LuxemburgensiaNuau kuck äs: Zu Eechternoach hoat de Café „Philosoff“ nees op!

Luxemburgensia / Nuau kuck äs: Zu Eechternoach hoat de Café „Philosoff“ nees op!
Den Orlando a „sengem“ Café Philosoff  Foto: Editpress/Tania Feller

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Een goutt Noriecht hiert ees – oder wusst der et schunn: Zu Eechternoach an der Haalergaass hoat de Café „Philosoff“ séin Diere seit ee poar Dee nees op a kann een do erëm akieren.

Siwe laang Jauere stung dee legendäre Bistro eddel, an et hat kee mi dermat gereechent, datt hie jee een Kier géif nees opgoen! Et gouf erzeelt‚ d’Gebai ging grad ewie Duchscherhaus ofgerappt an duerch en „Eifelhaus“-Ertragshaus ersat géin … Deem ass awer zum Gléck net esu, an elo kann een do nees „philosofféieren“, e poar seffig Dikkricher drénken oder ganz mat de Gedanke beim Bacchus an dem Dionysos ee goude Patt rudde Wéi genéissen. Eléi, matten an Haal, gouf fréier vill gesoff an esouwuel progressiv wie betount alternativ schwadroniert.

Mir konnten is d’leetzt Woch dervoan iwerzeigen, datt d’Brauerei, ënnert enger ganzer Rei voa Kandidaten a Bewerber, mat dem Orlando a seim Fatima ee goude Choix getraff hoat, fir d’Lokal z’iwerhollen. Déi dynamesch Koppel hoat de Café mat vill Goût an ouni Kitsch ageriecht an oagestrach, esu datt d’Atmosphär bannenan stoark a bis an den Detail oan déi voan deemools erënnert.

Am „Béiergoart“ e kleene Maufel eessen

Nostalgiker kënnen deemno berouigt sein, zemools esuguar d’Foto voa méiner aler Zitrunn – een onze légère voan 1950 – nees oan der Mauer hängt, nodeems d’Madame Macchus se vergrissert hoat. Mat ganz vill Imaginatiun kann een sich esuguar virsteelen a virspillen, toutes proportions gardées, am weltberühmte Philosophecafé „Pedrocchi“ zu Padua ze séin … virausgesat, et gëtt een net wärendeem duerch boatzigt Wirtshausgespréich aus seim Dram gerappt …

Et gëtt do an anerwäerts erzeelt, datt gleich noam Dud voa Kneppesch Ali dat Gréint voan der Eeselsmillen d’Joacht op déi oarme Mufflongen an der Hoardt fréi géin hätt, an dat ass emol fir ee Kéier leider kee „fake news“! Hannenaus, do, wou dem Hoffstettesch Benni a Ketti sei Papp d’Schmadd hat, kann ee béi schinnem Weeder am „Béiergoart“ ënnert em ale Bam setzen an do och e kleene Maufel eessen.

Voan eem Granatsplitter getraff

Iwwrigens ass, watt esuguer vill Eechternoacher Lett net wessen, deen alen Här Hoffstetter, deen och ee Radbudig mat enger Caltex-Benzinspompel virdro bedriwwen hoat, am Kréich wärend der Rundstedtoffensiv voan eem Granatsplitter déidlich an de Bauch getraff géin, wéi hien, virwëtzeg ewéi hien nun emol woar, op d’viescht Dier gung, fir ze kucken, wat da loas wier. Spure voan den Aschlie esuwuel am Gesims ewie ënnen am Povai an an der Dier séin esuguer hett nach do ze erkeenen.

Vill Eechternoacher gerad ewie vill aner al Jongen a Meedercher voan iwerall aus der Zeen an aus der Stad dierften sech iwwert d’Réouverture vaom „Philosoff“ freen, ouni allerdéngs ze wessen, wie déi Bezaachnung an dësen Noam éigentlich zustane koum … Mir meene ganz goutt platziert ze sein, fir dorop ee plausibel Äntwert ze géin!

Net op séiner Mest gewoass …!

Pour la petite histoire an der ganz grusser aus der eelster Stad am Land wollte mir dat bei dëser Geleenheet ee fir allemol kloersteelen! Also dat woar esu: Enn der siwwenziger Jauere sein eich ee Kier mat dem Fernand Guelff duerch d’Uewerstad spadziere gaang a mir kummen iwerdeems, op de Hie voan der Paschtoueschgaass, wou d’Eechternoacher Abtei am oachzéinte Joerhonnert ee Refugium besees hoat, och op e ganz Rei voan alen Eechternoacher ze schweetzen.

