Quo vadis, Eltrona?

Quo vadis, Eltrona?

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Eltrona, wou gees du hin? An der Gemeng Mamer. Dat ass d’Fro, déi sech honnerte vu Clienten an deene leschten Deeg gestallt hunn. De Grond ass, well de Kabelbedreiwer säit dem 6. November all seng Fernsehprogrammer just nach an HD sent, an domat en neie Standard am Kabel offréiert. A seng Abonnenten duerch d’Press informéiert huet, datt si sech doheem ëmstelle mussen.

Di Informatiounen an der Press waren awer net komplett; sou gouf z.B. net informéiert, datt de Client e Kaartelieser mat enger Kaart muss hunn, fir all Programm ze ëmpfänken. Och gouf net erkläert, datt wann de Client all di néideg Konditiounen erfëllt, datt Eltrona duerno den Uschloss nach fraïschalte muss. Wann all di Konditiounen net erfëllt sinn, da bleift de Fernseh doheem „schwaarz“. An dat trotz den Uschlossgebühren, déi d’Leit der Mamer Gemeng direkt bezuelen an och schonn am Viraus bezuelt hunn! Well d’Mamer Gemeng verrechent nämlech den Abonnenten de Kabeluschloss.Dofir ass di Mamer Gemeng bei dëser Zizanie och mat voll responsabel: Vill Leit hunn den Uschloss bezuelt an de Fernseh bleift trotzdem „schwaarz“. Dat nennt een „Bedruch“ oder „Klau“.

Säit de leschten Deeg hunn honnerte vu Cliente versicht, Erklärunge vun der Mamer Gemeng a vun Eltrona ze kréien, firwat dann nach ëmmer d’Programmer net ze kréie sinn. D’Mamer Gemeng ka sech erwaarden, datt eenzel Abonnenten e Remboursement froe fir di Zaït, wou de Fernseh doheem „schwaarz“ bliwwen ass.

Et ass mëttlerweil eng Katastrof ginn: Bei der Firma Eltrona zu Hollerech hieft kee méi den Telefon op, et kritt ee Musek ze lauschteren oder et héiert een, datt d’Leitung besat ass. Di direkt Nummer fir d’„antenne collective“ ass och dauernd besat an de léiwen Här op der Gemeng Mamer (deen d’Facturation fir de Kabeluschloss verrechent) ass och iwwerfrot. Quo vadis, Eltrona? Ech bleiwen der Meenung, datt Eltrona eng ganz seriös Firma ass, eventuell esouguer dee beschte Kabelbedreiwer hei zu Lëtzebuerg.

Et ass eng „situation économiquement anormale“: Firwat brauch en Abonnent, dee scho Kabeluschloss bezillt, och nach en Decoder, fir Programmer ze empfänken? Dat sténkt no Total-Pay-TV. Falls en Decoder erfuerderlech ass, da misste jo awer eng 20, 30, 40 Programmer schonn eleng duerch de Kabeluschloss fraï ze kréie sinn.Eng Decoder-Kaart ass normalerweis op Zaït fraïgeschalt. Wat wäert no zwielef Méint zu Mamer am Kabel geschéien, falls d’Abonnenten nees eng nei Kaart fräischalte sollen? Da gëtt et op jiddwer Fall Krich mat der Gemeng, déi jo wäert weiderhin an hirer Keess de Kabeluschloss fakturéieren.Hei kann ee froen: „Ween huet ween iwwert den Dësch gezunn?“ Den Abonnent schéngt de Gelackmeierten ze sinn an ze bleiwen.

Falls bei Eltrona duerch di Ëmstellung vun de Programmer vill méi Aarbecht entstanen ass, dann hofft dach de Client, datt d’Firma weiderhin eng gutt Aarbecht mécht. Ech hu viru Joeren an enger Transportfirma geschafft an do war et Usus, falls mir vill méi Aarbecht haten, dann hu mir samschdes an heiansdo och sonndes geschafft, fir de Workload ofzeschaffen. A mir waren duerno stolz, wa mir de Match gepackt haten an ons Clienten zefridde waren.

