Fr., 5. Juni 2020

Premium /  


  1. J-Marc Calderoni /

    Handel, Handwiërk, Horesca a Fräiberuffler, alles jäitzt a Kriisenzäiten no Hëllef vum Pappa Staat. Och wann een à la rigueur verstoë kann, dass Kleng- a Mëttel-Betriiber déi an Nout gerode sin ënnert d‘Äerm gegraff kréien, sou freet ee sech dach wéi ët ëm de villzitéierten liberalen Entrepreneursgeescht an d‘Risikobereetschaft bestallt as, mat deenen dës Sparten hir normalerweis dach signifikant Gewënner justifiéiren ?

    All Versteesdemech feelt awer, dass elo och nach grouss Boîten, déi trotz Corona a meeschtens opgrond vu Loun- a Sozialdumping enorme Bénéfice maachen, solle vum Staat finanziell ënnerstëtzt gin !? Boîten, déi zu engem groussen Deel op Profitmaximéirung duerch Cum-ex an aner kromm Steier-Hannerzéihungstricken ausgeriicht sin. Dat kann an däerf nëtt sin !

    Wann een der Gesondheetsministesch Paulette Lenert wéi och der Mme Inneminister Taina Bofferding opgrond vun hirer exzellenter Aarbecht an dëse schwéiren Zäiten ee grousst Luëf muss ausschwätzen an och aner Rejhiirungsmëmber hiren Job gutt erfëllen, esou gesäit ët bei den Häre Bettel, Gramegna a Fayot dach ganz aanescht aus.

    Scho bal pénibel an u Pathos nëtt ze iwwerbidden hiren ,,Ët kascht wat ët kascht‘‘ -Optrëtt op RTL. De Vull awer schéisst dee kiërzlech ernannte Wirtschaftsminister Fayot of, dee stolz wéi Oskar erausposaunt, dass eben elo och Groussbetriiber ënnert den 9-Milliarde-,,Rettungsschiirm‘‘ !!! falen.

    Ët huët deemno nëtt laang gedauert, bis dass de sou-disant lénksgeriichten Politiker säi rosaroude Mäntelchen géint ee bloën Ëmhang getosch huët. War vun de liberale Spëtzepolitiker nëtt méi ze erwaarden, sou as d‘Optriëden vum LSAP-Wirtschaftsminister ee Schlag an d‘Gesiicht vun de schaffende Leit.

    Wäll dräimol diërft der roden, ween alt nees fir déi gepeffert Rechnung muss blechen. Bestëmmt nëtt di déck Bonzen …

Kommentieren Sie den Artikel

Meistgelesen