Eich sot him, datt mei Mamm, Bisdorffs Maria, een Eechternoacher Meedchen, a méi Bop, de Bisdorffs Will, schunns oam Enn voan den zwanzeger Jaueren do Schullmeester geweest wier. De Guelff hoat deemools Philospophie an eich Romanistik a Sport stodeiert. Nodeems mer genouch iwert d’Meedercher fantasmiert haten, hoa mer nees iwert d’Charakterkeep an déi markant Figuren aus dem Sauerstädche blablatiert.

Eens mat der Natur

Mir hoan is oan Tubaksfunny, de Geessefritz, de Glaudierbatti, de Scheers Franz an den Zockertoni erennert an dem Reederfilip, dem Zockergeorges, dem Elsens Gust, dem Janse Will an dem Dostesch Germains hirer gedoacht an dunn hoan eich d’Reed op de „Reetze Jeng“ broacht, deen dee beigeproofte Guelff aus der Weilerbach virdroan jo goar net keene konnt. Deen hoat net weit voan is op der Landstrooss riecht eriwer voan der Charly’s Halt an nieft isem Haus, dem fréiere Café „bei der Flantermaous“ gewoant.

De Jeng hoat fir d’Gemeen geschafft, war ëmmer déister gekleet an hoat e Kap op dem Koap gedroen. Voa seinem „Goldschlëssel“ Tobeko hoat hie sech sein Zigrette selwer gedriet an d’Tëschenauer hoat e a seim „Brostloopseekelchen“, der Giletstësch, mat sech gedroen. Hie woar eens mat der Natur an obschunns schwoarz oagedo vill méi gréin ewéi d’lokal Ministisch, déi mat dem Eeselsschoap, an déi meest héitig Provenzpolitiker, déi geschett driewer schweetzen an séich selwer oan neist halen … Hien hott et mam Jean-Jacques Rousseau gehalen a vill Zeit an deenen hannen am Bréil kierzlech frevelhaft zerstierten Oachtergärt verbroacht a séin Parzell do och schin an der Rei gehal a kultiviert.

Geschichtsràchteg: Café De Philosoff
Geschichtsràchteg: Café De Philosoff Foto: Editpress/Tania Feller

Méi wie en Kéier hoat en is frësche Pitersilig, Bunnen, Krischelen a Goldsberen (Erdbier) voan do aus matbroacht. Bei goudem Weeder ass e mat seim Rad an den Angelen drop laangst Sauer fësche gefoar an duerno an den „Anker“ bei Dells een oder e poar mie holle gang. Voan Zeit zu Zeit huet hien, ier hee bestoat guef, e sugenannten „Neintche“ gehal a blogemaach. Wann heen dann endlich, noch ëmmer net ganz erniechter, no e paar Dee endlich heemkoum, hott d’Kleier, sei Mam, him d’Levite gelees, hie krut de Wesch an d’Deppen a war da gleich erëm erniechter a bei Sënnen …

„Een echte ,Philosoff‘ mat zwee F à la fin“

Eich hoa vill a géier mat deem léiwen, häerzensgouden an einfache Man diskutiert an hien esugoar neeft seim Rad fotografiert. Wéinst seiner Bescheidenheet, seim Interesse un deer schinner Eechternoacher Natur – ier déi Gréin voam Jupp Weber iwerhaapt erfonnt guewen – an seinen einfache Werter am Leewen hoan eich heen hi geschat a ganz géier gehat. Dem Guelff hoan eich dat esu goutt erzeelt, wie äich konnt a geféilt hoan, a fir ze résumieren dat esu formuliert: „Weess de Fernand, du solls wëssen, de ,Rizla’s‘ Jeng, och wann hien als Jonggesell géier seng Pättercher, och mie wie emol iwwert den Duuscht gedronk hott, dat wor weder ee Sëffer nach ee Soff, dat woar vill ischter esu een ewies dau, ee Philosoph oder nach vill besser, wie sollt eich soen, ma voilà, een echte ,Philosoff‘ mat zwee F à la fin a vill Menschlichkeet virdroan …!“

Esu weit, esu goutt, ee poar Mint séi vergaang, an dunn huet de Guelff, dee spidderhin de Melusina opgemaach hott a bis haut noach d’Brasserie voam Kirchbierg bedréift an domat all déi Liege strooft, déi meenen, „Philosophe“ wiere per Definitioun kee Geschäftslett an net u materielle Gidder interesséiert …, als ischt ee Café matten an Haal opgemaach, deem hie sinnegerweis dee voa mir geprägten Noam „de Philosoff“ géin hoat …Heen hat sech „visiblement“ oa mein deemolige „bon mot“ erënnert – dee war jo och net patentéiert – an séich droan inspiréiert. Schunn aleen dofir féilen éich mich, mon très cher Fernand, och bis hett noach honoréiert!

de Schéifermisch
24. Januar 2020 - 16.22

Eechternoacher Dialekt : ein Kleinod unserer Sprache, den es zu pflegen und zu bewahren gilt, wie so viele andere einheimische Mundarten, die leider am Aussterben sind.