Dat schéngt haut awer net bei Eltrona de Fall ze sinn. Ech hunn dësen Artikel geschriwwen, fir emol endlech fir dausende Cliente vun Eltrona eng kloer Äntwert ze kréien. Et ka sinn, datt meng Argumentatiounen net absolut richteg sinn; dat jo dann eben, well am Moment kee Mënsch bereet ass, dem Client eng präzis a kloer Erklärung ze ginn.

Léon Morheng aus der Stad, am Numm vu mengem eelere Familljemember, deen zu Mamer wunnt

Leo
25. November 2017 - 1.00

Installéiert Iech eng Parabolantenne an en "Riech" fir terrestrësch digital Programmen ze empfänken. Dat kascht natiirlech Geld, awer op Zaït gëtt dat vill méi bëlleg wéi en Kabelabo ! An Dir sidd a bleiwt fraï ! Make your choice, estimate the cost : you will win ! Den klengen Leo fir den groussen Poli

d'ELTRONA gett nett mei eens!
24. November 2017 - 17.45

D'Eltrona ze errechen wann keng Problemer bestinn, ass schons eng Sach vun der Onmeiglechkeet. Do hengt een Stonnelang an der Leitung. Och wann een e mail un d'Eltrona scheckt a freet vir zereckgeruff ze ginn da kann een secher sinn dat een nie zereckgeruff gett. Ech hunn virun e puer Meint dei Experienz gemat. Ech warden haut nach op de feed-back vun der Eltrona. Den Här Morheng huet Recht wann hien seet dat et misst meiglech sinn esou en Engpass Meschter ze ginn. Do muss een zousätzlech temporär Leit astellen, an och Samschdes an Sonndes schaffen. Mee wann noo an noo d'Clienten bei Eltrona ofsprangen an bei en aneren Opérateur ginn, ..............dann wärt och d'ELTRONA dat verstoen.

Jo Spautz
24. November 2017 - 7.19

D'Eltrona brengt et net fäerdeg hir administrativ Besoin'en un di technesch Entwecklungen unzepassen. Technesch hunn si de Schratt an dat aktuellt Joerhonnert gepackt, administrativ sinn si leider am leschte Joerhonnert stoe bliwwen!

Frantz Robert
23. November 2017 - 16.46

Esch haat Eltrona mei wei 10 joer awer 10 joer oder mei waren zevill bis esch gemiert dass bei der Eltrona Neicht stemmt an internet un schloss och wann dann den internet net richteg fonktionert dann krut esch gesot dir must iech mat L.OL.an Verbindung setzen. Bis esch eraus fondt hun Dad Eltrona net eierlesch ass Dun hun esch dad ganzt gekennescht an sin bei Luxembourg Online gewieselt.Esch kucken meing Programmer iwert den Internet an hun keng Problemer mei. Und tschüs Eltrona

Pingo
22. November 2017 - 14.29

Froot Iech emol fierwat Eltrona dausenden Clienten esou fier domm verkaafen kann, an awer naischt geschitt ? An, fällt de Frang ?

Wullmaus
21. November 2017 - 22.14

Eltrona ze Bartreng och eng Katastrophe. Seit Joeren,beherschen se net,all francophones programmen kloer ze senden. siff et. La Une, La Deux , La trois ,RTL 9,RTL Tvi,ect ect. Wann een urrieft un d Eltrona,ass absolute Redeverbot mat der Direktion,an Responsabelen. Weest den Herr Denzel.,Direktor vun Eltrona,eppes dovuner !!! A propos,wann man een Haus huet,an 4 bis 5 Uschloess,huet,wei am Salon,Kummeren,ect,muss een 4 oder 5 decodern hun,a karten hun,payant bien sur individuellement. Een Uschloss an1 Famillienhaus muss duergoen,um iwwerall empfang am Haus ze hun,ouni 4 bis 5 Decodern,an bezuelbaren karten an Abo ze hun fier des Haus. Dat nennen Ech. Kundenzockerei, delit en cols blancs, Monopolismus,an daat vun eiser regierung ennerstetzt.!!!

anne
21. November 2017 - 21.17

mir och hun 1 Kaart kaaft an no 10 Deeg as se och nach net freigeschallt gewiescht.Uruffen brëngt guer näicht a wann 1 dohinner geed stin Leid an der Schang do an et muss 1 gud Zeit matbrëngen

KLEIN J-P
21. November 2017 - 18.14

Hapt sach ass sie hun Geld de recht ass der ELTRONA sch.... egal.