Di., 25. Februar 2020

Premium /  


  1. Pegasus /

    Den Hä£r Zenner huet natierlech recht,mä wat grad esou schro ass an nach méi geféeirrlech ass d’Tatsaach,datt ëmmer méi Vëlosfuerer et selbstverständlech fannen,iwwer den Trottoir ze jauwen.Dobäi ass dat vum Gesetz hir verbueden.Just Kanner duerfen den Trottoir benotzen.

    E puer Leit huelen nach e wéineg Rücksicht op d’Foussgänger,di meescht ower net ,de Foussgänger muss réckelen,an de Vëlosfuerer laanscht loossen.Virun 2 Deeg ass e jonke Borscht hei de Boulevard erofgedonnert an huet gebläert “Away”!Firwat gëtt deem geféierleche Spill einfach nogekuckt??

  2. roger wohlfart /

    Et freet ee sech wou dat nach hiféiert mat där Handymanie. Egal wou, egal wéini, iwwerall begéint een, op Schratt an Tratt , op deenen onméiglechste Plazen a Situatiounen, Leit mam Handy telefonéieren. Trotz dem Verbuet sinn der nach ëmmer, déi iwwert dem Fueren hannert dem Steier den Handy beim Ouer halen. Och Cyclisten , si hunn zwar keng Schell ( well déi sinn onheemlech deier ) mengen iwwert dem Pedaléieren onbedengt telefonéieren ze missen. Am Verkéier hölt haut kaum nach een op deen aner Rücksicht, obschons mer all gläichermoossen Autofuerer, Cyclisten a Foussgänger sinn. Respekt a Courtoisie sinn nët méi gefrot! Genee sou wéi merci a pardon.

Kommentieren Sie den Artikel

Meistgelesen