InterviewNico Helminger: „Beweegung gehéiert zu mengem Schreiwen“

Interview / Nico Helminger: „Beweegung gehéiert zu mengem Schreiwen“
De Schrëftsteller Nico Helminger mengt, déi éischt Pressekonferenzen iwwert d’Pandemie hätten „un en ale Film vum Costa-Gavras iwwert iergendeng Diktatur erënnert“ Editpress/Isabella Finzi

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Fir dem Nico Helminger seng satiresch Kuerzgeschicht ze begleeden, huet d’Tageblatt den Auteur iwwert d’Repercussioune vun der Pandemie op säi Schrëftstelleralldag ausgefrot. Ee Gespréich mam duebele Servais-Präisdréier iwwert d’Konditionéieren duerch Wierder, d’Realitéit als Costa-Gavras-Film an de mediale Virus.

Tageblatt: Wat huet d’Pandemie fir Iech konkret, am Alldag als Auteur, geännert? Ass dat Argument, en Auteur géif jo souwisou confinéiert schreiwen, an iergendenger Form viabel?

Nico Helminger: Et ass alles eng Saach vun de Wierder. A vum Gebrauch vun de Wierder. Ech hunn ni ,confinéiert’ geschriwwen, bis elo eben, forcément. Och wann ech normalerweis doheem schreiwen, ass dat net ënnert dem Diktat „Bleift doheem“. D’Beweegung gehéiert zu mengem Schreiwen, a wann ech déi net méi kann hunn, wéi ech wëll, wierkt dat sech op meng Schreif aus. Grad sou wéi d’Verännerungen dobaussen an deen domat verbonnenen Tsunami un Noriichten, deem ee schwéier entgeet. Och dat ass eng Saach vu Wierder. Vun Zeechen. Vun engem bestëmmte Moment un hunn ech dofir keng Televisioun méi gekuckt. Eng vun den éischte Pressekonferenzen zum Thema mat dem Generoldirekter vun der Police an der Madamm Generolstaatsanwalt, déi haart Strofen ugekënnegt huet, huet mech éischter un en ale Film vum Costa-Gavras iwwert iergendeng Diktatur erënnert wéi un eng Pressekonferenz zu Lëtzebuerg am Joer 2020. Ech hu vun do u probéiert, dee mediale Virus lasszeginn, wat mer awer nëmmen deelweis gelongen ass. 

Spiert de Secteur wirtschaftlech Konsequenzen?

Ganz sécher. Eng Rei Librairië ware virdru schonn um Wackelen, net nëmmen hei am Land. Et gëtt zwar ëmmer rëm schéi Rieden iwwert de Wäert vum Buch, et geschitt awer wéineg. Do bräichte mer laangfristeg méi eng zolidd Ënnerstëtzung; dat ass och net nëmmen eng Fro vu Suen, et ass d’Fro no der gesellschaftlecher Entwécklung an d’Roll, déi d’Buch dobäi ka spillen. D’Schrëftsteller selwer gehéiere jo net zu de Groussverdénger, dacks geet et um Enn vum Mount esou just op. Wann da Liesungen ausfalen a manner Bicher sech verkafen, gëtt et brenzeleg.

Wéi schro gesitt Dir d’Ewechfale vun dem Evenementiellen (Liesungen, Salonen)?

Ech si jo kee groussen Amateur vun Events, awer d’Treffe vum Auteur mat sengem Publikum (oder och mat aneren Auteuren, Verleeër etc.) schéint mer wichteg wéinst Austausch an Diskussioun. An och wéinst de conviviale Momenter, op déi mer zurzäit jo musse verzichten.

Wéi iergerlech ass et, dass d’Kultur beim Déconfinement iergendwéi zur Niewesächlechkeet ginn ass?

Kultur als Niewesächlechkeet, hate mer dat net scho virdrun? Dorënner leit eis Gesellschaft scho laang; datt déi Situatioun sech duerch de Virus zouspëtzt, ass nëmme logesch. Et kéint ee sech wënschen, datt déi momentan Situatioun zu enger grondsätzlecher Reflexioun géif féieren, wat d’Roll vu Konscht a Kultur an der Gesellschaft ubelaangt. Awer wien intresséiert dat scho wierklech?

Wat haalt Dir vun Online-Liesungen an anere Projeten „aus der Stuff“? Ass dat ee viabelen Ersatz?

Ersatz ass dat richtegt Wuert. Déi Solidaritéitsevents si sécher éierlech gemengt, awer iergendwéi gesäit et fir mech aus, wéi wann eng Rei Kënschtler een deen aneren a sech selwer do wéilten tréischten, well hinnen d’Luucht ausgaangen ass. Leschtlech muss d’Fro erlaabt sinn, ob et en Ersatz fir Kultur ka ginn (ouni datt een, wann ee se stellt, e Kollaborateur genannt gëtt).