Di., 16. April 2024




  1. bistrot /

    De Goerens ass net ze schloe gewiescht. A fënnef Joer kucke mer weider… En huet fir d’DP och déi eischt Plaz geholl, dat ass super. D’CSV hat des Kéier kee Juncker a Reding-Effekt, 2 vun hiren 3 Deputéiert sinn net méi ugetrueden. De Christophe Hansen huet (nach) net d’Statur vum Goerens. Fir eng nei Lëscht awer ee gutt Resultat. Déi Gréng hunn dem allgemengen Trend ee gutt Resultat higeluecht. Enttäuschend ass d’Resultat vun der LSAP, trotz Schmit, Kersch, Goebbels an Asselborn-Bintz, alles grouss Nimm, gëtt et nëmmen eng véiert Plaz, mat Nout virun dem ADR. D’Piraten hu sech erstaunlech gutt geschloen, trotz oder grad wéinst der negativer Press. Déi Lénk kommen trotz David Wagner net vun der Plaz a gi vun de Piraten iwwerholl. Volt huet fir eng kleng awer Pro-Europäesch Partei ee gutt Resultat gemaach. D’KPL sollt besser mat der Lénk zesumme goen. Hier Zäit ass eriwwer.

  2. Cornichon /

    D’Leit schéngen wirklech begeeschtert ze sinn fir d’Patronat ze stärken. Wen ass dann de Standard Wieler vun der DP? Fir mech, Leit déi genuch Kapital hunn fir eng Firma opzeman an sou mann wéi méiglech Steieren wellen bezuelen. Also d’Oberschicht. Also ass d’Resultat e kloert Signal fir méi starken rücksichtslosen Kapitalismus.

  3. Jang /

    Fir kleng an Mëttelbetriber ännert daat alles guer neischt,
    si mussen nach wie vor virun kucken sëlwer eens ze ginn.
    Op den Politiker hiren Palaver ass ësou wiesou keen Verlos.
    Haptsaach si sin derbei an kasséieren an hir Tesch.

Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können.

Melden sie sich an
Registrieren Sie sich kostenlos