LeserforumDignitéit & Déiereschutz

Leserforum / Dignitéit & Déiereschutz
 Symbolbild: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wéi kënne mer vu Würd an engem lëtzebuergeschen Déiereschutzgesetz schwätzen, wann Déieren emol net méi essentiell Hëllef ugebuede gëtt? Déieren, déi net adoptéiert ginn, well se krank oder al sinn, bräichten en Doheem ouni Zwinger. Dee Moment wier nees Plaz fir Déieren an den Asiler, déi säit engem Joer iwwerlaf sinn.

Et fillt sech schrecklech un, en Déier, wat an net aartgerechte Conditiounen an doduerch oft verhalensopfälleg ginn ass, mussen anzeschléiferen, well et an onsem Land keng Infrastruktur gëtt, fir esou Muppen opzehuelen a mat hinnen adäquat kënnen ze schaffen, fir se ze sozialiséieren asw. Natierlech klappt et net an all Fall, mee all Déier huet eng Chance verdingt.

Als kleng Asbl huet Amiavy net déi finanziell Mëttel, fir en Haus mat Terrain kënnen ze lounen, mee d’Asbl huet elo emol ugefaang, deenen Déieren, déi keng Chance am Liewen haten, eng lescht Plaz anzeriichten, wou se wéinstens mat Dignitéit kënne bäigesat ginn. Wéi de Pumba, deen e puer Mol gebass a keen Ënnerdaach fonnt huet. D’Kika, wat krank a net adoptéiert gouf, wat awer d’Chance hat, de Rescht vu sengem Liewe bei enger Fleegefamill ze bleiwen. De Leo, deen net aartgerecht gehale gouf a keen Ënnerdaach fonnt huet. D’Joujou, Gebärmaschinn vun engem Ziichter, wou all medizinesch Hëllef ze spéit koum.

Wéi sot den Einstein zu Liefzäiten: „D’Welt gëtt net zerstéiert vun deenen, déi Béises maachen, mee vun deenen, déi dobäi nokucken, ouni dergéint ze handelen.“

Dofir brauche mir konkret Hëllef um Terrain, fir kënnen Déieren ouni Doheem mat engem Hauch vun Dignitéit ënnerzebréngen an adäquat no hinnen ze kucken.

benschul
9. Juni 2023 - 21.41

Wann vum Déiereschutz geschwat gëtt, dann ass et meeschtens vun der klenger Miess déi am Bësch fonnt ginn ass, oder dem léiwe Mippchen, dem en halleft Ouer feelt an zu Recht aus Matleed vun engem gutthäerzege Mënsch opgeholl geet. Wien bekëmmert sech dann em eis Schluechtdéieren déi an engem Stall op d'Welt kommen, an dem Stall liewen bis se an d'Schluechthaus kommen, well mär sie zum Friesse gär hunn. Ob Kou oder Schwäin, si verbréngen oft hiert ganzt Liewen an enger Box am Stall a kréien ni de Himmel ze gesinn . Ass dat aartgerecht? Wien ass dofir zoustänneg fir de Bauer mat enger Ketten an senger eegener Box unzestrécken? Hien gëtt jo 3 x den Dag gefiddert. Ech hunn Zäiten erlieft wou eng ganz energesch Madamm un der Spëtz vun dem Déiereschutz reegelméisseg mat enger spatzer Fieder a mat enger berechtegter spatzer Zong op esou Mëssstänn higewisen huet. Et soll jo nach eng Deiereliga ginn, déi awer keng Zäit huet fir hier Aarbecht ze machen, si passen op dass keen hinnen hir 20 Millioune klaut. Zum Gléck sinn queesch iwwert d'Land duerch Privatinitiativen Gruppéierungen entstanen, déi eng formidabel Aarbecht leeschten.

paulusy
5. Juni 2023 - 16.03

Weder Amiavy noch sonst eine von den kleinen Tierschutz Organisationen hier im Land, hat die Mittel solch ein Projekt zu finanzieren. Aber es gibt eine, die es könnte aber es nicht macht. Die "Déiereschutzligue" hortet 20 Millionen und tut nichts. Schon lange hätte die Ligue einen Gnadenhof errichten können mit Platz dann auch für Problemhunde.Geld für Tierpsychologen und Pfleger wäre ja genug da. So steht dann nur ein überteuertes Gasperischer Asyl da mit Zwingerhaltung und bezahltem Personal. Dann ist es einfach auf Tierschutz zu machen,während die kleinen freiwilligen Organisationen alle Terrainarbeit machen und nur mit Spenden sich finanzieren. Das musste mal gesagt werden. Y.Paulus

Mac
5. Juni 2023 - 9.40

Eng Fro.Muss en Hond an eng Kaz an all Haus sinn,nëmme fir dass mir oder eis Kanner Spaß hunn? Wat huet e Vull an engem Käfeg verluer oder en Elefant an engem Zoo hanner Gitteren? Mussen Muppen geziicht ginn déi ett sou an der Natur niemols viirkomm wieren? Wien brauch e Kampfhond oder Rëndvéiher die sou schwéier ginn datt hir Schanken bal briechen? Dat sinn lo scho vill Froen.