Di., 25. Februar 2020

Premium /  


  1. René Charles /

    T’as vun all Lëtzebuerger gewosst, säit dem 5ten Schouljoer, dass Lëtzebuerg haut nach just 1/3 as vun dem ursprünglechen Territoire an deem Sproocheraum.
    Wien dat verpasst huet an der Geschicht (kaum méiglech) gët spéitsdens bei engem Besuch op Metz, Bitburg, St.Vith an Dinant vun eeleren Awunner beléiert bis wéi wäit deemols déi Lëtzebuergesch Grenze waren. Och an eenzelnen Museeen kann een dat op Kaarten gesinn.
    Wann een dann z.B. zu Attert (B) an e Restaurant geet, mol sou Freidesowes, sëtzt do och vläicht e.a. de Burgermeeschter (huet sech Lëtzebuerger maache geloos virun 4/5 Joer well déi ganz Famill och haut nach an deem fréieren L. wunnt) deen lëtzebuergesch schwetzt mat Duerfleit an natiirlech mat Feinschmecker aus L.
    Am Areler Ländchen grad sou wéi an der Emgéigend vu Metz gët déi lëtzebuergesch Sprooch, och mol francique genannt, gepflegt vun eenzelnen Veräiner: All sin sech eens dass de Sprochekorridor tescht dem germaneschen an franséischen Deel an Europa, vun Friesland bis an Tirol, dat interessantst ass waat dee Karel vun Oochen, resp seng 2 Bouwen, de Sproochmaatessen durch d’Splécken vun dem Räich hannerlooss hun.

  2. roger wohlfart /

    Dat stëmmt, dass de Lëtzebuerger de Kapp gebéckt an d’Aen zougepëtzt huet, fréier an nach haut. Mir Lëtzebuerger loossen eis sprechwiertlech de Botter vum Brout huelen. Wa mir an e Supermarché oder an eng chic Boutique akafe ginn an opgefuedert ginn . ” En français ( s.v.p ) ! “, follege mir schéi brav , wéi mir dat geléiert si ginn. Fir dat ze bemängelen muss ech kee Nationalist sinn, wat ech bei weitem nët sinn, awer ech ka mech wieren . Am leschte Weltkrich hunn sech eis Elteren a Grousselteren och gewiert an deemols war duefir vill Courage erfuedert, och wann een d’Zäiten nët mateneen vergläiche kann. Mir brauchen keng Mannerwertegkeetskomplexer ze hunn, well mir sou e klengt Land sinn, mir kënnen houfreg op dat sinn, wat dëst klengt Land geleescht huet.

Kommentieren Sie den Artikel

Meistgelesen