ForumAutoen op Käschte vun de Steierzueler

Forum / Autoen op Käschte vun de Steierzueler
D’staatlech Subventionéierung vun  Déngschtween beleeft sech zu Lëtzebuerg op 200 Milliounen Euro pro Joer Foto: AFP

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Jimmy Skenderovic, LSAP-Member

Kennt Dir nach déi Begrëffer aus de Krisenzäiten: d’Laascht op breede Schëlleren droen, méi kleng Bréidercher baken, mat der Géisskan Sue verdeelen asw.? Wann de Staatsbudget net opgeet, si grad déi Leit mat nidderegem Akommes déi, déi de Rimm méi enk zéie mussen.

Mä wéi gesäit et aus mat de Staatsfinanzen, wann d’Wirtschaft boomt an d’Recettë spruddelen? Ginn d’Subventiounen a Steiererliichterunge systematesch op hier Auswierkungen iwwerpréift an no der Verdeelungswierkung ugepasst? Wien dréit a wéi engem Ausmooss d’Käschte vun enger Subventioun a wien ass de Beneficiaire?

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng ganz Rei schiedlech Subventiounen a Steiererliichterungen, déi zum gréissten Deel historesch eragewuess sinn. Well et awer keng systematesch Kontroll an Evaluatioun gëtt, sinn d’Zuel vun de Subsiden an de Gesamtbetrag vun den Ausgabe schwéier anzeschätzen. Trotzdem bleift se ganz héich am internationale Verglach an d’Auswierkunge si ganz ëmstridden.

Intransparenz an e juristeschen Zodi

De semanteschen Dschungel vu Begrëffer wéi „subventions“, „dotations financières“ oder „contributions“ schaaft e juristeschen Zodi, esou datt déi zum Deel gewollten Intransparenz gutt erhale bleift.

Deemno stellt sech d’Fro, wéi et iwwerhaapt méiglech ass, d’Akommesongläichheeten, de Klimawandel an den illimitéierte Ressourcëverbrauch an de Grëff ze kréie, wann och nach d’Steiergelder entgéint enger nohalteger Entwécklung verschleidert ginn.

Et gëtt eng ganz Rei esou Beispiller am Beräich vun der Energie, vun der Landwirtschaft oder vun de Finanze, mä ee Beräich léisst besonnesch déif blécken. Esou huet d’EU-Kommissioun d’staatlech Subventionéierung vun den Déngschtween ënnert d’Lupp geholl. Zu Lëtzebuerg fléissen 200 Milliounen Euro pro Joer aus der Staatskeess fir deen Zweck. Bei der Uschafung kënne Betriber, meeschtens Banken a Berodungscabineten, d’TVA ofsetzen. D’Finanzéierung vum Fuerpark iwwert de Prêt an d’Entretienskäschte reduzéieren déi sougenannt „base imposable“ bei der Kierperschafts- a Verméigenssteier. Well d’Autoe fir d’Personal geduecht sinn, gëtt de Remboursement nach emol vum Brutto vun der Pai ofgezunn, fir kënnen d’Steieren, d’Pensiouns- a Sozialcotisatiounen ze reduzéieren.

200 Milliounen Euro fir de Manager hir Leasingsautoen

Et besteet keen Zweiwel dorun, datt et sech ëm eng aus steierrechtlecher Siicht louche a fir de Steierzueler ganz deier Praxis handelt. Wat de Präis vum Auto méi héich ass, wat et méi interessant gëtt.

Esou finanzéiert d’Gemeinschaft een Deel vun den deieren Autoe vun de Manager an Associéeën, déi se fir privat Zwecker notzen. Alles legal a mam Gesetz, wat se selwer matgestallt hunn, konform – do wetten ech drop. Da probéiert mol Är Haftflichtversécherung zweemol an der Steiererklärung ofzezéien!

Net schwéier erauszefannen ass et, wie fir de Stau, d’Ëmweltkäschten an d’Stroosseninfrastruktur opkomme muss. Wëssend, dass d’Datebasis e puer Joer zréckgeet, misst d’Zomm vun de staatlechen Hëllefe vill méi héich ausfale wéi bei der Etüd vun 2009. 200 Milliounen Euro fir de Manager hir Leasingsautoen a 35 bis 45 Milliounen Euro fir de gratis ëffentlechen Transport.

Janno
22. Oktober 2019 - 13.12

Das ist eine Tatsache und dürfte allseits bekannt sein, wenn es heisst, den Gürtel enger schnallen, ist damit stets der " kleine Mann " gemeint!

Charel
20. Oktober 2019 - 13.04

Nee, «géisskan» kenne mir nët, well op lëtzebuergesch as dat nach ëmmer eng stränz.

n der Parad
18. Oktober 2019 - 13.50

Wiën et laang huët,leïst et jo och laang hänken,besonnesch zu Luxusburg!Mee,weï laang geet daat nach,bis eis sougenannt,,Responsabel,,endlich erwächen?

Nomi
18. Oktober 2019 - 13.25

Di Begenschtegung vun Firmenauto'en muss oofgeschaaft ginn !!