner.“

Jay, erlab mer ganz terre-à-terre eng Äntwert op d’Fro ze ginn, wéi een dech am beschte charakteriséiere kann.

Eent steet emol fest.

Du waars kee Mënsch, dee grousse Gefalen drun hat, Zich op de Schinnen ze dirigéieren, well d’Stellwierk op der Klengbettener Gare war net fir dech gemaach.

De Receveur-Posten op der Stengeforter Gemeng, mat deem Buergermeeschter, deen deemools do war, war och net dat Gielt vum Ee fir dech. D’Zuele waren dir ze rational, ze dréchen, ze onflexibel, ze faktesch. Du wollts net gefaange si vun der puerer mathematescher Objektivitéit, wann een dat iwwerhaapt esou soe kann.

Du waars e Mënsch, deen der Objektivitéit vun de Fakten zoutraut, dass se eng Dosis Subjektivitéit verdroe kann.

Den Antonio Gramsci sot: „Avoir le pessimisme de l’intelligence et l’optimisme de la volonté.“

Du has d’Intelligenz an d’Gespier, fir falsch Entwécklungen an hir Geforen an der Gesellschaft, speziell um sozialen a kulturelle Plang, richteg anzeschätzen, se net ze ignoréieren oder schéinzerieden. Mee du has grad esou de Wëllen, dogéint virzegoen. Dëst an dengem professionelle Journalistewierken, wéi och do, wou d’Béierdeckelen hir Plaz hunn an hir Sprooch geschwat gëtt.

Als Auteur vun engem Buch mam Titel „Aschengänger“ hues du en Dokument hannerlooss géint
d’Ewechdenken an d’Verdrängen, a fir d’Erënnerung un déi schwaarz Zäite vun der Mënschegeschicht.

Mam Televisiounsjournalismus an als Radiosjournalist bei RTL an am 100,7, wou s du laang Zäit Chefredakter waars, hues du däi Liewe verdéngt an dir vill Frëndschaften opgebaut. Als Kabarettist hues du dem Journalist déi Fräiheete ginn, déi et der erlaabt hunn, fir mat kultivéiertem Sarkasmus e Punkt ze setzen. A fir haaptsächlech där Zunft, wou meng Wéinegkeet ugesidelt ass, ze soen, dass den Dicks net eleng muss op der Eisebunn geriicht ginn, fir dass ee laanscht deen anere kënnt.

Du has déi gutt Iddi, ni d’Säiten ze wiesselen, fir dech an den Meandere vun der aktiver Politik ze verlafen. Bis däi Francine dech 2013 an eng quasi stroumlinieförmig regierungstrei Situatioun bruecht huet.

Deng Partei waren d’Sozialisten. Am offene Kanal, wéi och am zouenen, hues de dacks mat hir gedubbert. Heiansdo wuel zu Recht, meeschtens hues du allerdéngs iwwerdriwwen … Du has héich Uspréch un dës Partei, zu Recht. Mee wou gëtt et schonn e Sozialist, dee sech net kritesch mat sech selwer ausernanersetzt a mat deem, wat sech seng Partei nennt.

Wéi ech 2017 am September vu Wien erëmkomm sinn, hues du mech ugeruff. Du sos mer „Dës zwee Wierder un d’Adress vum Salvini hu mech un de Geescht vun der Schmuelgaass vu Stengefort erënnert, do wou d’Aarbechterfamillen, lëtzebuergescher an italienescher, zesummegewunnt hunn an zesummen op de Bänke virum Haus souzen.“

Wierder, déi ech an deem ganze Rummel deemools verhalen hunn.

Däi Papp, Jay, war vu Kaundref, engem Duerf, dat extreem vill gelidden huet an der Rundstedt Offensive. Hien huet mir dacks erzielt, wéi hien als Bouf vu 14 Joer huet missen hëllefen, säi geläämte Papp vum Schlofzëmmer an de Bunker am Keller erofzedroen, wann d’Sireene gaange sinn a Bommenalarm war. An en huet mir vill vun der Doudangscht erzielt, déi d’Kricher fir d’Mënschen u sech hunn.

Däin Engagement, mam Charles Goerens, fir de jonke Leit d’Barbarei an de Konzentratiounslageren ze weisen, fir dass si ni vergiess a verdrängt gëtt, grad fir deng staark Aversioun géint Antisemitismus, Rassismus, a schlussendlech géint Diktatur a Krich, hu mat Sécherheet hir Wuerzelen an deem, wat däi Papp an deng Mamm der matginn hunn als Krichsgeneratioun.

„Wieso? Wieso ist es geschehen? Weil man es so wollte, und weil man es geschehen ließ …“ A weider: „Weil niemand es für möglich gehalten hat, dass Menschen Menschen Derartiges antun können. Deshalb ist es passiert.“ Zwee Sätz, zwee kapital Sätz aus dengem Buch „Aschengänger“.

Et ass onschätzbar wichteg, dass de eis dëst mat denger ganzer Kraaft niddergeschriwwen hues. Dëst passt absolut zum Gramsci-Zitat. Deng fest Iwwerzeegung, dass ee seng Intelligenz asetze muss, fir dem Wëlle Kraaft ze ginn, dass esouguer dat Onmënschlecht ze besigen ass, wann een him mat Determinatioun an d’Ae kuckt an et bekämpft.

Äddi, Jay, du hues eis vill ginn! Mir vergiessen dat ni a mir ginn dat weider!

JA

Lully
6. Juni 2020 - 8.37

„Wieso? Wieso ist es geschehen? Weil man es so wollte, und weil man es geschehen ließ …“ A weider: „Weil niemand es für möglich gehalten hat, dass Menschen Menschen Derartiges antun können. Deshalb ist es passiert.“ Zwee Sätz, zwee kapital Sätz aus dengem Buch „Aschengänger“. an déi zwee Sätz sen haut och nach êmmer méi wéi aktuel êt ass erstaunlech, wéi séier, an ouni et an uecht ze houlen, dat et êmmer erem ka passéieren 'heimlich - still und leise' mer huelen deng Sätz an d'Erênnerung un dêch mat weider an hoffen doduerch, esou Eppes nêt méi zou ze lossen salut Jay